R T L « Automag »
Christian, du hues mol nogefrot wat do alles gebraucht gett, a wéieen Impakt daat op d’Marque huet.
T E X T :
…jo an dass elo do fir d’WM Gefiirer vun der koreanescher Marque Hyundai a KIA an den Asaatz kommen, dat kennt nett vun ongeféier.
De 5. gréissten Autoprouzent weltweit haat sech well souzesoen 1999 qualifizéiert, oder hat genuch op den Dësch gebliedert fir zu de 16 A Sponseren ze gehéieren
1999 huet d’Korean Motor Company mat der UEFA an der FIFA verhandelt, zu engem Ament wou déi zwou Marquen Hyundai a KIA bei ais nach nett esou bekannt waren, a wou effektiv aner Marquen deen Zuch verpasst haaten. E clevere Schachzuch, iwer dee sech och de Florian Buengener Marketing Manager fir Hyundai Europe freet ?
(Cut 1…)
Déi 21. WM dauert jo och erem e Mount, et ginn Matcher queesch duerch Russland gespillt. Wéivill Autoen sin dann eigentlech do am Asaatz ?
Jo et ass esou dass effektiv do ganz vill gebraucht gett. De Fuerpark gett iwregens vun Korea aus gesteiert, a bis op di kleng Modeller ass di ganz Gamme vertrueden?
(Cut 2…)
Jo a bei KIA sinn et Modeller déi mir och op eise Stroosse gesinn. De Ceed, Sorento a Sportage. Fir de FIFA Président Gianno Infantino an aner héich Sport Fonctionnairen an Observer ginn et anscheinend keng Extrawurschten. Mee mam Modell K 9 vun KIA kennt dann dach e Luxusliner an d’Spill deen de Premium Usproch bestemmt erfellt.
Speaker: Mee elo mol konkret, waat brengt daat enger Marque ? Sou nom Motto, Hyundai am Stadion gesinn, an dann direkt bei de Concessionnaire fir ze bestellen ?
Gut Fro? Lauschtere mir mol wat de Marketing Mann dozou mengt
(Cut 3…)
Hyundai ass den Automotive Partner vun der FIFA, an zielt zu de 16 A Sponsoren mat Rechter a Pflichten. Sou ass z.b genee définéiert wéi a wou d’Autosmarque am Virfeld vun de Matcher, an a ronderem de Stadion dierf puben, oder wéivill Autoen aus der Gamme ausgestellt dierfen gin.
Thema Logistik ugeschwaat. Gespillt gett an 12 Stadien queesch duerch dat riesegt Russland.
Dat an zwee Stadien zu Moskau, Sankt Petersburg, Sotchi, Kasan, Wolgograd, Nischni Nowgorod, Rostow am Don, Samara, zu Saransk, Jekatarinburg, an zu Kaliningrad..
Déi leien ganz schéi weit auserneen.
Tanken, Wäschen, Botzen an Entretien vun der WM Flotte. Wéi kommen déi Autoen dohin, Florian Buengener ?
(Cut 4…)
Vill zousätzlech Facility Main d’oeuvre gouf do extra engagéiert.
Speaker: An d’Mannschaftsbussen, kommen déi och vun Hyundai
Yes. Hyundai ass och am Bus an Truck Beraich aktiv. Dat ass de Modell Universe Express Noble, deen all Equipe zur Dispositioun huet. Déi kommen jo dann och ëmmer schéin an d’Bild wann de Bus aus dem Mannschaftsquartéier Richtung Stadium fiert. 32 Busser sinn och Asatz, an do gouf et en interessante Concours.“Be there with Hyundai“ Hyundai hat an deenen 32 länner déi sech qualifizéiert hunn, invitéiert fir sech e Slogan fir hir Equipe afalen ze loossen. Déi originellst sinn elo op d’Bussen gepecht ginn. 3,5 Milliounen Leit hunn welweit matgemach, a pass mol op wat déi gewannen?
(Cut 6…).
Bei eise belsche Noperen do steet um Bus: Red devils on a mission a bei Frankraich: Votre force, notre passion, allez les Bleus.
Speaker: Alleguerten di Sloganen vun den 32 Mannschaften, déi kann ee noliesen op der FIFA Internetsait, de www.fifa.com
Di offizell Remise des clefs déi war schonn, a geprouft gouf och. Well de Federation Cup 2017 dee war jo och a Russland mat Hyundai / KIA
(Cut 7…)
Verschidde Concessionairen loosse sech dann och speziell Aktiounen afaalen. Kickertournoi mat anschliessender Live Iwwerdroung vun engem Match bespillsweeis. Bei Hyundai, dem Official Automotive Partner vun der FIFA heescht et eng gutt Figur ofgin bei der WM an Russland, e wichtege Marché fir di koreanesch Marque. Dat gellt och fir KIA.
Jo an egal wien dann um Enn als Vainqueur vum Terrain geet an d’Coupe mat heem hëllt, Hyundai gratuléiert….
.