Zenter läschtem Weekend leeft den Autfestival zu Lëtzebuerg an do war bestëmmt och deen een oder aneren aus eiser Automag-Equipe ennerwee.
Paul, du och?
Jo, tatsächlech – obwuel ech e bësse gezéckt hunn well zemols Sonndes nomëttes een deen aneren ophieft, mee et goung awer nach.
Du haas jo mam Onlinedossier scho genuch Arbecht, an awer zitt et dech op den Tour duerch d’Garagen?
Natirlech, fir mech gehéiert dat einfach derzou emol de Bols ze fillen an ze kucken wéi d’Ambiance bei de Concessionnairen ass. Ech hu mäin Tour awer dest Joer no engem bestëmmte Motto geriicht, an zwar hat ech mer virgeholl no Autoen ze sichen, déi den Autosgenéisser - esou wéi ech - kéinte glécklech maachen.
An esou Autoen sinn nach ze fannen?
Losse mer soen, wann ee kuckt wat de Gros vun de Marke lancéiert, do sinn ech heiansdo gefrust. Emmer méi kleng a méi staark opgeluede Motoren déi herno awer nach ëmmer esou vill oder esouguer méi verbrauchen, alternativ Undriffer déi awer nach ëmmer keng Alternativ sinn an dann deen Trend zum SUV. Du gesäis am Showroom hannert der Mauer vu Pseudo-Offroader scho bal déi normal Autoen net méi. Kloer ass dat héicht Sëtzen eng agréabel Saach – mee musse mer tatsächlech esouvill Material em eis hunn fir vun A op B ze kommen? A Spaass ze fueren, mécht dat secher net.
Komm eis lo net mat engem négative Bilan?
Nee, zum Gléck net! Wat mech nämlech gefreet huet, dat ass de Fait dat vill Constructeuren awer nach Ingénieuren an der Equipe hunn, fir déi Look, Leeschtung, Strosselaach a Sound nach eng Roll spillen. An do huet de Festival relativ vill ze bidden; An och Iwwerraschunge wéi bei Kia: den neie Stinger ass eng rasseg Coupé-Limousine mat esouguer engem décke 6-Zylinder ënnert der Hauf. Wou sech immens vill deet, dat ass an der Kategorie vun den “Hot Hatches”, also kompakt Autoen, meeschtens mat 5 Dieren an enger grouss Heckklapp, genuch Wuppes ennert dem Capot a mat em 30.000 Euro net grad de finanzielle Ruin. Si heesche Renault Mégane RS, Honda Civic Type R oder, de Geheimtipp vum Festival: de Hyundai i30N. Enger Marque wéi Hyundai hätt ech éierlech gesot esou eppes net zougetraut.
Elo muss jo net jiddereen den Nowuess duerch d’Géigend kutschéieren – wéi ass et bei de klassesche Sportsmaschinne mat 2 Dieren, bleiwen do just méi deier Marken?
Kloer ginn der Kategorie Dramautoen d’Gefierer mat héighem Spaassfacteur ni aus. Mee egal op Porsche, Audi, BMW oder Mercedes – ënner 50.000 Euro leeft do näischt! Zum Gléck ginn et nach bezuelbar a rasseg Coupé’en no aler Schoul; sprëch staarke Motor an hanne gedriwwen; entweder den neie Ford Mustang mat V8 oder Turbo-4-Zylinder, den Nissan 370 Z mat sexy Sechszylinder oder d’Paradebeispill Toyota GT86 respektiv den Zwilling Subaru BRZ; e Boxer ouni Turbo dee gär dréit, keen iwwerflëssege Schnickschnack a virun allem nëmmen 1200 Kilo Gewiicht. Der selwechter Philosophie follegt déi nei Alpine déi Renault um Festival ausgestallt huet; rasseg Form, sportlech déif Sëtzpositioun, en 250 PS-Turbo-Mëttelmotor an dat bäscht; nëmmen 1080 Kilo. Paradoxerweis stoung zu Gaasperech am Showroom deen neie Renault-Pickup Alaskan just vis-à-vis – an dee bréngt minimum dat duebelt op d’Wo! Kascht awer nëmmen hallef esou deier. Verdréinte Welt. De schlankste Fuerspaass-Vertrieder ass iwweregens deen neie Suzuki Swift Sport: schonn um Pabeier versprecht dat eng onheemlech Spaassmaschinn ze sinn; 140 PS treffen op 970 Kilo!
D’Gewiicht ass also de Spaasskiller Nummer 1 – wouhier kënnt dat?
Mir wëllen emmer méi Confort an Elektronik an d’Crashufuederungen ginn och emmer méi streng. Op der anerer Säit féiere mer ganz vill Technik an Equipement onnëtz spazéieren; wat maache mer mat Allrad wa mer ni am Gelänn oder an de verschneite Bierger ennerwee sinn? Muss dee schwéiere Panoramadaach sinn? Mécht de kompakte Kombi net de selwechten Déngscht wéi ee Fullsize-SUV?
Ech fir mäin Deel hoffen dat och nach déi nächst Festivalen un d’Petrolheads ënnert eis geduecht gëtt a bezuelbar a liicht Spaassautoe nach emmer ze fanne sinn.