Gëschter Owend am Automag op der Tele hues du nach vum klenge Suzuki Swift Sport geschwärmt, esou liicht, esou flott ze fueren, och ouni vill Päerd. An haut wëlls Du wéi et schéint dovunner näischt méi wëssen?
Effektiv an der automobiler Nahrungsketten wierklech um komplett aneren Enn ënnerwee, awer an allen Dimensiounen, vum Präis, vum Gewiicht a vun der Leeschtung. Ech hat d’Chance de Bentayga ze fueren. De Bentley-SUV war bis elo nëmme mat engem 6-Liter-W12 a mat engem V8-Diesel ze kréien. Nei am Programm ass e 4-Liter-V8-Bensinner, an deen hu mir natierlech misste probéieren, fir erauszefannen wéi sech de Verzicht op véier Zylinder dann esou auswierkt.
Du schéins et iwwerlieft ze hunn?
Et war effektiv net esouuuu schlëmm. 2 Liter manner Hubraum, 4 Zylinder manner, dat klengt dramatesch. Mä a Päerd ausgedréckt hellt sech de Verloscht a Grenzen. 550 Päerd, do brauch ee sech par rapport zu de 608 Päerd vum 12-Zylinder net zevill ze schummen . Beim Dréimoment fällt een dogéint vun 900 op 770 Newtonmeter, dat deet um Pabeier schon e bësse wéi, mä an der Realitéit spiert een deen Ënnerscheed nëmme minimal. Well 8 Zylinder bauen och e bësse méi kompakt wéi 12 Zylinder, dat heescht mam klenge Motor bleift de Bentayga ënnert 2.4 Tonnen, en ass 50 Kilo méi liicht wéi de W12, an 100 Kilo méi liicht wéi den Diesel.
Dat waren elo vill Zuelen beieneen. Dat wat mech interesséiert: wéi gutt geet de V8-Bentayga?
Potentiell Clienten brauchen net ze fäerten, et ass een definitiv net ënnermotoriséiert. Ech zitéierne elo awer nach emol e puer Zuelen. Vun 0 op 100 verginn 4,5 Sekonnen, domatter läit de V8-Bensinner genee tëscht Diesel an 12-Zylinder. Et ass schonn e bëssen hir, dass ech déi aner Motorisatioune gefuer sinn, en direkte Verglach ass also schwémä wéi gesot, beim V8 huet mir wierklech zu kengem Zäitpunkt eppes gefeelt. Positiv iwwerrascht war ech vun der Zylinderofschaltung. Wanns Du déi 550 Päerd net grad all brauchs, ginn näämlech 4 Zylinder an d’Paus geschéckt fir Bensinn ze spueren. An dat kritt een als Chauffer net mat. A propos Verbrauch: 12 bis 14 Liter, manner wéi de W12. Och d’8-Gang-Automatik schafft iwwregens extrem diskret, also vum Undriff hir ass dat alles ganz grousse Kino.
Mä et bleift awer e groussen a schwéieren Auto?
Jo, mä fir de V8 gouf d’Fuerwierk e bësse méi sportlech ofgestëmmt. Et ass natierlech kee klenge Suzuki Swift Sport, deens de an d’Kéiere geheie kanns, mä op der anerer Säit sinn ech ëmmer erem beandrockt, wéi agil sech de Bentayga trotz sengen 2,4 Tonnen fiert. An de Bentayga brengt eppes fäerdeg, wat net vill Autoen hikréien: ech sinn absolut zen, wann ech domatter fueren. Et geet duer, ze wëssen, dass ee kinnt, wann een da willt, an da brauch ee sech guer net mam nidderege Vollek an hirem opgemotze Golf GTI unzeleeën. An nach e wichtegen Detail: bei Bentley hunn se endlech op mäi Kolleg Pascal Becker gelauschtert. Hien hat sech deemols a sengem Test beschwéiert, dass ee fir esou e schwéieren Auto keng Karbonbremsen kritt. Fir de V8 ass dat elo méiglech, als Optioun.
Soss muss ee bei esou engem Auto awer wahrscheinlech net vill Optiounen ukräizen?
Bien au contraire… 75‘000 Euro Optiounen, dat extra-nobelt Lieder, déi super-sofistikéiert Soundanlag, hannen zwee luxuriéis Eenzelsëtzer, Picnics-Dëscher… Do kënnt dann awer esou munches zesummen… Um Enn huet mäin Testauto 222‘000 Euro kascht, mä mat 147‘000 Basispràis ass et effektiv déi „bëllegste“ Manéier fir Bentayga ze fueren. 30‘000 Euro méi bëlleg wéi den Diesel, iwert 60‘000 par rapport zum W12 gespuert.