Schonn iwwer 30 Joer huet de Combo séng Plaz an der Opel-Gamme. 1 mol als Kadett an 2 mol als Corsa mat Rucksak, duerno gouf sech bei Fiat zervéiert. Elo ass den neie Combo Life e Kand aus dem Bestiednes mat PSA an dierf sech och dowéngt gudde Gewëssens “Ludospace” nennen. Hannert dësem Begrëff stécht e Segment wat an de läschte 4 Joer em 26 % gewuess ass; ween eng grouss Famill huet oder einfach nemme Plaz brauch a sech net onbedéngt en deiere Van oder SUV an d’Garage stelle wëll, deen huet sech bestëmmt schonn no engem Ludospace emgekuckt. PSA ass hei scho méi laang de Leader an dee Savoir-Faire stécht och am neie Combo Life. Den Design ass dann och bewosst praktesch ausgeluecht; déi quadratesch Grondform mat héighem Daach notzt de Banneraum esou gutt wéi méiglech aus, dozou maachen eng héich Sëtzpositioun, praktesch Schiebedieren an e Mallendeckel deem séng Fenster separat opgeet d’Liewen am Alldag esou confortabel wéi méiglech. An 2 Längten ass de Combo ze kréien; 4m40 oder 4m75; dat bréngt natirlech eng grouss Mall mat knapp 600 oder esouguer 850 Liter mat sech. Domat net genuch; bis zu 28 Oflagen huet Opel agebaut fir Fläsche, Spillsaachen etc ze verstauen. Awer net nëmme klenge Krom, Miwwelen oder Veloen sollen am Combo Plaz fannen, och Passagéier an dat neierdéngs bis zu 7 Persounen. Egal op laang oder kuerz, de Combo gëtt et optional mat 7 Sëtzer, déi 2. Reih au choix 1/3 zu 2/3 oder mat 3 Eeenzelsëtzer op deenen esouguer 3 Kannersetzer kënnen nierftenee montéiert ginn. Ween elo Camionette seet, dee läit e besse falsch, de Combo Life huet am Fong alles vun engem richtegen Auto, och d’Equipementer; bis zu 19 Assistenzsystemer wéi z.B. Anti-Collisioun, automateschen Tempomat oder 180° Kamera si genee esou ze kréien wéi e gehëtztent Steierrad, Panoramadaach oder den neitsten Infotainment. Ennert der Hauf fanne mer bekanntes vu PSA; e 1500er Diesel mat 75, 100 oder 130 PS esou wéi en 1200er Bensinner mat 110 oder 130 PS, zum Deel mat manueller Boîte oder der fuschneier 8-Gang-Automatik. Präisser verréit Opel nach keng; no der offizieller Présentatioun am Fréijoer wäerten déi réischt am Mee bekannt ginn, am Hierscht gesäit een den neien Opel Combo Life dann am Showroom.
JINGLE
Nächste Weekend start um Hockenheimring nees d’Fréijoers-Veterama, ee vun de wichtege Rendezvous’en fir Oldtimer-Fans. Vum 6. – 8. Abrëll gëtt sech en Aussteller-Rekord erwaart; fir sämtlechen Ufroen genuch Plaz ze bidden, gouf d’Fläch nach emol erweidert. D’Offer geet vun deenen üblechen Ersatzdeelhändler iwwert Infostänn vun Oldtimerclibb bis zu Motorsportatmosfär a Form vum DRX-Testdag Sonndes de 7. Abrëll bei deem d’Visiteure PS-staark Toureween erliewe kënnen.
JINGLE
1995 war nach méi Faarf am Spill, do war déi beléifsten Autosfaarf blo, rout koum direkt op déi zweet Plaz an dräimol däerf ee roden; gréng war d’Nummer 3. 2017 koumen déi 3 Grondfuerwe knapps op 18 Prozent , de Räscht vun den Autoe war entweder schwaarz, gro oder wäiss, esou d’Resultat vun engem Sondage vun der Zeitung “Auto Strassenverkehr”. Et hänkt awer och vun der Mark of; bei Dacia bestellt en Drëttel vun de Clienten Blo, wahrscheinlech och wëll déi kee Supplément kascht. Bei Mazda war déi markentypesch Rout mat 25 Prozent de Renner. Rout läit och bei Alfa héich am Cours, ass awer trotzdem nemmen drëttplazéiert hannert Gro a Schwarz. Am mannste Faarf gëtt bei däitschen Autosmarken verkaf; iwwer 75 % wiele bei Audi, BMW a Co gro, schwarz oder wäiss. Eeenzeg Opel mecht do eng kleng Ausnahm; dank dem klengen Adam klëmmt de Faarfundeel op iwwer 30%.