U S O :
...di fusch nei Mercedes A-Klass parkt haut virun Mëtteg am Automag. D’Présentatioun vun der 4. Generatioun leeft am Moment nach a Kroatien, mee di firescht Woch hat de Christian Schmit schonn Geleeënheet op der internationaler Présentatioun hannert dem Volant ze setzen...
T E X T :
...jo an dat an zu Trogir un der dalmatinescher Küst.
1997 bei der 1. Generatioun gouf et vill Applaus, an dunn koum den Elch-Test, an Mercedes hat e Problem. Haut 20 Joer duerno ass dat längst vergiess, well jo schonn bei m Virgänger Modell hat ee sech jo vum Van Design getrennt.
Um Bord vun der Presentatioun huet en Entwécklung s Ingenieur mir verroden dass schonn no engem Joer méi Modeller verkaf goufen wéi am ganzen Zyklus vun der A-Klass virdrun.
Elo dann e neit Kapitel. Méi erwuessen méi confortabel. Luxus an der Kompaktklass. Op den éischte Bléck mengt ee nach et hätt sech nett vill
gedoen, mee wou mir do esou zoufälleg nieft dem Virgängermodell parken, gi mir eppes Besseren beléiert. D’Proportiounen goufen optiméiert. Vun progressivem Frontdesign geet riets. Tatsächlech ass d’Motorhauf vill méi déif gezunn, an di fiischt Luuchten méi flach.
De Radstand gouf vergréissert, di säitlech Charakterlinn léisst d’A Klass 2018 méi gestreckt wirken. Och vun hannen setzt de klenge Benz op eng eegestänneg Designlinn.
D’Aerodynamiker waren ganz exigent, an esou kann elo den CW Beschtwert an där Klass vun 0.25 attestéiert ginn.
Méi revolutionär geet et dann bannenan virun. Direkt falen engem di zwee 10 Zoll Ecranen op. Genee wéi um Smart Phone kann do getaucht a gewëscht ginn fir all méiglech Funktiounen opzeruffen, aktivéieren, désaktivéieren asw.
Oder dir schwëtzt direkt mam Auto. Nee den Auteur vun dësen Zeilen spënnt nett. Dat digitalt Zäitalter mécht et méiglech ass bei der A-Klass agelaut ginn.Glaich a méi Sproochen kann een dem Mercedes seng Wënsch oder Froen zou komme loossen. An dat klengt dann esou...
(Cut 1...)
Dës kënschtlech Intelligenz ass clever a verhält sech wat är Gewunnechten sinn. Ganz individuell a stellt sech op de User an.
De klasseschen Command System vum Virgänger ass a Pensioun geschéckt ginn. MBUX, Mercedes Benz User Xperience iwerhellt elo de Kommando. Dee wir esouguer am Stand eng emotional Verbindung tëscht Auto, Chauffeur a Passagéier ze crééiren.
Touchsctreen, Touchpad an Touch-Control Knäppecher um Volant bidden vill a sollen engem villes vereinfachen. Mercedes ME App Sammlung proposéiert eis och vill online Aktualiséirungen.
Jo et well een an der kompakter Klass en Zeechen setzen Richtung Wolfsbuerg. Vill Luxus Featuren aus E an S-Klass kommen do am d’Spill. Sëtzer mat Heiz, Beleftung a Massagefunktiounen, Assistenzsystemer an Ambiente Beliichtung. Premium kennt engem spontan iwwer d’Lëppsen.
E bësschen méi Plaz ass och erausgesprongen, genee wéi Efforten bei der Iwwersiicht vun der Carosserie. De Wee op di hënnescht Setzrei geléngt elo ouni Verenkungen, an 30 Liter passen méi an d’Mall.
Ennert der Hauf geet d’Kaart vum Downsizimng ausgespillt. Den A 200 ass en 1400er 4 Zylinder mat Partikelfilter deen 163 PS Leeschtung bidd. 6 Gang manuell oder 7 Gang DCT Duebel Kupplung Automatik, et huet een de Choix.
Oder méi Power mam A 250, den 2 Liter an 224 PS, resp. Den 1500er Diesel mat 116 PS koum erëm a Cooperatioun mat Renault zu staan. Mat senger AdBlue Technolgie dierf dee wahrscheinlech och an d’Stied déi iwwer e Fuerverbuet nodenken.
Allen dräi Motorisatiounen fuere sech harmonesch, den Dezibelpegel hällt sech diskret am Hannergrond. Kloer déi 224 PS Versioun mécht am meeschte Spaass. D’4-Matic Allrad-Traktioun ass och ze kréien.
Op d’Fro no Elektro oder Hybrid Versiounen gëtt een op 2019 an 2020 vertréischt.
Di nei A-Klass, esou jonk wéi ëmmer, war ob der Présentatioun ze verlauschteren. Dat passt. Genee wéi d’Praispolitik am Haus Benz. Bei 28 314 Euro geet et lass, mee wéi esou dacks loosse sech do X Optiounen ukräizen, an esou sinn séier 40 oder vläicht 50 000 Euro fälleg.
Trotzdem dierf een elo schonn der A-Klass Editioun N:4 Erfolleg garantéieren. Am Mee kennt en dann an de Showroom fir sech ze iwwerzeechen...
Ofso Speaker: Sou laang muss nett op Fotoen gewaart ginn. Déi ginn et elo gläich op www.auto.rtl.lu