...jo an dat ass den Daniel Conrardy vun Réiden un der Atert, well deen dierf saïn Automobil Konschtwierk, e Subaru Impreza vun 2006 do an d’Vitrinn stellen?
(Cut 1...) 36 sec
Wat gouf dann alles um Auto verännert?
(Cut 2...) 33 sec
Den Subaru leit esou déif dass den Trajet fir op Essen schonn en Challenge dierft ginn?
(Cut 3...) 14 sec
Tuning, en aussergewéinlechen Hobby. Ausser Motorëmbau a Lackéirung huet den Daniel Conrardy alles selwer gemaach?
Jo, an awer sinn wéi gesot 80 000 Euro do dran gefloss. Dat ass eng Staang Geld, do sollt de Partner awer matspillen, an dat mécht deen och...
(Cut 4...) 12 sec
Vum Lëtzebuerger eriwer bei d’Essen Motor Show selwer. Déi weist Tuning Trends vum Joer ?
Genee. Vum 2. bis den 10. Dezember gëtt sech d’Welt vum Tuning Rendez-vous zu Essen. Dozou zielt och Tuning Xperience. Eng Show à part wou d’Haërzer vun de Fans vum PS Festival méi séier schloen. Nett nëmmen méi breet a méi déif zielt, och bannenan heescht et, “pimp my car”. No Chassis, Felgen, a Spoiler, elo e noblen Intérieur.
De Motorsport ass d’Virbild vun der Tuning Szeen. Awer och vrun der E-Mobilty mécht Tuning keen Halt. Fir de 50. Anniversaire gëtt natierlech och eng speziell Expo mat Super Sportsween aus 5 Jorzéngten. De Classic & Prestige Salon proposéiert ganz seelen Modeller vun Aston Martin, BMW, Bugatti, Ferrari, Ford, Jaguar, Lamborghini, Mercedes, Mc Laren, Maserati, Porsche a Pagani . Spektakulär Sportsween déi sécherlech als eng vun de groussen Attraktiounen zielen.
Vum Passé eriwwer bei de Futur, well Tuning gëtt och ëmmer méi digital.
Car Media World nennt dat sech, mat Auto spezifeschen Naviveiver, Plug and Play Klang Upgrade. Technologien fir Smartphone Apps am Cockpit.... .....
Essen Motor Show dat goung 1968 ganz bescheiden lass?
Si gouf vum Wolfgang Schöller an d’Liewe geruff. Deen hat Formel 1 Weltmeeschter, Motorsport Legenden, a vill aner Promien op Essen invitéiert krut. De 50. Anniversaire vun “senger” Tuning Foire sollt hien nett méi mat erliewen. Am Summer ass dëse leider am Alter vun 74 Joer verstuerwen.
D’Essen Motor Show, eng rieseg Spill Wiss fir Erwuessener. Vill Power a PS, an déi Kéier och mat engem Lëtzebuerger sengem Tuning Car an der Expo. Fotoen ginn et op www.auto.rtl.lu