“Mir entwéckelen Produiten déi eng positiv Influenz op d’Leit an d’Emwelt hunn”, dat ass d’Philosophie vum Ingénieur a Firme Grënner Manfred Kyburz. Virun gutt 25 Joer hat ee sech effektiv drop spezialiséiert elektresch Drairieder ze entwéckelen an ze bauen. Séier hat di Schwäizer Post dorunner Gefaale font, an elo sinn et der schonn 3000. Iwwer 11 000 Modeller rullen der weltwäit.
D’Marque Kyburz ass am Kanton Zürich no bei Winterthur doheem.
Den E-Rod deen zu Bréissel vill bewonnert gouf ass dann elo déi neiste Créatioun. Absolut puristesch, ouni Kompromesser wéi äis de Fréderic Olivier erklärt, dee Kyburz importéiert?
(Cut 1...)
E-Rod, pure driving, d’fiche technique gëtt séier Opschloss.
600kg schwéier, 45 KW Batterien, 140 Nm Dréimoment.
Mee de Sprint op 100 an 3,9 Sekonnen leit ganz no un deem vun engem Lamborghini Hurracan. Deen Duell ass op youtube ze gesinn a goung mat 0.7 Sekonnen un den italienesche Sportswoon.
Fuerspaass, ganz kloer, a nett ze knaps?
(Cut 2...)
Sou wéi an der Zait bei engem Smart Crossblade gëtt an der puristescher Form op alles verzicht. Mee vu dass et jo och méi Soft Puristen ginn, proposéiert Kyburz dann och elo eng viischt Glass, an en Hardtop. A wien d’Eidgenossen aus der Schwyz kennt, dee weess, do ass Qualitéit garantéiert.
Oder déi ënnert iech mat guddem handwierkleche Geschéck, déi bauen e selwer zesummen, Frédéric Olivier?
(Cut 3...)
Esou spuert dir dann och nach e puer Dausend Euro, well esou e Kyburz ass schonn eppes Exklusives, an dat huet saï Präis?
(Cut 3...)
Den E-Rod eng Mëschung tëscht Auto a Moto, deen eng Homologatioun fir op der Strooss huet, a wou kee Helm obligatoresch ass.