14/11/2018 AUTOMAG Cupra Ateca (16h15) P. ORIGER
USO: Cupra - Enner Seatfuerer besser bekannt als déi sportlech Topversioun gett elo eng eege Mark a gouf elo mat hirem éischte Modell Cupra Ateca ageweiht. Wat stécht hannert der Mark an hannert dem Auto - de Paul Origer seet eis dat.
Paul, also net méi Seat mee Cupra - wat well déi spuenesch Autosmark domat erreechen?
Cupra ass jo am Fong d’Ofkierzung vu Cup Racing a betrefft domat exklusiv déi sportlech Dérivéen aus der Seat-Gamme. Deen enorme Succès vum Leon huet Seat dozou inspiréiert mat enger separater Mark nach méi esou Modeller ze lancéieren. Hir Positioun ass däitlech tescht Mass- a Premium-Produiten, den Zilclient ass den Autofuerer dee keen Auto wéi all Mensch well an net gär op Leeschtung verzicht.
An dofir leeft Cupra komplett vu Seat getrennt.
Richteg, vun de Bureauen bis bei d’Finanzen ass Cupra fir sech an dofir gouf et och een neie Logo. Kee geschwongene Buchstaw mee een zimlech martialescht Markenzeechen wat fir mech nawell grimmeg an aggressiv ausgesäit. Bon, Affaire de Gout.
An deen éischte Cupra dréit dann och dese Logo?
Jo awer hannendru verstoppt sech kee komplett neien Auto mee schonn ee gudde Bekannten - Cupra huet sech nämlech de Seat Ateca virgeknäppt. Kloer, de SUV verkeeft sech de Moment am bäschten an een hallefwegs bezuelbare kompakte Power-SUV gett et nach net. Allerdéngs gouf sech d’Saach och e bessen einfach gemaach. Well vu wäitem ass et een Ateca wéi all aneren, méi no gekuckt falen déi geännert Logoen am Koffer, Pare-Chocen, Schweller a Felgen op. Hanne léisst e mat 4 décken Auspuffréier an engem Spoiler séng Muskele méi offensichtlech spillen. Bannendra bleift de Cupra Ateca nach méi diskret - bis op d’Steierrad, den digitale Cockpit, d’Pedalerie oder d’Setzer ass et een normalen Ateca.
Wat sech hoffentlech ännert wann ee fiert!
Wann een déi technesch Donnée liest, da scho mol jo! 300 PS, 247 km/Stonn Spëtzt, 5,2 Sekonne bis op 100, dat ass schonn eng Uso. A beim Fuere war op d’mannst emol ech net enttäuscht. Mat Launchcontrol geet de Cupra Ateca fort wéi eng Kanounekugel, den Allrad 4Drive suergt dofir dat déi 300 PS och de Wee bis op de Macadam fannen. Déi serieméisseg DSG peitscht zemols am Cupra-Modus déi 7 Gäng zackeg duerch, de Sound kennt authentesch aus deenen henneschte 4 Réier an net gekünstelt aus der Hifi-Anlag. E besse paradox mee fir ee gutt Fuerverhalen war et néideg den Ateca 10 mm méi déif ze leen. Effektiv bleift de kompakte SUV duerch en adaptivt Fuerwierk zemols an de Positioune Sport a Cupra fräi vu Schaukelbeweegungen, dat héicht Setzen léisst op d’mannst emol bei mir awer kee sportleche Feeling opkommen. Och ass d’Steierung mer dofir ze liichtgängeg, déi flott Schuelesetzer gesinn no méi Säitenhalt aus wéi se bidden an de Sound ass trotz 4 Tröten e bessen denn. Wat passt, dat ass de potenten an dréihfreedegen 2.0 TSI dee mer aus Golf GTI a Co kennen, mat deem Iwwerhuelvirgäng spilleresch ze bewältege sinn. Esoulaang d’DSG emmer de richtege Gang fennt a sech net verhaspelt wat mol beim Kickdown passéiere kann. Natirlech kann en och brav am Comfort-Modus mat 130 iwwert d’Autobunn. Mee dat kann de Seat-Zwilling och a méi gënschteg. Fest steet awer, de Cupra Ateca ass dee coolsten Ateca deen ee kafe kann.
A wahrscheinlech och deen deiersten?
Am Fong logesch; xx.xxx Euro soll e kaschten, obligatoresch sinn dann nach Optiounen wéi Schuelesetzer … an da komme schonn xx.xxx Euro zesummen. A wien de Cupra Ateca artgerecht beweegt, deen dierf dacks tanken; tescht 10 an 12 Liter geneemegt sech den 2 Liter Turbo nawell gär. Allerdéngs ass de Verglach schwéier well et keen direkte Konkurrent gett. Ze kafe kritt een de Cupra bei eis just bei 2 Seat-Concessionnairen déi extra dofir ee Cupra-Corner mussen ageriicht hunn.
OFSO: An natirlech kënnt der ierch den neie Cupra Ateca och ukucken. Dem Paul séng Fotoe an d’Präisser fannt der op auto.rtl.lu.