USO: 1962 sinn déi läscht Borgward ausgeliwwert ginn – zenterhier war et roueg em déi däitsch Traditiounsmark. Bis se elo virun 3 Joer nees opliewe geloss ginn ass – Borgward ass nees zeréck an dat mat engem neie Modell – de Paul Origer huet e fir eis getest.
Paul, du wars zu Stuttgart, am däitsche Sëtz vu Borgward an do krut der dann och hiren neitste Worf virgestallt.
Richteg, an deen heescht weder Isabella nach Arabella, et ass keng Limousine an och kee Coupé mee – dräimol däerf ee roden – en SUV. An deem Segment fluppt et nun emol. A China iwweregens scho méi laang – 100.000 Unitéite vum BX7 a séngem klenge Brudder BX5 goufen do scho verkaf.
Halt – China? Borgward ass dach eng däitsch Mark?
Zum Deel, derhannert stécht haptsächlech de chineschesche Camion’s-Constructeur Foton an dofir ginn d’Borgward alleguer a China gebaut, méi genee zu Miyun, 60 km vu Peking.
Also een SUV méi op engem Marché dee jo scho gutt gefëllt ass?
Genee dat hunn ech mer och geduecht. Wat schwätzt fir de Borgward BX7? Den Design kënnt engem zimlech bekannt vir, hanne wéi vir nawell stark bei Audi inspiréiert. Just de Grill mam grousse Logo a Rombusform seet engem: hei steet eng nei Autosmark. Op kee Fall eng Retro-Mark, esou heescht et aus der Chefetage. Den Designer weist trotzdem houfreg op déi stark konturéiert Schutzblecher mat klengem Clin d’oeuil un déi legendär Isabella. Dat war et dann och schonn. Eisen Test-BX7 war d’Topversioun TS Limited Edition. Extra ass bausse virun allem de matte Lack deen awer irgendwéi net esou héichwäerteg ausgesinn huet. Kann ee jo och ewechlosse wann een op d’Série limitée verzicht.
Wéi geet et da bannenan virun?
Do fanne mer dann dat zweet Highlight vun der Limited Edition; de bronge Liedersintérieur an de volldigitale Cockpit. Besonnesch d’Verarbechtung soll sech vu Bëllegproduiten ofhiewen an hei gouf och net zevill versprach; näischt klappert oder rabbelt, d’Lieder ass zwar relativ haart, gesäit awer gutt aus, de Cockpit ass gefälleg opgebaut, Knäppercher erënnere stark u VW an Audi wat net vun Nodeel muss sinn an den extragrousse Navi-Bildschirm fënnt een an dëser Klass effektiv nëmme bei Premium-Produiten. Den Intérieur ass definitiv den Highlight vum BX7 - allerdéngs ass den Navi zimlech lues beim Booten, eng Sëtzlüftung gëtt et trotz Premiumusproch net an dem Bäifuerer säi Sëtzmiwwel léisst sech zwar elektresch mee nëmme längs an am Réck verstellen. Zum Leed vum Bäifuerer wëll deen hockt vill ze héich; ech froe mech op d’Chinesen do mat de Féiss iwwerhapt op de Buedem kommen. Hannert der Rénkel ass d’Sëtzpositioun ok, hannen och klassenüblech, d’Mall ass mat 545 Liter Duerchschnëtt, den elektresche Mallendeckel awer ze lues.
Esouwäit ech dat matkréien een SUV wéi vill anerer – stécht de Borgward BX7 da beim Fueren eraus?
Bon, de Choix bei de Motoren ass séier gemaach: et gëtt et just een, een 2-Liter Turbobensinner aus eegener Produktioun. 224 PS an 300 Nm leescht en. Dat kléngt um Pabeier net schlecht, mat permanentem Allrad, Automatik an 1850 Kilo am Gepäck kënnt de 4-Zylinder awer viif u séng Grenzen. Resultat ass eng automatesch Boîte déi bei e besse méi sportlechem Fuerstill nervös erop an erofschalt an de Motor dröhne léisst. An de Verbrauch an d’Luucht dreift; tescht 11 an 12 loung d’Moyenne laut Bordcomputer, dat huet mat den 8.9 Liter aus dem Prospekt net vill ze dinn. Mee sportlech well de BX7 souwisou net beweegt ginn, dofir ass d’Steierung vill ze liicht an indirekt, de Bremse feelt Bëss an d’Fiederung ass ze schaukeleg. Also éischter een SUV fir gemittlech ze cruisen. Mee dat gëtt et bei anere Marken och.
Bleift also nach eng Chance fir de Borgward BX7 – säi Präis?
Bis elo gëtt et just ee Präis, an dat ass de BX7 an der Topversioun TS als Limited Edition an do hätt Borgward emgerechent gäere selbstbewosst 43.300 Euro dofir. Vill Suen, zemols et ganz vill, gutt équipéiert an esouguer méi gënschteg Alternative vun établéierte Marken wéi z.B. Mazda CX-5 oder Ford Kuga gëtt - an déi hunn däitlech méi Charakter an ausgeräiften Technik. Sorry Borgward, mee esou gëtt de Comeback schwéier.
A wann der ierch de Borgward BX7 emol ukucke wëllt, dem Paul séng Fotogallerie fannt der wéi gewinnt op auto.rtl.lu