T E X T :
...a stoung an der Hal 14 virun deene Kolossen déi ronderëm de Globus ënnerwee sinn, an allen Uspréch gerecht ginn. Eigentlech brauch e kee Wee a kee Stee, en Horizont geet duer?
(Cut 1...) 32sec
...seet de Stefan Wirtz, de Chef vun Action Mobil zu Saalfelden an Éisträich. Eng Manufaktur do wou grad emol 4 Exemplairen pro Joer fäerdeg ginn. Luxus mat der 4 X 4 Technik kombinéieren, déi et engem erlaabt op déi ofgeleeënst Plazen ze fueren. Well op iergendeen ugewisen ass ee mat esou engem Expeditiouns Allrad Camper nett?
(Cut 2...) 40sec
Wien am Offroad Beräich ënnerwee ass, muss op eng qualitativ héichwäerteg a robust Carosserie ziele kennen. Déi och a verschiddene Klima Zonen zuwee kennt, an deementspriechend adäquat isoléiert an dicht ass. Op Warmwaaserheizung, Solar Panelen, a Klimaanlag muss och nett verzicht ginn. En mobilt Haus op Rieder an deem mir do setzen, 15 Tonne schwéier, mee mir hunn nach méi grouss Gefierer am Portfolio, esou de Stefan Wirtz.
Wien well oder brauch esou en individuell ofgestëmmten Offroad Camper?
(Cut 3...)
Op Event a Séminaire Reesen kann ee saïn Dram Camper besser kenne léieren, sech erun taaschten zu wat deen am Stand ass. Fuer Praxis gëtt et do gewéinlech am Maroc.
Mee et muss jo nett ëmmer “hors piste” goen. Do wou e Camion hin dierf kann ee mat engem Offroad Camper vun Action Mobil och fueren.
An dann verzielt mir de Stefan Wirtz dass d’Buch mat de Commanden gutt gefëllt ass, an een elo schonn bal 2 Joer waarde misst bis zur Ausliwwerung. Individuell Wënsch brauchen Zäit an en adäquat gefëllte Porte Monnie. Mir beweegen äis an enger Präis Skala vun tëscht no bäi 400 000 an 900 000 Euro...
Dat ass awer muncherengem dat lescht Stéck Fräiheet op eiser Äerd wäert. De Stefan Wirtz zitt et nawell gären heifir an de Namibia?
(Cut 4...)
Ofso Speaker:
Fotoen vun esou engem Expeditiouns Camper kenne mir äis op www.auto.rtl.lu ukucken.