Paul, den Nissan Leaf ass am Fong de Pionéier a sénger Klass?Dat stëmmt, 2010 huet Nissan jo déi éischt Generatioun vun engem emol “brauchbaren” Elektroauto lancéiert; dat heescht kompakt Mossen, Plaz fir 5 Passagéier mat e bësse Gepäck a mindestens 200 km Autonomie. An den Erfolleg koum och; mat 286.000 Exemplairen ass de Leaf aktuell de meeschtverkaften Elektroauto vun der Welt a wéi et schéngt sinn och all d’Clienten zefridden.
An awer gouf et Zäit fir en Nofolger – an deen huet sech zimlech verännert!Jo, den Design war beim Virgänger wierklech eng Saach vum Goût. Entweder war et hui oder pfui, an dofir huet Nissan deen neie Leaf wiesentlech méi gefälleg gemaach. Vu vir ass et zum Beispill dat typescht Familljegesiicht à la Micra a Co, hanne muss ech soen erënnere mech d’Luuchten u Volvo an de schwaarzen Daach dee bis erof an de Mallendeckel gezu gouf, e bëssen un de Skoda Rapid Spaceback. Op jidde Fall ass den Design em Welte méi flott gerode wéi virdrun. Bannendran trëfft dat elo no méngem Goût net esou zou! Hei vermëssen ech e bëssen dat spacegt vum Virgänger; den Tableau ass klobeg an zimlech banal; eenzeg déi zwee Displays lossen op esou een héichmodernen Auto schléissen. Esouguer den digitalen Tacho vum Virgänger huet misse fir eng analog Versioun weechen. Bedénge léisst sech de Leaf awer dofir relativ einfach, allerdéngs erkläert sech de ganzen Infotainment-System net vum selwen; dat kënnen aner asiatesch Marquen wéi z.B. Mazda besser.
Kompakt, 5 Plazen an eng brauchbar Mall – ass dat och bei der Nummer 2 bliwwen?Jo, hei gëtt et am Fong keng gréisser Ännerung – Plaz huet een am Leaf genuch, d’Mall ass mat 435 Liter esouguer de bäschte Wäert a sénger Klass, seet Nissan. Wat sech awer verschlechtert huet, dat ass fir mech emol op jidde Fall d’Sëtzpositioun. Dat speziell ofgeflaachtent Steierrad soll zwar d’Eraklammen erliichteren, verstelle léisst sech d’Rénkel awer nemmen no uewen an no ënnen. En plus ass de Sëtz ze héich a geet net genuch zeréck esou dat d’Steier mir um rietse Bee läit wat natirlech an enke Kéiere just nervt. Ok, ech entspriechen net der Normmoooss, mee aner an esouguer vill méi kleng Autoen bréngen dat awer vill besser fäerdeg.
Also net grad alles besser ginn um neien Nissan Leaf – wéi gesäit et technesch aus?Jo, dat ass wuel déi interessantste Fro déi sech stellt. Dem neie Leaf huet Nissan net nëmme méi Leeschtung, sprech 150 PS an 320 Nm spendéiert mee och eng méi grouss Batterie. Vun 30 klëmmt déi elo op 40 kW-Stonnen. A wat eis do jo am meeschten interesséiert; wéi wäit komme mer domat? Laut NEDC – dem neien europäesche Fuerzyklus sollen et 378 km sinn, Nissan baséiert sech awer léiwer op dee méi realistesche WLTP fir Worldwide harmonized Light vehicles Test Procedure; dee gëtt nämlech 270 km un. A bei eisen Testfahrten läschte Freiden war et wéngt dem kale Wieder och nach e Stéck manner. Domat ass d’Verbesserung zum Virgänger net méi esou grouss. Bon, via Schnell-Lueder sinn no 40 Minutten erem 80% dran, doheem dauert et un enger spezieller Borne awer 6 – 8 Stonnen.
De Problem vun der Autonomie bleift also emmer dee selwechten, wéi fiert sech deen neie Leaf dann?Wee schonn en E-Auto ënnert dem Hënneschten hat, dee kennt natirlech déi Faszinatioun vum geräischlosen an trotzdem sportlechen a liichtféissege Fueren. Dank 30 kW méi geet de Leaf 2 besser vun der Plaz, nëmme 7,9 Sekonne brauch de Sprint op 100. Stéchwuert geräischlos; e rullt elo och méi roueg of, de Motor ass total ofgekoppelt an nëmme bei Vollgas – pardon Vollstroum ass e liicht Summen ze héieren. Ganz nei ass d’E-Pedal-Fonctioun déi am Fong d’Bremspedal iwwerflësseg mecht wëll een alles mam Gasfouss bestëmmt; fueren an och bremsen. Dat fonctionnéiert no kuerzem Agewinnen och ganz gutt. Nei ass och de Pro Pilot, deen zesumme mam Tempomat fir de richtegen Ofstand suergt a via Agrëff an d’Steierrad hëlleft d’Spuer ze halen. Anengems kann de Pro Pilot och am Stau selwer stallhalen an nees ufueren.
Neien Design, nei Technik an de Präis ännert och?Nëmme ganz liicht; ronn 500 Euro sinn elo méi fälleg; ab 32.044 Euro kritt een den neie Leaf mat de Batterien abegraff – d’Locatioun vun den Akku’en ass beim neie Modell nämlech net méi méiglech.
An dem Paul séng Fotoen vum Nissan Leaf an natirlech och d’Präisser vun alle Versioune fannt der op auto.rtl.lu