...Chery Motors, Great Wall, Borgward, a Wey aus China, en plus nach Thunder Power vun Hongkong, jo um 57. Autosalon zu Frankfurt waren di chinesesch Autokonstrukteure présent. Dat mat ganz interessante Modeller, nett nëmmen wéinst dem Präis Schëld.
Vläicht well grad méi Plaz disponibel war, traditionell Marquen ofgesot hunn, konnt Thunder Power sech beispillsweis nieft dem Stand vun Maserati a Ferrari presentéieren. Nett wéi virun e puer Joer um 1. Stack bei den diversen Zouliwwerer vun der Autoindustrie.
De Know How kennt aus Europa, bekannt an talentéiert Entwécklungs Ingenieuren goufen engagéiert, esou och den Däitschen Markus Leder dee mir bei Thunder Power begéinen, deen eis verréit wou sech chinesesch Modeller kenne positionéieren?
(Cut 1...) 29sec
Thunder Power, en Elektroauto Konstrukteur, dee mat sengem éischte Modell grad di lescht Testronnen an Europa dréint. An elo schonn eng Autonomie versprécht vun där d’Europäer just dreeme kennen.
Grad bei der Entwécklung vun Elektro Autoen sinn d’Chinesen äis e Schrëtt viraus. Vun do kommen jo och ëmmer méi Restriktiounen wat de Verbrennungsmotor, an d’Unzuel un Elektroautoen am Stroosseverkéier betreffen. Elektromobilitéit deemno nett méi opzehalen?
(Cut 2...) 25sec
Respekt fir d’Qualitéit bei den ausgestallte Modellen aus China. An och a punkto Design muss ee sech nett méi verstoppen. Zäiten vum Knäipen, an der 1:1 Kopie sinn och souwäit erduerch.
D’Welt ass dach kleng, well bei d’Chery Motors konnte mir “lëtzebuergesch” schwëtzen. Dat mam Sergio Loureiro vun Déifferdeng, deen elo zënter 5 Joer zu Shanghai als Intérieur Designer fir de gréissten Exportateur vun chineseschen Autoen schafft.
Mat den SUV Modeller Tiggo, Exeed, an engem Showcar waren si zu Frankfurt op d’IAA gereest. Eegestänneg Modeller mat Downsizing Moteuren.
(Cut 3...)
“Actually not for sale in Europe”, war nach bei verschiddenen ze liesen. De Sergio Loureiro verzielt äis dass hir Modellen schonn am Iran, Egypten, oder Jordanien verkaf ginn. Mee den Accès an Europa ass méi schwiereg?
(Cut 4...)
Interessant an deem Kontext den innovative Wee vun Borgward. Déi hunn elo hir Modeller dem Rent a Car SIXT ugebueden, an den Entretien der däitscher Entreprise ATU. Sou wieren d’Ween op der Strooss an et bräicht een direkt mol kee Showroom a Garage...
E Lëtzebuerger a China aktiv an der Automobilindustrie, e Sujet op dee mir deemnächst am Automag zréck kommen.