Automag

Automag, 26/09/2017


Listen Later

Dat bäscht Päerd am Mercedes-Stall ass jo am Fong d’S-Klass – an déi hu se elo renovéiert, Paul?
Jo, dat Wuert “bäscht” oder “beste” krute mer op der Présentatioun zu Zürich nawell dacks ze héieren, net aleng wéngt dem Mercedes-Slogan “das Beste oder Nichts” mee geet et em d’S-Klass, dann ass dat tatsächlech fir si dee “bäschten Auto” iwwerhapt.

An dat bäscht konnt een trotzdem nach verbesseren?
Dat ass emol dat wat versicht gouf. Bon, Loft no uewen gëtt et emmer, dat hu sech d’Ingénieuren och geduecht. D’Designer éischter manner; et muss ee scho ganz genee kucken fir elo déi “nei” S-Klass ze erkennen. Dofir halen ech mech elo och net mat deene klengen optësche Retouchen op, mee klammen mol eran. Do falen direkt zwou Saachen an d’A; den digitale Widescreen-Cockpit aus der E-Klass an dat neit Steierrad. An hei mussen agefleeschte Mercedes-Fuerer a –Fans elo staark sinn; den Tempomathiewel ass elo definitiv an der Pensioun, séng Fonctioune ginn elo – am Fong banal wéi bei der Konkurrenz – iwwer Knäppercher um Steier ersat. Schued, wëll dee klengen Hiewel war praktesch an eben typesch Mercedes.

Wa mer vun typesch Mercedes schwätzen – d’S-Klass konnt sech jo do emmer vun der Konkurrenz ofhiewen!
Genee, an dat fannen ech och gutt. D’Luxusklass ass jo op däitscher Säit gutt vertrueden, Audi A8, BMW 7er – d’S-Klass konnt sech do emmer mat hirem enorme Confort ofhiewen. An dat ass och no’m Facelift bliwwen, wann net esouguer nach besser ginn. Losse mer soen, et ass eng Wellness-Oase op 4 Rieder; de Motor ass perfekt isoléiert, Fuerwierk a Rieder sinn dank Loftfiederung esou ofgekoppelt dat’s de d’Impressioun häss du géngs schwiewen, Sëtzconfort an Entertainment, esouwäit een bei den Optioune gutt akaf huet, sinn op extrem héighem Niveau. A fir de ganze Wellness-Facteur ze ennersträichen gëtt et elo serieméisseg eng nei Spillerei: Energizing Comfort. Hannert dësem fantastesche Begrëff verstoppe sech 6 Programmer Frëschheet, Wäermt, Vitalitéit, Freed a Gemittlechkeet, déi alles am Auto gezielt ofstëmmen: Klima mat Beduftung, d’Sëtzer mat Heizung, Belüftung a Massage an d’Ambiancebeliichtung esou wéi déi passend Hannergrondmusek.

Also léiwer sech an der neier S-Klass chaufféiere lossen fir dat alles ze testen oder awer selwer fueren?
Nujee, een dee mech kennt, dee weess dat ech emmer selwer hannert d’Steier muss. Mee mat der neier S-Klass heescht dat net dat’s de och selwer fuere muss. Genee wéi bei der E-Klass ass d’Thema autonom’t Fueren och hei eng Etapp méi wäit; d’S-Klass liest Schëlder, passt d’Vitesse automatesch un, hällt op der Autobunn automatesch d’Spuer a wiesselt se esouguer fir z’iwwerhuelen. Am Fong ass de Chauffeur nach just do fir alles z’iwwerwaachen. Trotzdem hunn ech Intelligent Drive mol an d’Paus geschéckt. Well et ginn nei Motoren. No 20 Joer kennt de Reihesechszylinder nees zeréck. Als Diesel am 350d mat 286 PS an als 400d mat 340 PS, all Kéiers serieméisseg mam elo iwwerschafften Allrad 4-Matic a mat der 9-Gang Automatik gekoppelt. Am Fong brauch ee soss näischt. 600 respektiv 700 Nm Dréihmoment suergen dofir dat et trotz 2 Tonne Gewiicht richteg viru geet, de Verbrauch soll awer ennert 6 Liter bleiwen. An dobäi kléngt en esou richteg gutt no 6-Zylinder, genee esou douce an zeréckhalend wéi fréiher. Eng Schëpp drop leet d’Bensinner-Versioun; hei sinn och 3 Liter Hubraum am Asaz, fir de Räscht awer e ganze Batz nei Technik. En 48 Volt Bordnetz dreift Klimakompresser a Waasserpompel, esou wéi een Zousazturbo elektresch un; sämtlech Käilrimmer falen ewech. E Startergenerator kann och nach boosten wann et néideg ass; Resultat ass een immens kultivéierten a flénke Motor deen a punkto Lafrouh a Leeschtung en 8-Zylinder net vermëssen deet.

A wann et awer ee soll sinn?
Da gëtt et och hei en neit Aggregat; de V8-Pleséier start elo eréischt am S 560 – 469 Päerd a 700 Nm – do gëtt all Wonsch erfëllt; just schued dat een de Motor quasi net héiert. Soll dat de Fall sinn, da sief engem den S 63 AMG un d’Häerz geluecht; do brabbelt elo een neie 4-Liter-Biturbo-V8 mat 612 PS – ech soe just: King of the Autobahn. An esouguer zackeg Kéieren op der Landstrooss kënnen dank AMG-Label och mat enger 5-Meter-Luxuslimousinn Spaass maachen.

A kee Spaass versti se wann et em d’Präisser geet?
Hei géing ech éischter soen: Was Lacostet die Welt, Geld spielt keine Rolex – enner 90.000 Euro leeft näischt, ronn 114.000 kascht den S560 mat V8-Bensinner, 167.000 den AMG – an dann huet een den Optiounskatalog mol nach net opgeklappt. Eng Optioun muss ech awer ernimmen a wier mer déi 7500 Euro wäert; d’Burmester Surround 3D-Hifi Anlag mat 26 Hautparleuren a 1590 Watt Leeschtung – do soen ech just wow! Mee wa wéi gesot Sue keng grouss Roll spillen, da kritt een an der S-Klass dat wat een sech erwaart; exklusive Confort a vill Wellness fir manner Stress op der Strooss.
An och déi nei Mercedes S-Klass fannt der an eisen Autopräisser an an der Fotogallerie vum Paul, surft einfach laanscht op auto.rtl.lu

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners