Automag

Automag: Mazda CX-5, 27/11/2017


Listen Later

Paul, SUV’e verkafe sech jo emmer gutt, a besonnesch wa se och nach gutt ausgesinn?

Jo, an dat se bei Mazda schéin Autoe baue kënne wësse mer spéitstens zenter dem läschte Mazda 6. Abee dem CX-5 goung et genee d’selwecht, de Kodo-Design huet wierklech flott Proportioune fäerdeg bruecht an dee grousse SUV fir déi nei Generatioun elo net massiv verännert mee just nach emol raffinéiert; dëst a Form vu bësse méi schaarf geschniddene Luuchten an engem vergréisserte – fläit e bëssen ze grousse - Grill – kuerz, den CX-5 gefällt mir elo wierklech gutt a kéint et, ouni elo ze iwwerdreiwen, och mat engem Jaguar F-Pace oder Range Rover Evoque ophuelen.

Dat ass jo schonn héich gegraff, erfëllt den CX-5 déi Erwaardungen dann och bannenan?

Bon, den Tableau ass elo net spektakulär vum Design hir, awer fonctionnell an och gutt verschafft wat d’Matièren ugeet. Esouguer dee klenge Schiermchen fir den Head-up Display konnten se éliminéieren an dat den Navi-Display elo net méi integréiert ass mee uewendrop steet, stéiert net onbedéngt. E kéint just méi grouss sinn. Blöd och, dat verschidde Knäppercher wéi dee fir den nervegen i-stop dann lénks ennen nierft dem Steier verstoppt ginn, do wou een da muss de Bléck vun der Strooss huelen. Op der anerer Säit fannen ech d’Bedénge vun Navi a Co via Molette virun der Armlehn nach emmer top a vill besser wéi ee fummelegen Touchscreen. A praktesch ass den CX-5 och; un Oflagen fir grouss Fläschen oder soss gouf wierklech geduecht.

Wa mer scho mam Banneraum amgaang sinn – wéi ass et mat der Plaz?

Ma och do gëtt et näischt ze meckeren an et huet sech och net onbedéngt vill geännert. 1 cm méi an der Längt an 1,5 manner an der Héicht falen do net grouss op; ech hunn wéi beim Virgänger eng ganz gutt Sëtzpositioun fonnt, sief et hannen oder vir. Dat heescht, ennert dem flotten Design muss wierklech kee leiden. Kapp- a Beefräiheet sinn deemno bäschtens ze fannen, d’Mall ass just em 3 Liter op am ganze 506 gewuess.

Wéi lieft et sech dann am Alldag mam neien CX-5?

Dorop war ech natirlech och firwëtzeg an hat mech druginn fir an 3 Deeg esouvill wéi méiglech Kilometer ofzespullen. Als éischt Versioun hat ech den 2.2 Liter Diesel an der Topversioun mat 175 Päerd an Allrad. Leeschtung vermesst een do absolut keng, fir en Diesel ass en immens dréihfreedeg, gär och emol bis 5000 Touren an och déi verbauten Automatik huet mer mat hiren douce Schaltvirgäng ganz gutt gefall. E kéint just e bësse besser Manéieren hunn a manner rumoueren, besonnesch enner Vollascht ass en dann awer gutt ze héieren. Genervt war ech just vum Start-Stop-System deen emmer iwweräifreg de Motor zougesat a mer esou dacks e séiert Fortkomme vermiest huet. Wëll den Duuscht war trotzdem fir en Diesel héich; éischter 8 wéi 7 Liter goufe sech genehmegt. E ganz aneren Auto gëtt aus dem CX-5 wann een den Topbensinner ennert dem Capot huet. Nët nëmmen den i-stop fonctionnéiert hei besser, den 2,5 Liter mat 194 PS ass extrem dréihfreedeg a lafroueg a gëtt dem Mazda e relativ flénken a liichtféissegen, esouguer bësse méi noblen Touch. Allerdéngs vermësst een d’Dréihmoment vum Diesel an och deem säi Verbrauch; de Bensinner geet bal nëtt enner 10 Liter, an dat trotz topmoderner Technik wéi héich Verdichtung an Zylinderofschaltung – muss awer dozou och soen dat ech weder den Diesel nach de Bensinner geschount hunn. Wat awer och séng eege Schold ass wëll a punkto Fuerwierk hunn d’Mazda-Leit super geschafft; fir e SUV läit den CX-5 richteg gutt a motivéiert dann och emol e Krack méi séier ze fueren. Kee Geschaukels, keen tückescht Verhalen an esouguer Feedback vun der Steierung – dat ass alles richteg gutt gelong ouni dat d’Fiederung ze haart ausgefall ass. Och e Verdéngscht vum neien G-Vectoring Control deen an de Kéiere fir nach méi Stabilitéit an Traktioun suergt. Als Kiischt um Kuch géing ech mer nach Schaltpaddele fir d’Automatik um Steier wënschen, leider bidd Mazda déi awer net un.

Wann ech mol zesummefassen, dann héiert sech dat jo awer gutt un – och nach emmer wa mer bei d’Finanze kommen?

Esouguer och do, jo. Bon, d’Basisversioun vu ronn 24.000 wäert kaum ee bestellen, éischter dann den 150-PS Diesel fir ronn 30.000 Euro. Den Top-Bensinner gëtt et just an der Luxusversioun Skycruise, dann awer och mal allem wat bei der Konkurrenz deier Supplément kascht, fir ronn 38.400 Euro. Egal wéi soll ee kucken déi nei LED-Pharen mat u Bord ze hunn, déi konnte mat hirer Liichtkraft an der automatescher Ofblendung wierklech iwwerzeegen. An eng Lanz muss ech och fir de Bose-Soundsystem briechen, fir d’éischt gefällt mer de Klang emol richteg gutt, soss waren déi, speziell bei Mazda emmer extrem basslasteg.

An dem Paul séng Fotoe grad ewéi d’Präisser vum neie Mazda CX-5 ginn et natirlech och, ze fannen op auto.rtl.lu

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners