Automag

Automag: De neie Kia Stinger, 31/07/2018


Listen Later

Paul, de Stinger ass ee Kia wéi et anscheinend nach kee bei hinne gouf!
Ganz genee! Gehéiers du och zu der Kategorie Autoskeefer déi éischter op de Bauch oder d’Häerz wéi op de Kapp lauschteren? Dann ass de Stinger fläit eppes fir dech. Esoulaang wéi ech mech fir Autoen interesséieren huet nach ni eng koreanesch Mark et fäerdeg bruecht een Auto ze bauen, no deem ech mech an och Passanten an aner Autofuerer sech emdréinen. Abee de Stinger ass esou ee Kandidat. An et ass zum Gléck mol emol kee SUV, mee eng Limousine, an zwar eng mat Fastback. 4m83 laang an awer nëmmen 1m40 héich duckt sech de GranTurismo sat op dem Macadam. De Bléck ass grimmeg, déi hënnescht Luuchten elegant, d’Silhouette verführeresch, déi falsch Entlëftungslächer un de Flanken an um Capot verspillt. Hei huet een sech wierklech ameséiert en Auto fir Carguys a Petrolheads ze zeechnen.

An dat geet bannenan och esou virun?
Absolut, de Cockpit ass flott gemaach a gëtt vun de ronnen Loftdüsen an der Mëtt dominéiert; d’Instrumenter si keen digitalt Gespills mee klassesch mat richtegen Zären. D’Sëtzer si grouss dimensionéiert, confortabel an d’Sëtzpositioun sportlech déif. Vir sinn definitiv déi bäscht Plazen, hannen vermasselt déi schéi Form dann awer d’Kappfräiheet. A wa vir e Lulatsch vu méngem Format sëtzt, dann ass et och mat der Beefräiheet grad esou wéi mam Foussraum eriwwer. Hannert dem grousse Mallendeckel bleift och nëmme Plaz fir 406 Liter, dat ass net terribel fir e bal 5 Meter laangen Auto. Mee een, dee sech an de Stinger verléift huet, verzeiht dat villäit.

An d’Léift verblatzt net wann en de Motor start?
Am Fall vun eisem Testauto bestëmmt net. Dat war zum Gléck d’Topversioun GT déi keen Affer vum Downsizing gouf mee aus dem Volle schäfft. V6 an 3.3 Liter, per Turbo op 370 PS a 510 Nm opgeblosen. An déi maachen aus dem knapp 1900 Kilo schwéiere Stinger eng Rakéit. Egal op aus dem Stand oder beim Iwwerhuelen, Reserve si masseg do. Wann et muss sinn a 4,9 Sekonnen op 100 a maximal 270 pro Stonn séier. Dat si Fuerleeschtunge wéi een se soss am S-, M- oder AMG-Rayon fënnt. Iwwerdroe gëtt d’Leeschtung via eng 8-Gang Automatik an Allradundriw – Traktioun ass deemno keen Thema, just d’Boîte geréit bei sportlecher Fuerweis mol un d’Ruckelen. Stroosselaach kann de Stinger dogéngt gutt, d’Steierung bitt e flotte Feedback an agéiert extrem präzis, allerdéngs spiert een a séier gefuerene Kéieren dat do bal 2 Tonne matschaffen. Dofir läit de Stinger bei laange Strécken extrem sat op der Strooss, näischt rabbelt oder klappert, déi laang Iwwersetzung vun der Automatik hällt d’Touren agréabel niddereg an d’Fiederung huet trotz 19-Zoll-Rieder esouguer gutt Schlécktalent. De Motor iwweregens och; enner 11 Liter leeft näischt, gutt gefuer rauschen 12 a méi duerch d’Asprëtzanlag. An enttäuscht huet de Sound; trotz 4 groussen ovalen Tröten kënnt hanne just diskret Gemurmel eraus. Mol net de Sportmodus verschaft dem Stinger de Klang deen e verdéngt hätt.

Eng grouss Limousine mat vill Technik a Leeschtung, dat ass bestemmt och net geschenkt.
Dat secher net, de Stinger ass deen deierste Kia deen ech bis elo gefuer sinn. Bei 44.480 Euro geet et lass, ronn 52.800 Euro kascht de GT, fir ee Kia vill Suen, fir dat wat ee kritt awer absolut net. Eng exzellent Soundanlag vun Harman Kardon, Navi, LED, alles vun elektreschen Heinzelmännercher wat et gëtt, Assistenzsystemer an eng 360 Grad-Kamera déi bei der miserabler Iwwersiicht och absolut néideg ass. Just den Tempomat mat Ofstandsradar hunn ech mer soss enzwousch gewënscht; op der Iwwerhuelspuer bei fräier Pist huet deen emmer gemengt mussen an d’Eisen ze goen wa riets ee gefuer ass. Do ass dann nach Loft fir Verbesserungen.



...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners