USO: Haut an den Automag-News: Éischt Impressioune vum neie Ford Focus, zwou Familljen-Entreprisen déi eng Partnerschaft aginn an de kuerzen Test vum neie koreanesche PickUp SsangYong Musso. Den Détail elo mam Paul Origer:
De SsangYong Musso ass nees do. Viru 25 Joer war dat ee groussen Offroader mat Motore vu Mercedes-Benz an engem – léif gesot - nawell speziellen Design. No der Ofléisung duerch de PickUp Actyon am Joer 2005 gëtt déi nei Generatioun elo nees Musso genannt. An do derhannert verstoppt sech och erem e grousse PickUp deen awer elo um Rexton baséiert a vun deem net nëmmen de feste Chassis, den 2.2 Liter Diesel mee och den Design iwwerholl gëtt. Eeenzegen Ennerscheed an typesch PickUp ass selbstverständlech déi oppe Benne mat iwwert engem Meter Cube Plaz a 700 Kg Charge. A wann et domat net duergeet, da kann dee 5 Meter laange Musso 2,8 respektiv an der Automatikversioun 3 Tonnen un de Krop huelen. Bannendra fält op dat de Musso däitlech méi luxuriéis an héichwäerteg ginn ass. De Plastik ass zwar net iwwerall Premium-like, dofir kritt een awer elo vill méi Confort-Features wéi virdrun. Anengems huet sech d’Plazoffer wiesentlech verbessert. Och beim Fuere mécht sech de Klassesprong bemierkbar; de 4-Zylinder-Diesel ass mat 181 PS staark genuch an akustesch zeréckhalend, passend dozou schalt d’Automatik douce an onopgeregt. Allerdéngs erënnert d’Fiederung een nees séier drun dat een an engem Schaffpäerd sëtzt; schlecht Stroosse kommentéiert de Musso mat engem extrem staarken Zidderen a Polteren, wéineg Gefill an der Steierung an déi staark d’Säitenneigung maachen net onbedéngt Loscht op Kéieren. Dofir ass de Präis interessant; bei 25.740 Euro geet et lass, mat Allrad, Automatik a vollem Ornat kënnt een op ronn 38.000 Euro.
JINGLE
De Garage Rodenbourg, Etoile Garage an de Multiconcessionnaire Car Avenue hu sech zesumme gedoen. An deenen nächsten 2 Joer sollen déi 3 Entreprisen zesummewuessen an zu Lëtzebuerg en neien Automobilzentrum an der Industriezon zu Leideléng opriichten. 200 Matarbechter si vun dësem Projet betraff a wäerten sech dee Moment zu Leideléng em d’Marke vum Groupe PSA Peugeot, Citroën an DS këmmeren. Zenter Joerzéngten sinn de Frank an de Pierre Rodenbourg mat hirem Familljebetrib am Geschäft, si freen sech de richtege Partner fonnt ze hunn, wäerten awer am Kapital vun der neier Firma net präsent sinn. D’Etoile Garage schafft schonn 82 Joer mat PSA zesummen, de Geschäftsféirer Michel Braquet ass iwwerzeecht dat den neie Garage zu Leideléng fir de Client en däitleche Plus bedait. Hannert dem Multimarke-Concessionnaire Car Avenue steet d’Famill Bailly déi 1936 zu Metz hir éischt Peugeot’s-Garage opgemaach hunn. Zu Lëtzebuerg si si scho mat de Marken Nissan, Infiniti an Toyota vertrueden.
JINGLE
De Ford Focus start an déi 4. Generatioun; läscht Woch gouf déi neist Versioun vum éiwege Golf-Konkurrent op der Côte d’Azur presentéiert. Den Design ass zwar kee Broch wéi deemols beim Lancement vun der éischter Generatioun am New Edge Stil, trotzdem gläicht deen neie weder baussen nach banne sengem Virgänger. Wat och gutt ass, besonnesch bannen ass deen opgeraumten a vill méi iwwersiichtlechen Tableau eng wëllkomm Verbesserung. An och technesch huet de kompakte Kölner zougeluecht; Assistenzsystemer, Head-Up-Display, LED-Luuchten, déi éischt Schrëtter zum autonome Fueren esou wéi nei Motore gehéieren dozou. D’Bensinner sinn nëmmen nach 3-Zylinder, d’Diesele goufe méi propper an d’Powershift mat duebler Kupplung gëtt elo vun enger neier 8-Gang-Wandlerautomatik ofgeléist. A virun allem eppes hunn d’Ingenieuren dem Focus geloss; säin dynamesche Chassis mat Fuerspaass-Garantie. Méi Détailer an Impressiounen dozou am Hierscht hei am Automag.