Automag

Automag, 27/06/2018


Listen Later

Paul, Suzuki huet vill bei hirem klenge Sportler emgekromt?

Dat kann ee soen; wa mer beim Design ufänken; den neie Swift kenne mer jo schonn zenter dem virläschte Festival, dat war schonn ee radikale Changement. Net méi déi Reminiszenzen un de Konkurrent vu Mini mee nach vill méi eegene Charakter a virun allem eng speziell C-Sail déi duerch e schwongvolle Knéck ënnerbrach gëtt. Wat bliwwen ass, dat ass de stämmegen Optrëtt an den Daach deen vum Räscht vun der Karrosserie wéi ofgehuewen ausgesäit, e flotten Designkniff. Typesch Sport sinn dann natirlech Spoiler, Schweller, Lofthutzen, grouss Felgen an den dueblen Auspuff ouni dat daat ganzt awer krawalleg ausgesäit

Also éischter dezent – dat och bannen?

Losse mer soen net zevill opfälleg an awer als Sport ze erkennen an dat ass och gutt esou. Déi rout Applikatiounen, dee rout hannerluechten Tourenzähler, dat ofgeflachtent Steier an d’Sportsetzer signaliséieren dem Chauffer wéinstens; violà, hei ass dee sportlechste Swift deen et ze kafe kënnt. Anengems gouf esou munches verbessert; de Verstellberäich vun de richteg gudde Sportsetzer an och d’Finitioun; just hei an do begéint een nach dees haarde Plastik.

Komm mer ginn emol bei dat Essentiellt – Suzuki – vun enger Mark déi och Motorrieder baut, erwaarden ech och Talent bei der Motorisatioun!


Genee esou sinn ech och un déi Saach erugaang. No relativ klenge Motoren déi hir Kraaft aus héighen Toure geholl hunn klëmmt Suzuki dann elo och op den Zuch vum Turbo-Trend a spendéiert dem Swift Sport een opgeluedene 1400er Turbo. Mee léif Fans vun den héighen Dréihzuelen, nach net kräischen! Ech duerft – fir mech natirlech den Himmel - bei der Présentatioun zu Schëtter och alleguer d’Virgänger testen, vum 2. Swift GTI vun 1990 iwwert déi 2 Generatioune Swift Sport vun 2007 an 2012. Alles Dréihuergele déi knackeg leien a richteg Laun a Spaass maachen; dat alles kann och deen neien an, dat nach besser. Méi Dréihmomentwuppes aus dem Keller léisst de Swift nach méi flénk sprinten, et ass net méi grad esouvill Schaltarbecht néideg an et huet een einfach vill méi e sprëtzegen Auto. A wann et muss sinn, dann och bis iwwer 6000 Touren. Just de Sound ass ze brav, mee do schafft Suzuki schonn un engem optionale Sportauspuff deen et an der Bälsch scho gëtt an och geschwe bei eis kënnt.

An och a punkto Fuerverhale bleiwe keng Wënsch op?

Am direkte Vergläich mat de Virgänger fält et direkt op: den neie Swift Sport ass net méi esou kompromësslos haart mee éischter méi polyvalent an alldagstauglech ginn. Ouni awer manner zackeg em d’Kéieren ze flitzen, wat dank mininale Karrosseriebewegungen a präziser a réckmeldefreedeger Steierung gutt geléngt. Och Schaltung a Reaktiounen op de Gasfouss passen do wonnerbar derbäi. E ganz groussen Effekt huet natirlech d’Gewiicht wat Suzuki op ënner eng Tonn gedréckt krut; esou treffen 140 PS op nëmmen 970 kg an dat trotz serieméisseg 5 Dieren an e Batz Confort- an Assistenzsystemer. Dat spiers de natirlech wann’s de quer oder längs beschleunegs. Iwweregens, an 8,1 Sekonnen ass dee klengen Hot Hatch op 100 an e packt maximal 210.

A wou beweege mer eis präislech?

Suzuki rifft 23181 Euro fir hire sportleche Mini op – wat kritt een do nach? Fiesta Ecoboost, Mini Cooper an Ibiza TSI leien zwar och an dëser Präiskategorie, sinn awer laang net esou gutt équipéiert, hunn trotzdem e puer Kiloe méi op de Rëpper a keng 5 Joer Garantie.

A méi Détailer gesitt der am Paul sénger Fotogallerie; ze fanne grad ewéi déi komplett Präislëschten op auto.rtl.lu

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners