Automag

Automag: Caravan Salon zu Düsseldorf, 04/09/2018


Listen Later

R T L Automag
Dënschdeg: 04.09.2018 / Rediffusioun: 08.09.2018
U S O :
...an de nächste Minutten geet d’Rees op Düsseldorf, do wou de leschte Weekend en de 57. Caravan Salon op en Enn goung.
Nom Motto, no der Vakanz ass virun der Vakanz, konnt ee sech hei Appetit op Trends an Tendenzen fir eng onofhängeg Vakanz op 4 Rieder huelen.
Fir den RTL Automag war de Christian Schmit dohin.

T E X T :
...an och dëst Joer hat de Caravan Salon zu Düsseldorf erëm all Dimensioune gesprengt. Dat bei der Ausstellungsfläch a bei de Visiteuren aus alle méigleche Länner.
Di ganz Branche inklusiv Accessoiren ass hei vertrueden. Natierlech gëtt op esou engem Salon nett nëmme gekuckt mee och gestaunt an och bestallt. Zu der Aberzuel u Vendeuren bei de Marquen zielt och e Lëtzebuerger, de Jerôme André, dee schonn vu Kand un op de Salon kennt.
Camper a Caravane Branche boomt. Wat mécht dann de Reiz aus fir op 4 Rieder a wéinege Quadratmeter seng Vakanz ze verbréngen?
(Cut 1...)
De Star vum Salon sollt déi Kéier och tatsächlech e Stär um Kühlergrill hunn. Op Basis vum Mercedes Sprinter huet de Camper Spezialist Hymer den elo am Programm.. Do wou eise Letzebuerger op Clienten waart.
Vun Fueren an enger neier Dimensioun geet do riets?
(Cut 2...)
Mir konnten en och kuerz fueren a freeën eis elo schonn op de méi laangen Ausflug. Prototypen goufen och gewisen. De Mercedes Camper mat der Brennstoff Zellen Technik oder den E-Home Coco bei Dethleffs. Eng Roulotte mat Elektromoteur...
Vill Marquen wëllen am Camper Business mat verdéngen. Nett nëmme méi just um Fiat Chassis gëtt opgebaut, Neen och Ford, Citroën, Peugeot, Renault, VW a neierdéngs elo deenen hir Duechter Firma MAN.
Vum klengsten Ënnerdaach op enger Achs bis zum Top Luxusliner fir Budgeten wou anerer eng Villa am Süden kafen, stoung zu Düsseldorf erëm alles prett. A fir de Lëtzebuerger muss et wéi beim Auto Premium sinn?
(Cut 3...)
Dräi Modeller sinn engem besonnesch an d’Aa gesprong. Den Transporter an Hotel anengems fir Moto Freaken op Citroën Jumper Basis, an den Retro Jumper mam Wellblech Look wéi dee vun 1948 aus enger italienescher Designer Schmëtt.. Oder nach de Peugeot Rifter am Outdoor Look mat 4X4 Technik vun Dangel, an 8 Zentimeter méi Buedemfraiheet..
An och eng gutt Partie Lëtzebuerger pilgeren all Joer op de gréissten Campar a Caravanne Salon an Europa.
(Cut 3...)
“In der Welt zu Hause”, esou war d’Editioun 2018 iwwerschriwwen. A vill Leit trauen sech mat hirer Wunneng op Rieder eraus an d’Welt.
Ganz weit, wéi de Kostya Abert mat sengem Traum Touren Kino erëm um Caravan Salon gewisen huet. Well deen traut sech a Géigenden wou nach ni ee mam Camper passéiert ass...

Ofso Speaker:
...an e puer Imressiounen vun der gréisster Foire fir Camper Caravannen huet de Christian och matbruecht. Alles dat op www.auto.rtl.lu

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners