Paul, da kucke mer nees an d’Glaskugel – déi ass bestëmmt erem gutt gefëllt!
Domat läis de richteg, allerdéngs muss ech schonn direkt soen dat ech elo och keen Hellseher sinn, mee mech op dat baséieren wat mer gesot kréien respektiv wat ech esou dorëmmer liesen. Mee emmerhinn sinn de gréissten Deel vun de Pronostique vum läschte Joer tatsächlech Realitéit ginn.
Wéi gesäit et da bei de grousse Marquen aus, ech huelen un, do passéiert am meeschten?
Dat huelen ech un wëll bei verschiddene wéi VW an och Audi war et 2017 zimlech roueg. Dofir ass awer nächst Joer beim Volkswagen-Groupe méi lass. Zum Beispill Audi, déi elo endlech nodeems BMW 5er a Mercedes E-Klass presentéiert sinn, den neien A6 virstellen. Op der anerer Säit soll och een neien A1 kommen, an zwar op der neier Polo-Plattform. SUVginn et natirlech och masseg, esou den neie Q3 an eventuell ee Q8, esouzesoen eng Coupé-arteg Versioun vum Q7. VW feiert mam Polo SUV T-Cross Première am Boom-Segment vu Seat Arona a Co. Da soll endlech deen neien Touareg kommen, dotëscht placéiert sech nach den Tiguan Coupé. Och BMW setzt voll op SUV; den X4 gëtt gelift, den X7 war fir den US-Marché geduecht a kënnt fläit och bei eis, den X5 soll och ofgeléist ginn an anengems e puer Kiloen ofspecken. Zum Gléck vergësst BMW séng Genen net a présentéiert deen neie Roadster Z4 aus der Cooperatioun mat Toyota an den neien 3er ass och drop an drun. Kloer dat Mercedes net pennt: déi nei A-Klass a B-Klass sollen 2018 um Start sinn, genee wéi deen éischte rengen Elektroauto aus der EQ-Serie deen endlech soll gewise ginn.
Ech gesinn, SUV sinn nach emmer an der Moud!
An dat hëllt net of; Ford plangt zum Beispill op Basis vum nächste Focus och een SUV deen dann den C-Max ofléise soll, bei Hyundai wëlle se zesumme mam neie Santa Fe bis 2020 am ganzen 3 nei Offroader lancéieren. Mitsubishi, Jaguar a Hyundai hunn esouguer SUV mat Elektroundriw an der Pipeline déi mindestens 300 km Autonomie verspriechen. Bei Citroën ass nach net secher op den C5 en Nofolger kritt, dofir kënnt awer een C5 Aircross, esouzesoen de brave Pendant zum DS7 Crossback. Bleiwe mer bei PSA: Peugeot start bei deene klengen mam 1008, Seat bréngt de grousse Brudder vum Ateca eraus a Rolls Royce soll mat hirem Bentley-Bentayga-Konkurrent all Moosse sprengen.
Da komm mer schrauwe mol erem e bessen zeréck; Stéchwuert Autoen déi Spaass maachen, op wat frees du dech do?
Ma do soll bei Toyota een neie Supra kommen, an zwar gouf deen zesumme mat BMW entwéckelt wat jo Fuerspaass versprécht. Dann fir de bësse méi décke Portmonni kënnt deen neie Porsche 911 deen e Stéck gewuess ass. Bei Honda gëtt gemunkelt dat een neien S2000 soll an der Maach sinn an anengems och eng Roadsterversioun vum NSX kënnt. An e Sportswon fir 4 respektiv ee Panamera-Konkurrent wëll Mercedes mam AMG GT4 bréngen. Bon an natirlech freen ech mech op schéin Autoen déi dacks aus Italie kommen; zum Beispill ass eng nei Alfa Giulietta esou eppes vun iwwerfälleg, en plus soll deen nees hannegedriwwe sinn, also Fuerspaass garantéiert. Maserati kënnegt den Alfieri als Coupé a Roadster un a wëll de Jaguar F-Type fäerten doen. Awer och Mazda kë schéin Autoe bauen, de KAI Concept huet eis jo scho gewisen wéi deen nächste Mazda 3 kéint ausgesinn. An entretemps kommen och Schéinheeten aus Schweden; Volvo kënnegt den Nofolger vum S60/V60 un - op éischten Zeechnungen gesäit dee scho ganz villverspriechend aus.
Bis dohinner kënne mer jo mol déi Autoe kucke goen déi secher bei eis kommen an zwar um Festival!
Genee, an dozou wäert ech an 3 Wochen eise Festivalsdossier op auto.rtl.lu virstellen, do kritt een dann all Info déi ee brauch.