R T L Automag
Méindeg: 03.12.2018
U S O :
...LEGO, jo dees bréngt de Kleeschen dëser Deeg erëm bestëmmt bei vill brav Kanner. LEGO war awer am Oktober och Partenaire vum Mondial de l’Auto zu Paräis, an hat eppes aussergewéinleches op d’Rieder gesat.
E Bugatti Chiron, deen aus LEGO Stecker zesummegesat gouf, an och tatsächlech fiert.
De Christian Schmit hat sech dat an der Seine Metropole ugekuckt an erkläre gelooss.
T E X T :
...jo an dat mat deem ukucken, dat war guer nett einfach. Well de Bugatti Chiron by LEGO war belagert vun Familljen mat Kanner an ass permanent geknipst ginn.
LEGO zu Billund an Dänemark doheem, zielt an sech wann ee sou well zu de gréissten Auto Produzenten?
(Cut 1...) 18sec
A mam Emilie Calm vum Marketing mat den Detailer zum Bugatti Chiron aus LEGO Stécker...
(Cut 2...) 30sec
Getest gouf des Créatioun vum Andy Wallace, den offiziellen Test Pilot bei Bugatti. Eng aussergewéinlech Experienz?
(Cut 3...) 25sec + 15sec
Do ass dat berühmt “Kind im Manne” erëm erwächt. Quasi alles ass aus LEGO Piècen, och bannenan?
(Cut 4...)
Ganz laang gouf un deem Défi tëscht Bugatti a LEGO geplangt, deen elo an Dänemark an och an Tschechien zesummegesat gouf.
A vun Paräis aus goung et dunn op Welt Tour. En Unikat, dëse Bugatti Chiron aus 1 Millioun Lego Stécker.
An d’Saison fir si ass voll am Gang, a wien weess vläicht bréngt de Kleeschen jo tatsächlech esou e Bugatti. Well dee gëtt et en Miniature fir zesummen ze setzen an hirer Gamme...
Ofso Speaker:
...a Fotoen vun deem exklusive Stéck aus LEGO, gesinn mir op www.auto.rtl.lu