...jo Italo-Amerikaner dowéinst, well d’Marque Jeep jo zum Group Fiat gehéiert, an d’Motrice vum Testauto aus der italienescher Moteure Schmëtt kennt. A Brasilien, well de Compass do, no bei Receife vum Band leeft. Dat fusch neit Wierk ass ausgeluegt fir d’Produktioun vun 250 000 Exemplairen pro Joer. Hei gëtt och de klenge Brudder den Jeep Renegade gebaut
Tëscht Renegade an Cherokee well een de Compass positionnéiren. De Virgänger hat nett dee gewënschten Erfolleg opweises.
Dat kéint elo besser geléngen well den Compass vun der zweeter Generatioun besser gelongen ass. DNA Jeep ass deitlech ze erkennen, de Kühlergrill wéi bei Cherokee a Grand Cherokee. E feinen SUV, eng Kategorie Auto déi jo ongebremst Gefaale fënnt.
Mir haten eng Versioun zur Dispositioun déi mengen ech am Grand Duché nett dacks bestallt wäert ginn. En Jeep ouni 4X4 Traktioun? E no go, mee mir haten d’4X2 Versioun, also just traction Avant.
Bon d’Offroadeegenschaften goufen esou nett getest, wien méi déif an de Porte monnaie gräift, kann déi awer kréien. Einfach Trailhawk Versioun mat méi Buedemfraiheet simuléiertem Redukter an Offroad Protectiounen bei den Optiounen ukräizen.
De 1400er Multiair mat 140 PS, dee sech ufillt wéi wann iergendwou 30 PS verluer gaange wieren. Fuerspaass fillt sech anescht un.
D’6 Gang Boîte schalt sech zimlech knacheg, mee op , präzis geet besser. An op fläisseg schalten ass een ugewisen fir de ............Kilo Schwéiren Jeep bei Laun ze halen.
10 Sekonnen verginn fir op 100 ze sinn, an no laangem Ulaf sollen dann 190km/h dra sinn. Och eleng u Bord hunn ech mir a Penten wierklech missten iwwerleeën op een iwwerhuelen oder léiwer hannendrun sollt bleiwen.
Mir haten den Jeep Compass mat op Bréissel op de Salon Auto Moto.. Bei deem Temperament war dësen Trajet top. Schloreen an ëmmer de Risque vun engem Radar. Also brav mat 120 ënnerwee, an dann kennt ee mat ënner 8 Liter Verbrauch zuwee-
Fuerverhalen ass ok, Steierung e bëssche flu, an de Fiederungsconfort fir en SUV e gudde Kompromëss.
Bannenan fillt ee sech wuel am Compass. An der Top Versioun ginn et vill elektresch Heinzelmännecher déi engem d’Liewen agréabel maachen, an entlaaschten. Besonnesch elo am Wanter sinn e gehetzte Volant an Setzer eng kammoud Saach. Genee wéi den Hayon vun der Mall deen elektresch op an zou geet.
Soss gëtt nach vill Infotainment an Multi Media gebueden. D’Verarbechtung ass gutt, a mat Lieder gouf nett gespuert.
Um groussen Touch Screen ginn et eng Aberzuel un Informatiounen ofzeruffen, mee esou ganz iwwersiichtlech ass dat nett. Esou ass et nett easy e Smart Phone ze connectéieren, oder de Bordcomputer ze consultéieren.
Mat senge 4m 40 loosse sech 4 Passagéier bequeem chaufféiren. Well de Kardantunnel zimlech flach ausfällt, och esouguer zu 5.
An der Mall bleift dann nach Plaz fir 438 Liter Gepäck, bei emgeluegte Setzer sinn et der schonn 1250.
Jeep well bis 2020 déi magesch Zuel vun 2 Milliounen Autoen bauen. De Compass an der neier Versioun kann duerchaus dozou bäidroen...well e vum Design gelongen ass a vill Motorisatiounen méiglech sinn.
Eisen Testauto, den 1.4 Multiair an 140 PS ouni 4X4 Traktioun koum op 31 262 Euro...