Gudde Mëtteg. Jo Hyundai Motors huet jo schonn mat senge Modeller Santa Fe, Grand Santa Fe, an Tucson zwee Eisen mam SUV Feier leien. Mat enger Approche méi progressiv soll de Kona elo zu nach méi Attraktivitéit vun der Marque bäidroen, an esou soll et da klappen mam Objectif 2021 déi erfollegraichst asiatesch Marque an Europa ze ginn.
Stylestesch gelongen, fällt en op an der masse mat enger Design Linn déi dat Progessivt ënnersträicht. Vun vir nach méi prononcéiert wéi hannen. Eng zweefaarweg Carosserie an vill Fuerwen mat Pep droen hiert och dozou bäi.
De kompakten SUV ass zwar just 4m 17 laang, mee 1m80 breet, an doraus erginn sech dann agréabel Plazverhältnesser bannenan. Op de viischten Sëtzer ass ee gut opgehuewen, obschonn d’Sëtzfläch fir eis Mëtteleuropäer e Steck méi laang kéint sinn. An déi di hannen matfueren mussen sech och nett bekloen. An d’Mall passen 361 Liter ,wat ok ass, an je no Sëtzkonstellatioun 1500 Liter.
Och bannenan ginn Fuerw Akzenter gesat, enner anerem um Amaturebried, a bei de Secherheetsgurten déi rout waren, vlaicht well den Testauto och roud metallic wor.
De Plastik ass nett iwerall agréabel untzepaken, dat kennen aner Marquen besser.
Op der Mëttelconsole ass et den 8 Zoll Ecran mat Infotainment System iwer dee Villes gesteiert ka ginn. Mee bei Klimaanlag an Audiosystem vetraut Hyundai op Knäppecher. Huet de Virdeel dass ee sech net duerch e sellechen Sous-Menuen muss duerch scrollen.
D’Amaturebried présentéiert sech iwersichtlech, an ais Versioun hat esouguer en Headup Display.
De Kona kann vun sech behapten en echten SUV ze sinn mat 4X4 Eegenschaften. De Client huet zumindest de Choix, och wann et mam klenge Koreaner nett permanent an de Bësch fiert Allerdengs gëllt dat just fir Top Motorisatioun. Déi kleng 1000er 3 Zylinder ginn just mat traction avant ugebueden.
E gudde Choix ass 7 Gang DCT Boïte. Dank duebler Kupplung passen d’Iwergäng fléissend an ouni Denkpaus.
Déi Automatik harmonéiert agréabel mat der Top Motoriséirung. Eis stung den 1.6 GDI Bensinner mat 177 PS zur Dispositioun. E ganz viven Gesell deen de Sprint op 100 an knaps 8 Sekonnen pakt, an eréischt bei 205 km/h raute wénkt. 265 Nm Dréomoment schon bei 1500 Touren, Respekt!
Do staunt munchereen nieft iech op der Autobunn.. A punkto Handling gett sech de Hyundai Kona ganz agil, a léisst sech nett esou séier aus der Rou brengen. D’Lenkung ass wuel präzis, mee bei der Reckmeldung zum Makadam sëcherlech nach Loft no uewen.
D’Fuerwierk ass éischter sportlech ausgeluegt.
Naischt Neits a Sachen Verbrauch. Prospekt a Réalitéit leien wait auserneen. Hyundai annoncéiert 6,7 Liter, eisen Testverbrauch louch bei 8,4.
Schloen mir nach d’Praislëscht op. Do huet sech jo an tëscht och erem geschwat dass Hyundai nett méi onbedengt am ënneschte Praissegment ze kréien ass.
Den Kona 1.6 GDI an der Luxury launch Edition koum op 29000 Euro. Dat ass e Pak, mee dofir lauert awer hannendrun keng zentimeterdeck Farde mat Optiounsméiglechkeeten…
Neen alles ass quasi u Bord a jo 5 Joer Garantie natirlech och…
Esou gesinn wärte mir deemnächst de Kona bestëmmt méi dacks am deegleche Stroosseverléier begéinen.