Automag

Automag News, 14/05/2018


Listen Later

USO: Haut an den Automag-News: E klenge Résumé vun de Ferrari Racing Days um Circuit zu Spa, eng nei Gamme vu Bensinn an Diesel bei Shell an en Ausbléck op deen éischten SUV vu Rolls Royce. Den Détail elo mam Paul Origer:


OFSO: A Fotoe vun de Ferrari Racing Days zu Spa ginn et natierlech och; ze fannen op auto.rtl.lu
Näischt läit méi am Trend wéi de SUV; bis op Ferrari an Aston Martin huet och quasi jiddereen e Pseudo-Offroader am Programm. An do kënnt elo och RollsRoyce mat bäi. Cullinan, esou heescht net nëmmen de Bäitrag vun der britescher Nobelmark, mee och een anere Superlativ; nämlech dee gréisste Réihdiamant dee jemols fonnt gouf, inspiréiert un enger Klengstadt a Südafrika an um Numm vum Propriétaire vun der Mine wou den edle Steen an 9 Meter Déift fonnt gouf. Wahrscheinlech net nëmme beim Gewiicht mee och bei der Gréisst wäert den neie RollsRoyce Cullinan mat 5m34 Längt an 2m14 Breet nei Rekorder markéieren. Virun allem d’Plazoffer an der zweeter Reih soll nët nemmen d’Laangversioun vum RangeRover mee och de Konkurrent Bentley Bentayga an de Schied stellen. Fräi no’m Motto “Fortbeweegung ouni Effort” suergt ennert dem Capot ee 571 PS-12-Zylinder dofir dat de Cullinan sech standesgeméiss beweegt. D’Mammenhaus BMW wäert natirlech bei Multimedia a Co nees d’Fangeren am Spill hunn an och soss kënnt de Royce-SUV mat villen techneschen Nouvellen. Wien elo schonn op de Summum vu Luxus an Offroad gespaant ass, dee muss sech nach gedëllegen; wéini de Cullinan présentéiert gëtt a wat e kascht, ass offiziell nach net gewosst.

JINGLE

Mäin Haus, mäi Schëff, mäi Ferrari. Wann ee vun de Boliden mam Cavallo Rampante um Capot doheem an der Garage steet, dann huet een et schonn zu eppes bruecht. Sinn et der méi, oder zielt och nach e limitéierte Sondermodell derzou, dann dierf een sech geschwënn zum ausgewielte Krees vum Ferrari XX Programm zielen. Hei geet et net nëmmen ëm exklusiv Versiounen wéi de Supersportler FXX deen um 2002er Enzo baséiert, et geet och drëms besonnesch Clienten ze belounen. Esou zum Beispill mat de Ferrari Racing Days déi elo dëse Weekend mol zu Spa Franchorchamps organiséiert goufen. An Aktioun ass hei e Rennteam wat ausschliesslech aus Clienten besteet, déi am Kader vun de Corsi Clienti um Steier vun eben dem FXX oder och dem 599XX 4 mol am Joer e bekannte Circuit offueren. D’Rennween gehéieren de Clienten, ginn awer vunn an zu Maranello geréiert – inklusive dem Transport op d’Rennpist wou en Team vu Mécanicien’en sech natierlech em dat wertvollt Gefier bekëmmert. Zu Spa stoung dëse Weekend vill um Programm; nierft ausgestalle Clientsween natierlech och de Besuch an de Boxen, extra opgebaute Showrooms mat neie Gefierer an natirlech eng ganz Rëtsch vu Coursen.

JINGLE

Zenter 1924 schaffe Shell a Ferrari zesummen. Als ee vun den Haptpartner vu Ferrari huet natirlech och den Ueleggigant vun der Geleenheet profitéiert fir hir nei Gamm vu Sprit virzestellen. Den Numm V-Power ass jo schonn e Begrëff, nei derhannert ass d’Dynaflex Technologie. Haut musse Kraaftstoffer héighen Dréck, Temperaturen a Belaaschtungen standhalen, ausserdem geet et drëms Verbrennungsréckstänn a Reiwung ze reduzéieren an d’Motore klappfest ze maachen. Mat dëser neier Technik suerge speziell Moleküler fir e proppere Motor, entsteet manner Friktioun a brénge méi Oktan méi Klappresistenz. Esou wëll Shell prett si fir d’Zukunft vum Verbrennungsmotor.

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners