jo 4 Modeller a kuerzer presentéiert ze kréien, dat ass schonn sportlech.
“Follow your brain” dat ass elo dee neie Marketing Slogan vun der koreanescher Marque Hyundai. Fänke mir mam klengen i20 un.
Dee gouf wierklech nëmme liicht retuschéiert. An et kennt Faarf an d’Spill. 20 verschidden Méiglechkeeten ginn et elo. Di wichtegst Nouvelle bei deem. Diesel Motorisatiounen goufen gestrach. Et bleiwen zwee Bensiner mat 1000 oder 1200 Kubik, an tëscht 75 an 120 PS staark.
Déi stäerksten Motrice ass och elo mat der 7 Gang DCT Boîte méiglech a Start / Stop de série. Bleift nach ze notéieren dass mat Smart Sense di aktiv Secherheets Assistenz Systemer elo u Bord sinn an de Navi och verbessert gouf. Sou gesinn kann ee soen den i20, elo méi sécher, intelligent a mat méi Profil.
(Virgule)
Vun engem Restyling geet beim Bestseller SUV dem Tucson riets. Hei sinn et schonn e puer Design Retusche méi. De Grill “cascade” sprengt engem an d’A , genee wéi di nei Full LED Luuchten.
Hei bleift den Turbodiesel am Programm. Et ass elo ee vun der neiester Generatioun. E 1600er Smart Stream ersetzt de 1700er. Leeschtung elo 136. PS. Op eisem kuerzen Test Parcours ass mir awer schonn opgefall dass dee gutt um Gas hänkt, méi harmonesch mat guddem Dréimoment. Performancen par rapport zum Virgänger ginn an d ‘Luucht, an CO2 Bilanz fällt nawell besser aus.
Op Mild-Hybrid gëtt och elo gesat assistéiert vun engem Elektro Moteur mat 48 Volt Technologie. An natierlech gouf och a Saachen Audio an Connectivity den Tucson op de neiste Stand bruecht. Den intelligenten Tempomat mat Stop&Go Funktioun ass och elo op Wonsch u Bord. Insgesamt kann een dem beléiften Tucson elo eng Spuer méi Premium attestéieren...
(Virgule)
Den Top Modell an der Hyundai Gamme kennt ganz nei. Di 4. Generatioun leet an der Längt zou, wierkt méi elegant an huet seng eegen Design Linn.
1,6 Milliounen Exemplairen goufe schon bis dato an Europa verkaaf.
An deem neie santa Fe asse e prima opgehuewen. Ze notéieren, en digitalen Tacho, ganz vill Assistenz Systemer, mat 5 oder 7 Sëtzplazen.
A propos Sëtzer. Am Santa Fe vun Hyundai gett garantéiert kee vergiess, well eng nei entweckelt Funktioun erkennt op Passagéier hanne Plaz geholl hunn oder nett. De Chauffeur kritt dat dann beim Erausklammen signaliséiert.
Am Moment sinn et just Bensin an Diesel Moteuren ennert dem Capot. Mee wéi beim Tucson sin Hybrid Versiounen fest ageplangt fir geschwenn an den Asatz ze kommen.
(Virgule)
Ganz spannend, am Sënn vum Wuert gett et dann mam Hyundai Kona. Electric.
Deen kann elo vun sech behapten deen éischten Kompakt SUV ze sinn mat renger Elektro Power. Glaich zwou verschidden Batterien kenne bestallt ginn. Déi eng mat 39kw/h an enger Autonomie vun 300 Kilometer. An di zweet huet 64kw/h. Di nei WLTP Norm attestéiert 482km Autonomie. Bon esou vill Zait hate mir op der Présentatioun nett. Mee deemnächst testen mir dat am Alldag.
Trotzdeem ass äis Temperament opgefall vum bis zu 204 PS starken elektresche Koreaner. 7,6 Sekonnen op 100 a nobäi 170km/h. Mat engem Super Chargeur versprecht de Konstrukteur dass an enger Stonn 80 % Leeschtung vun der Batterie erem prett wiren.
Baussen erkenne mir de Kona Elelectric un der eegestänneger Front, déi ouni Kühlergrill auskennt. Bannenan fällt engem d’Mettelconsole op déi quasi schwieft. Och op eng Schaltkuliss gett komplett verzicht.
Mee am Moment sinn Elektroautoen nach ëmmer eng héich Investitioun. Och bei Hyundai. An der Top Versioun mat der leeschtungstarker Batterie emmerhin bal 46 000 Euro…
Ofso Speaker: Fotoen vun de neie Modeller by Hyundai ginn et op www.auto.rtl.lu