Du wars op d’Côte d’Azur e Schnéimännsche bauen ?
Iddi fir Jaguar E-Pace bei bloem Himmel ze filmen… Zwee Deeg Nidderschlag an all senge Formen: Niwwel, Fissemreen, Reen, Schloreen, Schnéireen, Schnéi, Knëppelstäng… Eppes kann ech soen: den Auto ass definitiv waasserdicht an hat trotz Summerpneuen am Schnéi nach eng akzeptabel Traktioun…
Looss mech roden. De Jaguar E-Pace ass de klenge Brudder vum … F-Pace?
F-Pace koum viru gutt zwee Joer eraus… Jaguar war zwar spéit un fir e SUV ze lancéieren, mä Lektioun séier geléiert: d’Clientèle wëllt haut SUV’en, och den F-Pace ass Bestseller, nëmmen eng Fro vun der Zäit bis klenge SUV kënnt.
Basis = Range Rover Evoque
4m39 laang, also plus minus Tiguan-Format,
direkt Konkurrenz = Audi Q3, BMW X1…
Du hues elo e puer Konkurrenten genannt. An där Klass huet de Client jo wierklech en enorme Choix. Mat wat stécht de klenge Jaguar-SUV dann elo eraus?
Design!
Schmuel Luuchten, grouss Calendre, iwwert d’Schëllerligne zimlech breet, d’Daachligne déi flaach no hanne erof geet, kuerz Iwwerhäng … dat alles suergt fir en extrem sportlechen dynamesche Look.
Iddi dohannert: den E-Pace soll sech vum Sportwon F-Type inspiréieren. Et erkennt een effektiv Designelementer erëm (Form vun de Luuchten). Wierklech réusséierten Design, méi dynamesch wéi den F-Pace, a keng 1:1 Copy vum Range Rover Evoque
Den F-Pace krut jo (och vun Iech) déi zum Deel schappeg Finitioun reprochéiert. Huet Jaguar bäigeléiert?
Finitioun ass definitiv besser, obwuel ech och beim E-Pace Plaze fonnt hun (beispill Mallenofdeckung) wou ee vläicht e puer Cent méi an d’Matièren hätt investéiere kënnen. Mä egal, en ass besser verschafft wéi den F-Pace, an den Intérieur gefält mir och ästhetesch besser.
Et ass näämlech net den Tableau vum F-Pace, deen e bësse banal ass, mä den Tableau vum Coupé F-Type. De Cockpit ass da ganz op de Chauffer zentréiert, dee setzt e bëssen a senger eegener Capsule, wéi eben an engem Sportwon, an et sëtzt ee fir esou e SUV och relativ niddereg, dat passt alles!
Du hues en op der Côte d’Azur probéiert. Wier et de richtegen Auto fir domatter an d’Vakanz ze fueren ?
Wann ee mat klengem Gepäck reest! D’Mall ass net rieseg, eist Teles-Equipement esou grad dragepasst. Op der Réckbänk méi Plaz wéi geduecht. Duerch déi schmuel Fënsteren fillt een sech zwar e bëssen ageenkt, mä et ass iwwerall genuch Loft fir dass ee sech Kapp a Knéien net stéisst.
Flotte Gadget: hannen dräi USB-Prisen, vir nachemol zwou plus zwee Zigarettenanzünder. Et kënne siwen Apparater Stroum tanken, wichteg fir Elteren déi fäerten, dass hir digital Babysitter iergendwann eidel kinnte sinn.
Wéi fiert den neien E-Pace sech dann esou, am Schnéi?
Am Test = P300, 4-Zylinder Turbobensinner, 300 Päerd, kombinéiert mat 9-Gang-Automatik. Fiert sech ganz smooth, mä fillt sech awer och net wierklech no 300 Päerd un. An et feelt d’Lafkultur an de Sound vun engem 6-Zylinder. Motor huet mech elo net esou begeeschtert, et kënnt ee virun, awer ouni besonnesche Charme.
D’Stroosselag ass tendenziell méi haart. Elo net wierklech onconfortabel, mä net esou geschmeideg ofgestëmmt wéi en Audi Q3 beispillsweis. Och en X1 huet nach méi Confortreserven.
Du hues nach 10 Sekonne fir d’Präisser…
Et fänkt bei knapp 35‘000 Euro un fir e virgedriwwenen manuellen Diesel mat 150 Päerd. An um aneren Enn vun der Präislescht: de P300 Allrad Automatik an der HSE R-Dynamic fir 63'000 Euro. Op engem Niveau mam Evoque.