07/01/2019 AUTOMAG Nissan Leaf (11h50)
P. ORIGER
______________________________________________________________________
USO: Den Nissan Leaf war ee vun deenen éischten Autoen deen exklusiv mat Elektroundriw ugebuede gouf. Elo start de kompakte Stromer an déi zweet Generatioun an de Paul Origer konnt en am Alldag testen.
Paul, se hunn op jidde Fall mol den Design entschärft!
Dat kann ee wuel soen – beim Virgänger waren d'Meenunge jo zimlech gedeelt; mat deem ronne futuristeschen Design konnten sech der vill net esou ufrennen. Deen neie Leaf krut schonn emol als éischt dat vu Micra, Qashqai a Co bekannte Familljegesiicht – hannen erkennt een den Juke mee och e bësse Inspiratioun bei Volvo. Am grousse Ganzen ass en e gudde Krack méi gefälleg wéi déi éischt Generatioun. Bannendran sinn den Designer d'Iddien awer ausgaang – den Tableau ass klobeg opgebaut a bei den Instrumenter waren se sech net eens op digital oder analog an hunn einfach déi zwee kombinéiert wat awer fir mech komesch ausgesäit an net esou richteg bei den Auto vun der Zukunft passt.
Fläit well Nissan elo méi ee breede Public uschwätzen?
Dat ass gutt méiglech – allerdéngs dierfen se dann net esou grouss si wéi ech well d'Setzpositioun fir de Chauffer ass miserabel. De Setz ze héich an d'Steierrad ze déif, de Verstellberäich ze mickreg – mam Resultat dat d'Rénkel mer um Schouss läit an ech an de Kéieren mat der Hand a mäi rietse Knéi rennen. Esou eppes geschitt mer héchstens an engem klenge Roadster à la Mazda MX-5. Awer net an der Kompaktklass. Wat nach opfällt ass deen ze kléngen an antiquéierten Infotainment-System an déi bëssen noléisseg Verarbechtung. Et dominéiert vill haarden, triste Plastik, zum Deel och net grad suergfälteg zesummegebaut. Wat leider de Ruff vun den Englänner nees bestätegt well de Leaf gëtt an England gebaut. Idem fir baussen wou d'Klapp vun de Steckdousen um Capot schruppt. An och schued dat déi soss esou ingeniéis Japaner sech näischt ausgeduecht hunn fir d'Kabelen ze verstauen fir dat déi net an der Mall ronderemfléien. Grad wéi de Bose-Subwoofer deen ongeschützt an der Mall hënnert.
Also éischter schlecht Notte fir d'Verarbechtung an de Look bannenan- wéi fiert den Nissan Leaf sech dann?
Hei kennt op jidde Fall nees gutt Laun op. Den Elektromotor am Leaf leescht elo 150 PS, dat ass scho bal sportlech fir en Auto vun dëser Moos; esou munch Schlofmutz konnt ech domat op der Landstrooss labber iwwerhuelen an op der Autobunn bis d'Limite vun 150 gutt mathalen. Just op naasser Strooss kennt d'Traktioun un hir Grenzen. Awer nees positiv; typesch elektresch héiert een am Leaf näischt, esouguer Wand oder Pneuegeräischer hu se perfekt erausgefiltert. Also éischter een entspanend Fuergefill, zemols wann een déi nei e-Pedal aschalt déi d'Bremspedal iwwerflesseg mécht well een och d'Bremse mam Gasfouss steiert. Wann een sech dru gewinnt huet, eng flott Saach. Schued just dat de Leaf am e-Pedal-Modus gefillt méi dacks d'Bremsen asetzt amplaz iwwert d'Recuperatioun Vitesse ofzebauen. Bei dat relaxt Fuere passt och bäschtens déi relativ konfortabel ofgestemmte Fiederung. A wann ee well, da kennt esouguer Fuerspaass op; de Leaf läit dank de schwéiere Batterien gutt op der Strooss an d'Steierung bitt esouguer e bësse Réckmeldung.
A propos Batterien – beim Thema Elektroauto ass dat natierlech ëmmer de sprangende Punkt!
Dat stemmt – déi am Leaf sinn elo 40 kW/Stonne staark. Voll opgelueden am Eco-Modus ouni Heizung oder Klima versprécht de Bordcomputer ëm déi 250 km Autonomie. Eventuell wieren déi och dran, allerdéngs muss een dann de rietse Fouss an der Gitt halen a wa méiglech op d'Autobunn verzichten. Jenseits vun 100 schmelzen nämlech déi disponibel Kilometeren méi séier wéi ee mengt – eng Expressfahrt Nidderkuer – Kierchbierg kann da schonn 80 km kaschten. Op der anerer Säit léisst et sech mat ronn 200 km am Alldag gutt Liewen. Just beim Oplueden ass ouni Wallbox de Leaf iwwer Nuecht net voll opgelueden, et sief et ass een een 10-Stonnen a méi-Langschläfer. Et gëtt zwar och nach de Supercharger mee deen ass zu Lëtzebuerg rare geséit.
Elektresch fuedert also nach ëmmer e puer Affer, wann och beim neie Leaf der e puer manner – muss een dann och finanziell grouss Affer bréngen?
Do leie mer quasi um Niveau vum Virgänger – minimum 35.332 Euro muss een awer nach opbréngen, de Batterie-Leasing huet Nissan iwweregens ofgeschaft, déi keeft ee lo beim Leaf direkt mat.
An dem Paul séng Fotoen vum Nissan Leaf an natirlech och d’Präisser vun alle Versioune fannt der op auto.rtl.lu