Automag

Automag, 30/01/2019


Listen Later

Den Autofestival ass zënter dem leschte Weekend amgaang a vill Leit si schonn an de Garage passéiert. An do gëtt et deen een oder aneren Highlight ze gesinn; de Paul Origer huet eis déi haut matbruecht!

Paul, hues de däin Tour dann och scho gemaach?
Jo, effektiv war ech leschte Weekend och ennerwee, wann och net laang wëll ech net vill Zäit hat. Mee et war erstaunlech roueg! Op d’mannst emol Samschdes nomettes a Sonndes ronderem d’Mëttesstonn wou ech ennerwee war.

Du hues dech jo em eise Festivalsdossier op auto.rtl.lu gekëmmert an do ginn et wéi emmer déi eng oder aner “Highlights” déi een um Festival awer net verpasse sollt.
Genee esou ass et, wann och dëst Joer déi méi speziell Exponater sech e bëssen zeréckhalen. Soss hate bal all déi grouss Marken op d’mannst eng Avant-Première oder eng Sneak Preview vun engem Modell deen nach net lancéiert ass, heiansdo esouguer an enger Blackbox verstoppt. Abee, de Grond war dëst Joer de Salon zu Bréissel deen eréischt leschte Sonnden op een Enn goung an esou mat eisem Festival kollidéiert ass – folleglech konnten eng Parti nei Autoen net ausgestallt ginn oder kommen eréischt dës Woch.

Da verrod eis emol e bessen eppes!
Da géing ech mam éischten Elektro-Auto vun Audi, dem e-tron, starten dee bei den Ingolstädter eng nei Ära alaut. Bei BMW ginn et direkt 4 Premièren; den neien 3er, den Z4, de Retour vun der 8er-Reih an den XL-SUV X7. Citroën dréint de grousse Limousinen de Réck a lancéiert als Ersatz fir den C5 den SUV C5 Aircross. Iwweregens hu mer och zwou nei Autosmarke bei dësem Festival derbäi; Borgward a Cupra, lescht Joer huet Alpine hir Renaissance gefeiert. Eng Avant-Première a Form vun engem neie SUV gëtt et bei DS, den DS3 Aircross léist den “normalen” DS3 of. Honda weist fir d’éischt deen neien CR-V an den Elektro-Jaguar I-Pace feiert och séng Première. Bei Kia steet den neie ProCeed; dee sinn ech viru kuerzem eréischt op der Présentatioun gefuer.

De ProCeed ass elo fläit eng Ausnahm, mee et geet awer erem monter viru mat den SUV’en!
Dat kanns de haart soen; z.B. LandRover weist eis déi zweet Generatioun vum RangeRover Evoque, Lexus kritt elo an e puer Deeg direkt vu Bréissel hiren neie Kompakt-SUV UX an de Showroom, a bei Mercedes gëtt an der zweeter Festivalswoch och Zukunftsmusek a Form vum neie Stromer-SUV EQC gespillt. Bei Peugeot gëtt mam neie 508 awer d’Traditioun vun den elegante Limousine weidergefouert a Porsche presentéiert déi 8. Generatioun vun der Ikon 911 – geschwenn och hei op der Antenn méi dozou - a ronderem d’911er Story och eng extra Ausstellung um Houwald mat ënnert aneren de LeMans-Rennwon 919 Hybrid. A fir nach emol bei méi bezuelbar Autoen zeréckzekommen; e klenge Coup de Coeur steet bei Suzuki; den Jimny krut no 13 Joer endlech en Nofolger an dat ass genee esou eng sympathesch Këscht wéi virdrun. Toyota léist de Corolla nees operstoen, Seat weist eis den Tarraco och als Virpremière, grad ewéi de Mammekonzern VW, déi de klenge Cousin T-Cross presentéieren.

An e puer Marke erlaben eis e Bléck an d’Zukunft!
Richteg; bei Opel konnt ech gëschter d’Etude Experimental X gesinn iwwert déi mer och nach wäerte berichten. A Skoda huet am neie Showroom zu Jonglënster de Vision X ausgestallt, och e bëssen een Ausbléck a wéi eng Richtung den Design vun den Tschesche wäert goen.
OFSO: Also vill ze gesinn um Autofestival; a fir dat der den Iwwerbléck behalt, klickt einfach eran an de Festivalsdossier op auto.rtl.lu
Ofso / Teaser : Am Gespréich am Direkter vum Automobile Club geet tëscht 12:00 an 13:00 ë.a. och iwwer den Autofestival rieds. Eng vun de Froen déi sécher wäert optauchen: Wéi een Auto soll ee kafen? Bensiner, Diesel oder Elektro?

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners