Kee Glaspalast, keng deier Plättercher a keng opwenneg Beliichtung – d’Garage 11 verstoppt sech am total onglamoureusen Deel Hamm zu Hamburg nierft engem Discounter an enger Tiefgarage. Et muss ee sichen fir déi zimlech verranzte Garagepaart mam klenge Schëld ze fannen. Esoubal se awer opgeet, gluckst all Youngtimer-Fan d’Häerz – de Jens Seltrecht huet hei seng Passioun zum Beruff gemaach:
Cut 01 2017_Garage11_01Anfang 20”
Onscheinbares wéi e VW Polo G40, Audi V8 oder BMW 3er Cabrio, exotesches wéi Studebaker Avanti, Honda Beat oder Ghia 230 s oder ëmmer nees gesichte Klassiker wéi Käfer Cabrio, Porsche 911 oder Volvo Schneewittchensarg – de Jens Seltrecht huet alles do. Dobäi fiert heen ëmmer no engem Critère:
Cut 02 2017_Garage11_03Einkaufskriterium 27”
Deemno spillt also ganz vill Häerz a Bauchgefill mat – heiansdo deet et him dann och déck wann en en Auto ewechginn huet.
Cut 03 2017_Garage11_04Selbstbehalten 30”
Wann een esou duerch Hamburg fiert, begéint een nawell dacks méi oder manner al an historesch Gefierer – d’Clientèle vun der Garage 11 kënnt trotzdem vun e bësse méi wäit hir, esouguer e Lëtzebuerger hat beim Jens Seltrecht schonn emol säi Gléck fonnt.
Cut 04 2017_Garage11_07Kundschaft ca 30”
Fir d’Garage 11 définéiert sech e Klassiker iwwert e puer Elementer; Design, Charakter, Motor, – kuerz: eng Identitéit mussen se hunn. Esou kënnt et vir dat och emol méi nei Modeller wéi Audi TT oder Renault Avantime de Wee op Hamm fannen. Allerdéngs ginn déi aktuell Autoen ëmmer méi verwiesselbar, gläiche sech wéi een Ee deem aneren – geet engem do d’Wuer fläit geschwënn aus?
Cut 05 2017_Garage11_08ZukunftAutos&Kunden 37”
All deenen aneren déi nach e Minimum vu Bensinn am Blutt hunn sief e Besuch beim Jens Seltrecht recommandéiert, och wann déi stramm Präisser een nees séier op de Buedem zeréckhuelen. Mee dreeme kann ee jo ëmmer.
OFSO:A fir de Virwëtz endlech ze stoppen kënnt der entweder op www.garage-11.de laanschtsurfen oder op auto.rtl.lu dem Paul séng Fotogallerie ukucken.