En Equipement dee mer am Fong all Kéiers benotze wa mer mam Auto fueren an dofir haut schonn eng Selbstverständlechkeet – den Autoradio!
Genee, an dobäi war dat net emmer esou. An den 20er Joeren koumen déi éischt, ennert anerem am Ford Model T an 1932 gouf op der Internationaler Funkausstellung zu Berlin deen éischten Autoradio an Europa virgestallt. An zenterhier war en Autoradio eigentlech emmer eppes Extras, jo am Fong e richtege Luxus. Och an den Zäiten wou ech ugefaang hunn mech fir Autoen ze interesséieren, Enn 80 Ufanks 90 war et schonn emmer esou dat een neien Auto héchstens e Précablage fir de Radio hat, de Schlitz blouf awer eidel, genee wéi d’Plaze fir d’Hautparleuren.
An do huet een da missen déif an d’Täsch gräifen!
Oh jo, nodeems verschidde Systemer am Auto ausprobéiert goufen, sief et e Radio aleng, oder esouguer mat Plackespiller wat Enn vun de 50er ausprobéiert gouf, iwwert den 8-Track, eng déck Kassett mat 8 Spueren déi an de 60er a 70er zimlech populär war bis schliesslech bei d’Compact Kassett wéi se haut och quasi total verschwonnen ass. Ech ka mech nach erënneren dat e richteg gudde Radio mat mickrege 4 x 15 Watt Leeschtung, Kassett an RDS-Tuner (deen den Numm vum Sender ugewisen huet), am léifsten och mat Auto-Reverse wou en net huet missen d’Kassett dréinen, virun 30 Joer awer gutt a gär 250 Euro a méi kascht huet. Am Verglach; haut kascht ee Radio mat minimum 4 x 50 Watt, CD, USB a Bluetooth-Fräischwätzanlag manner wéi d’Halschent. An dann hat een deemols nach keng Lautsprecher; do huet misse gekuckt ginn, wou kann een se abauen, wéi grouss kënnen se sinn; 10, 13 oder 16 cm waren déi gängeg Mossen. A ween nach Suen zevill hat, konnt sech dann och nach ee Verstärker leeschten. Op Autosalonen konnt een da staunen wéi esou richteg Freaks sech ausgetobt hunn; do gouf et Autoen, déi waren esou voll gestoppt mat Boxen a Verstärker dat bei vollem Opdréinen den Daach gebiewt huet oder carrément d’Fënsteren erausgeflu sinn!
D’Technik huet dann och nach emmer virun evoluéiert, wëll do koum jo op eemol d’CD!
Richteg, dat war dunn den totale Summum fir a séngem Auto een CD-Player ze hunn. Ech ka mech erënneren dat deemols Renault esou e Sondermodell vum Clio erausbruecht huet, de Clio Disc, deen een CD-Radio serieméisseg hat. Obwuel déi éischt CD-Player net grad frou mat schlechte Stroosse waren a permanent gespronge sinn. Besser an nach méi luxuriéis waren déi éischt CD-Wiessler; déi déck Këscht an der Mall wou mer dann Magaziner mat 6, 10 oder 12 CD’en dragepakt hunn an esou während 10 Stonne nonstop Musek konnte lauschteren.
Den Auto zum Concerts-Sall emfonctionnéieren war och schonn demols bei ville Marken eng wichteg Aufgab!
Op jidde Fall; besonnesch bei deenen deieren Autoe war dacks schonn eng gutt Anlag mat mindestens 4 Hautparleuren, zum Deel esouguer ee separate Verstärker an – typesch fir d’80er – een Equalizer mat dran. Wee kennt dat haut nach? Dee klengen Apparat mat enger Dose Schieber fir de Klang anzestellen. Dat huet vill Sue kascht a war de Must fir all Hifi-Freak. Och waren déi optional Radio’en ab Wierk emmer immens deier; wann ee bei Mercedes zum Beispill ee gudde Becker-Radio an der Optiounslëscht ugekräizt huet, da waren emgerechent mindestens 500, dacks esouguer 1000 Euro fälleg. Déi automatesch Antenn war dann meeschtens nach een Extra!
Haut si mer dogéngt komplett verwinnt!
Absolut; entretemps hu mer alles hannert eis geloss, weder Kassett nach CD, an och de kuerzen Optrëtt vun der MiniDisc spillen haut keng Roll méi. Vill Geräter hu mol kee Lafwierk méi; d’Musek kënnt voll digital vum Stick, vum MP3-Player, vum Handy oder online. Grouss Marke wéi z:B. Bose hu schonn eng laang Traditioun am Beräich Auto-Hifi. Well et muss ee bedenken, fir dat et an engem Auto esou gutt kléngt wéi doheem an der Stuff, muss vill berechent a geplangt ginn. Kleng Flächen, net vill Méiglechkeeten fir Lautsprecher anzebauen, Glas wat reflektéiert, Blech wat resonnéiert, do ass vill Kappzerbrieches verlaangt. Do sinn ech dann emmer erem iwwerrascht wann ech entdecke wéivill nei Marken an dat Geschäft mat eraklammen; établéiert si scho méi laang natirlech Bose an Harman-Kardon, gutt ennerwee an dat besonnesch am Luxus-Segment ass awer och den däneschen Edel-Fabrikant Bang & Olufsen, awer och aner Marke wéi Dynaudio, JBL, Rockford Fosgate a Burmester sinn bei villen Autosmarken ze fannen. An esouguer den deieren High End-Beräich mécht do keng Ausnahm; Linn, Naim oder Mark Levinson sinn établéiert Marken aus dem audiophile Beräich; si fënnt ee bei Aston Martin, Bentley a Lexus.
Du schéngs jo dorop bal esouvill Wäert ze leen wéi op de Motorklang?
Losse mer esou soen; wann’s de mam Auto laang Strecken ennerwee bass, dann ass dat déi perfekt Plaz fir intensiv Musek ze lauschteren ouni dat’s de iergendeen domat stéiers. Du kanns do esou richteg andauchen an dat genéissen, zemols Nuets wa keen op der Strooss ass. Ech hat do schonn Testautoen, do war dat ee richtege Genoss; de Summum war natirlech an der iewechter Präiskategorie; Bentley verbaut zum Beispill 18 Hautparleuren an eng Leeschtung vun iwwer 2000 Watt an engem Continental, donierft suergt een digitale Soundprozessor fir déi richteg Klangambiance. Aner Marquen benotzen esouguer d’Stereoanlag am Auto fir stéierend Fuergeräischer ewechzefilteren. Mee och a méi bezuelbaren Autoen huet een haut schonn Anlagen mat 10 a méi Lautsprecher; dacks opgedeelt an Déif-, Mëttel- an Héichtéiner déi iwwerall am Auto verdeelt sinn an zesumme mat engem Centerspeaker um Tableau an engem Subwoofer fir Sound wéi am Kino suergen. Leider sinn esou Systemer dacks eng immens deier Optioun vun e puer dausend Euro; et kritt een awer ëmmer méi Systemer déi enner 1000 Euro leien a richteg gutt kléngen.