USO: Haut an den Automag-News: Vill manner Marken um Salon zu Paräis, en neien Testzentrum vu Ford, Mercedes-Benz produzéiert geschwënn an der franséischer Noperschaft a Kia iwwerschafft de Sportage. Den Détail elo mam Paul Origer:
Hallefzäit fir de Kia Sportage. De Korea-SUV gëtt optesch liicht verännert, dat a Form vun engem neie Pare-Choc vir, geännerte Luuchten an eckegem amplaz ronnen Tankdeckel; wahrscheinlech wéngt dem Ad-Blue-Stutzen deen elo bäikënnt. Och d’Fuerfpalett esou wéi d’Felgendesigns ginn opgefrëscht, am Intérieur falen dat neit Steierrad, déi nei Instrumenter a geännert Loftdüsen op. Fir mat der Konkurrenz matzehalen ginn d’Assistenzsystemer opgestockt; den adaptiven Tempomat kann elo am Stau och stoe bleiwen an nees ufueren, eng 360 Grad Kamera hëlleft beim Parken an ee Middegkeetswarner seet Bescheed wann eng Paus néideg ass. Bei de Motoren wäerten elo Diesele mat SCR-Kat deen alen 1700er CRDi ofléisen. Och vun engem liichten Diesel-Hybrid mat 48 Volt geet rieds.
JINGLE
EQ heescht d’Submark vu Mercedes déi demnächst fir eng eege Gamm vun Elektro-Autoe steet. Nierft engem SUV an anere Versioune soll och ee kompakte Modell op de Maart kommen an dëse gëtt esouguer an eiser direkter Noperschaft gebaut. Well fir d’éischt an hirer der 100 Joer aler Firmegeschicht fënnt d’Produktioun vun engem Mercedes-Benz a Frankräich statt. Méi genee am Smart-Wierk zu Hambach, wou nierft dem Smart Fortwo de kompakten E-Mercedes vum Band lafe soll. Demnächst sollen d’Virbereedunge starten a ronn 500 Milliounen investéiert ginn. Haptsächlech an nei Hale fir de Karrosseriebau an d’Lackéirerei wäerten dës Sue fléissen, d’Montage gëtt donierft nach erweidert an d’Infrastruktur ugepasst. Zenter Oktober 1997 gëtt am lothréngeschen Hambach produzéiert; 800 Beschäftegter hunn zënterhier ronn 2 Millioune Smart fortwo inklusive d’Elektroversioun do gebaut.
JINGLE
D’Entwécklung vun engem Auto ass laangwiereg, komplizéiert an opwenneg. Den Auto ënnert alle Konditiounen ze testen gehéiert natirlech och dozou – entweder heescht et apaken a mat an d’Wüst oder op den Nordkap huelen oder et geet wéi elo neierdéngs bei Ford; si bleiwen doheem a maachen et selwer. An der Wieder-Fabrik zu Köln Merkenich ass alles méiglech; extrem Hëtzt dat d’Loft flimmert an e puer Meter niewendrun esou kal dat ee mam Schlitt fuere kann, schmaier wéi am tropesche Bësch, oder Wandvitesse bis zu 250 km/Stonn, brennend Sonn a staarke Reen an esouguer Héichte bis zu 5200 Meter. Op dat, wéi si soe, fortschrëttlechst Klima-Wandkanal-Testzentrum sinn d’Kölner Autobauer immens houfreg, iwwer 70 Milliounen Euro hu si sech dëst kaschte gelooss. Bis zu 10 Autoe vum Ka+ bis den Transit kënne gläichzäiteg getest ginn, um Menu sti Confort, Sécherheet, den Test vun elektresche Komponenten an den übleche Systemer. Zesumme mam Testgelänn zu Lommel an der Bälsch sinn d’Testariichtunge vu Ford an Europa elo komplett.
JINGLE
Am Oktober ass et nees esouwäit, da wäerten sech zu Paräis op der Porte de Versailles d’Autosgecken un den neie Gefierer d’Nuese platt drécken. Allerdéngs wäert de Choix staark geschrumpft sinn; am ganzen 11 Marken hunn nämlech ugekënnegt zu Paräis net mat derbäi ze sinn. Esou zum Beispill VW; ausser Audi, Skoda, Seat a Porsche wäert keen aneren Auto aus dem VW-Konzern ze gesi sinn. Lamborghini begrënnt et domat dat d’Welt sech stänneg ännert a si wëlle nach just do ausstelle wou si et fir sënnvoll fannen. Och Ford konzentréiert sech léiwer op aner Präsentatiounsformater an huet sech wéi och schon 2016 zu Paräis ofgemellt. Ofgesot hunn och Mazda, Subaru, Mitsubishi, Nissan an Infiniti, ënnert anerem aus wiertschaftleche Grënn. Déi nei PSA-Mark Opel iwwerléisst léiwer Peugeot a Citroën d’Bühn a Volvo ass scho méi laang net méi derbäi; d’Schwede konzentréiere sech nach just op 3 Salon’e pro Joer.