Et si beileiwe keng gutt Zäite fir de Verbrennungsmotor; den Diesel gëtt demnächst aus de Stied verbannt, laut Pronostique sollen a 15 bis 20 Joer keng nei Autoe méi mat fossile Brennstoffer fueren. Mazda ass dofir bekannt dat si sech e besse géngt den Trend stäipen; d’Konkurrenz setzt op Downsizing mat Turbo, Hybrid- oder Elektroundriw, de japanesche Konstrukteur bleift beim Diesel a Bensinner mat groussem Kubik, schrauft un der Verdichtung a gleeft weider un de Verbrenner, esou de Christian Schultze, Direkter vu Recherche an Entwécklung bei Mazda Europe:
2018SkyactivX_01Verbrenner 34”
Skyactiv X heescht dat neit Kand aus den Ingenieurskäpp vu Mazda. Säin Arbechtsprinzip gläicht dem Diesel; e fonctionnéiert mat héigher Kompressioun a säi Sprit-Loft-Gemësch zünd dofir quasi vum selwen, leeft awer mat Bensinn a brauch dofir je no Situatioun eng minimal Friemzündung, sprëch de Fonke vun enger Bougie. De Client interesséiert warscheinlech manner den Arbechtsprinzip an dofir méi wat e vun der neier Motorentechnik mierkt:
2018SkyactivX_02Effekt 31”
Technesch baséiert den neie Skyactiv X op engem 2-Liter 4-Zylinder mat duebler Nockewell a 16 Ventiller. 190 Päerd soll den Zwittermotor leeschten, e Kompresser soll fir genuch Dréihmoment am nidderegen Toureberäich suergen. Op een Turbo verzicht Mazda ganz bewosst:
2018SkyactivX_03Turbo 42”
20 % Prozent manner Verbrauch versprëcht Skyactiv X a fiert am bäschte mam bëllege Bensinn mat net méi wéi 91 oder 95 Oktan. 2019 ass de grousse Start, vun do u wäert déi nei Technik a praktesch alle Modeller vun der Mazda-Gamme disponibel ginn.