Uso:
Och am Summer sëtzen d'Kollege vum Automag hannert dem Steier.
Déi Kéier ass et de Christian Schmit.
Deen hat gläich dräi Modeller am Alldag Test, queesch duerch de Gaart... D’Mercedes E-Klass als All Terrain, den Kia Optima Hybrid, an och de Skoda Fabia RS an enger “série limitée”.
T E X T :
... jo ganz ënnerschiddlech Modeller waren elo am Summer an der Redaktioun passéiert.
Fänken mir dann och mat der Marque mam Stär un. Eng E-Klass vun Mercedes als Break ass jo schonn ëmmer am Programm gewiescht. Elo gëtt et déi och als All Terrain. Luxus bannenan an vill Plaz déi bleiwen, elo kennt nieft der 4 X4 Traktioun nach den Off Road Look vun baussen dobäi.
Elo gëtt also den Terrain vun Feld a Bësch Weeër nett méi den anere Marquen iwwerlooss, nee elo spillt een och an där Liga.
Mam groussen SUV Kühlergrill, Plastik Planchen iwwer de Rad Këschten an Protectiounen un der Carrosserie soll de Cross Over eng aner Clientèle uschwetzen. Mat der serieméisseger Loft Fiederung kann den All Terrain nach eng Kéier em 2 Zentimeter ugehuewe ginn. Dat gëtt och optesch um Tableau de bord affichéiert, an de Chauffer gëtt dorop higewisen elo just nach mat 35 km/h ze fueren.
Mam Life Style Kombi op 19 Zoll Felgen traut ee sech dann och dann dohin wou kee Makadam méi ass. Souwäit wéi een dozou autoriséiert ass. Natierlech kann een och nach astellen wat ee grad ënnert de Pneuen huet, an dann kann ee baal behaapten op all all Terrain eng gutt Figur ze maachen. Dat gëllt bestëmmt och fir de Wantersport.
Den 194 PS Turbo Diesel mat enger Accélératioun op 100 an 8 Sekonnen an 230 km/h Spëtzt harmonéiert gutt mam All Terrain. De Verbrauch vun ënner 8 Liter och. Präis vum Testauto, 57 644 Euro, virun Optiounen
Wéivill der elo tatsächlech den Mercedes E als All Terrain wielen bleift ofzewaarden. Vläicht all déi di sech nett an engem SUV gesinn, an iewer emol heiansdo e bësschen méi Buedem Fräiheet brauchen.
Eriwwer an de KIA Optima PHEV. Also Eco Plug In Versioun. Fir all déi vläicht keen Diesel méi wëllen, an deenen Fueren mam gudde Gewëssen eppes méi wäert ass. Kombi oder Limousinn et huet een de Choix. Nett bei de Motricen. Do ass et den 156 PS Bensiner dee mat 67 PS Elektropower ënnerstëtzt gëtt. Eng Lithium Ionen Polimerbatterie mat där mir den Optima reng elektresch eng 40km beweegt hunn. Je no Équipement dauert dat Oplueden tëscht 3 a nobäi 5 Stonnen.
Optesch ginn et schonn Ënnerscheeder, déi droen zu enger nach besserer Aerodynamik bäi. Um Tableau de Bord gesäit een och wéivill Jus nach grad an der Batterie dran ass.
Mat 0 Dezibel starte mir de Kia Optima Hybrid. Eréischt méi spéit a je no Temperament am rietse Fouss gesellt sech den zweete Moteur dobäi. Soft gefiedert a mat vill Plaz kann et op d’grouss Rees goen. Amateuren vun enger sportlecher Fuerweis wäerten nett gläich Gefalen um Koreaner fannen.
Awer huet ee sech mol un d’Kraftentfalung gewinnt, dann ass een iwwerrascht wéi agréabel sech den Hybrid by Kia automatesch natierlech beweege léisst.
Ennert dem Strich e positive Bilan vum Plug-In Hybrid deen eng Beraicherung fir d’Gamme ass. Mat 44 711 Euro allerdéngs kee bëllege Spaass, och wann dann schonn bal alles de série dran ass.
Mee bei der Konkurrenz kascht dat Ganzt nach en etlech Dausender méi , jo a 7 Joer Garantie gëtt et do nawell nett...
Ee vun 800 hu mir dierfe fueren. De Skoda Fabia RS an der série limitée WRC gouf extra opgeluegt fir den Championstitel an der Rallye Weltmeeschterschaft 2017 ze feieren, an ass an tëscht vergraff...Di 35 Exemplairen fir Lëtzebuerg hunn schonn Amateure fonnt.
Déi kréien e 1400er TSI mat 125 PS ënnert der Hauf, mat baussen villen opteschen Accenter. Och bannenan gëtt et en individuelle Layout mat Sport Sëtzer an enger 7 Gang DSG Boîte.
Ofso:
Natierlech wëlle mer elo wëssen wéi déi 3 Modeller ausgesinn... D'Fotoen fannt Der auto.rtl.lu