T E X T :
...an dat zu Starachowice. Hei huet een Erfahrung mat Bus a Camion. Di polnesch Marque Star huet hei bis 1999 produzéiert. Dunn huet di däitsch Marque MAN d’Ruder iwwerholl, a no a no zu engem moderne Produktiounsstanduert ausgebaut. Haut ginn ausschliisslech Bussen montéiert, mee Leit vum Fach ze fannen war nett schwéier well et historesch gesinn hei schonn ëmmer eng industriell Produktioun gouf.
Mir kréien eng Visite guidée mam Michel Kobringer, deen ass responsabel fir d’MAN Busproduktioun a Polen, awer och déi an der Türkei an Südafrika. Mee och wann et kulturell Ënnerscheeder an de eenzelne Länner gëtt, déi haalen hannert der Wierks Paart vun MAN op.
Hautesdaags sinn et eng 2000 Exemplairen a 600 Niederflur Chassien déi zu Starachowice montéiert ginn, dat gëtt realiséiert mat 150 Entwecklungsingenieuren an 2350 Matarbechter. Seelen sinn et zwee di selwecht Modeller déi noeneen d’Endkontroll passéieren. Logistesch eng absolut Meeschterleeschtung, an d’Produktioun muss getakt ginn?
(Cut 1...) 36sec
Bei eiser Visite krute mir op engem Tableau gewisen wou di Bussen déi d’Endkontroll passéiert hunn dann elo an den Asatz kommen. An hei kuck do deemnächst kommen och erëm bei de Lëtzebuerger Autocaristen nei MAN Stad Bussen op den Haff. D’Chauffere kenne sech dann och gläich mat deem fuschneie Gefier familiariséieren, well et sinn ëmmerhin 1300 Kilometer vun Starachowice bis op Lëtzebuerg.
A wou mir do sou duerch d’Produktiouns Haalen trëppelen komme mir natierlech och op Thema Sécherheet an de moderne Bussen vun haut ze schwëtzen, déi jo spéitstens bei schlëmmen Accidenter erëm Thema ginn.
(Cut 2...)
D’Evolutioun Bus gëtt ëmmer méi modern, och a punkto Design an Entwecklung, Stechwuert 3D?
(Cut 3...)
Zukunftsmusek déi mir mam 3D Brëll dann och vrun Aae gefouert kruten, mee déi nei Modeller vun MAN kann ee sech schonn vläicht op der Busworld Foire am Oktober zu Courtrai a Réalitéit ukucken...
Ofso Speaker. ....a Fotoen vun der MAN Busfabrik a Polen, déi kenne mir äis op www.auto.rtl.lu ukucken.