Automag

Automag: Mercedes G500, 25/02/2019


Listen Later

USO: Verschidden Autosmodeller schéngen éiweg ze liewen – de Mercedes G ass een dovunner. D’Mammenhaus denkt nach laang net drun fir hiren urtypesche Gelännwon an d’Pensioun ze schécken – au contraire, de Paul Origer hat elo déi neiste Versioun am Test!

Paul, an dat war eng Rees mat der Zäitmaschinn?
Esou kann een et nennen, ech géing éischter nach soen; Retro meets Future. De Mercedes G-Modell huet 1979 d’Liicht vun der Welt erbléckt – feiert also dëst Joer säi 40te Gebuertsdag – an en huet séng Grondzich bis haut behalen. Sief et d’Carrosserie mat de quasi senkrechte Fensteren an deene quadrateschen Diren mat deem typesche Klang wann ee se zoumécht, d’Dirgrëffer, dat separat Reserverad hannen grad ewéi déi ronn Pharen an déi robust Baguette ronderem. An all deene Joeren huet Mercedes emmer nees um G-Modell gefeilt ouni awer de Kär ze änneren.

Um Joergang 2018 dann awer méi wéi just liichte MakeUp?
Ganz kloer, opfälleg sinn déi gréisser Ännerungen um Geliits; och de G-Modell klëmmt ëm op LED-Technik; bei de Pharen ginn et elo optional Multibeam LED déi den Oppräis vu 1500 Euro absolut wäert sinn. Soss gouf d’Karosserie mat hiren Ubaudeeler nach optesch ugepasst. Bannendran ass dann de groussen Aha-Effekt; den Tableau start mam optionale Widescreen-Cockpit an déi digital Welt, all erdenklech Confort-Features wéi dynamesch Sëtzer mat Massage, Heizung a Lüftung, eng Burmester-Audioanlag an eng ganz Rëtsch Assistenzsystemer hu se dem Oldie spendéiert.

Also vill neies un engem 40 Joer alen Auto? Och e bësse méi radikal Ännerungen?
Jo, dat kann een esou soen an dat spiert een och wann een eraklëmmt; de G ass nämlech gewuess. 5 cm méi laang an 12 cm méi breet; en ass domat nach emmer kee Raumwonner mee d’Raumgefill ass duerch deen héighen Daach souwisou nach emmer exzellent, hei an do ginn et dann nach e puer cm méi Raum fir Been, Ielebéi a Schëlleren. Behalen huet en déi extrem héich Sëtzpositioun; wéi ee Kinnék trount een am G iwwert dem Verkéier. Wou awer richteg vill geschafft gouf, dat ass um Fuerwierk. Wësse muss ee jo dat de G-Modell ee wäschechte Gelännwon ass; mat richtegem Chassis, Allrad, Differenzialspären a Redukterboîte. An dat et scho bal eng Schan ass dat ech en nëmmen iwwert d’Autobunn bis a Bayern an iwwer Koblenz nees zeréck gefuer sinn amplaz esou richteg an d’Gelänn ze goen. Mee dat neit Fuerwierk mat elo Eeenzelradophänk vir, huet em effektiv méi Kalitéiten ausserhalb vu Bulli a Geröll bruecht; e läit roueg op der Strooss a mécht bis op de Wand quasi null Fuergeräischer. D’Karrosserie wankt manner wéi fréiher, d’Steierung huet u Präzisioun gewonnen, den Auto ass erstaunlech handlech ginn, léisst sech esouguer gutt duerch d’Kéiere joen an dréckt héchstens mol iwwert déi viischt Rieder. Déi verschidde Fuermodi misst ech elo net hunn; Eco ass e Witz wëll et net vill bréngt, Sport fannen ech fir esou e Gelänndinosaurier souwisou Mumpitz wëll e behällt séng 2,4 Tonne Gewiicht grad esou wéi d’Aerodynamik vun engem Eefamilljenhaus.

Also een Auto un deen een anescht erugoe muss!
Genee! De G ass nämlech iwwerlieft; extrem schwéier, extrem héich dat ee bei all Tiefgarage zidderen a fir eranzeklammen eng gewësse Fitness opbrénge muss, extrem wéineg wandschnetteg an doduerch immens duuschtereg, besonnesch op der Autobunn. Mat deem topmoderne V8-Bensinner an eiser Testversioun G 500 war ënner 16 Liter näischt ze maan, bei konstant 140 rauschen am Schnëtt 18 – 20 Liter an nach méi derduerch. De G muss ee gär hunn oder et si lossen. Ech hat mech direkt an de Boller-Wummer-Sound verléift, et ass faszinant wéi déi 422 Päerd dat risegt Gefier a Beweegung versetzen an déi nei 9-Gang-Automatik d’Gäng total onopfälleg sortéiert. Et fillt een sech bannenan wéi wann ee séng Stuff mat op d’Rees géing huelen, inklusive dat Gefill vun totaler Sécher- a Gebuegenheet. A Mercedes huet et wierklech gutt fäerdeg bruecht al a modern ze kombinéieren; wann och verschidden Assistenzsystemer wéi z.B. dee vum Spuerhale system awer elo net esou gutt fonctionnéiert wéi an anere Baureihen.

Spéitstens beim Präis kritt een d’Décisioun liicht gemaach?
Esou ass et. Ob Fierschter, Entrepreneuren, Zänndokter oder einfach nëmme Fans; wann d’Zuelen um Bankkonto stëmmen, why not. Da spillen 107.000 Euro Basis oder 150.000 wéi fir eisen Testauto kee Rouleau. An no’m Verbrauch freet och keen. Ech weess dat ech mer en net leeschte kann a war frouh en nach emol fueren ze dierfen. Wëll fest steet: éiweg wäert et Ikone wéi de Mercedes G-Modell net méi ginn.

An du hues eis nees vill Fotoe vum neie Mercedes G-Modell matbruecht - ze fanne sinn déi genee wéi d'Präisser vun alle Versiounen op auto.rtl.lu

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners