Automag

Automag: Nissan Qashqai, 10/12/2018


Listen Later

R T L Automag
Méindeg: 10.12.2018
U S O :
...Nissan steet haut am Mëttelpunkt am Automagazin. De Quashqai ass dee beléifste Modell an der Gamme. De Bestseller kritt elo nei Motoren spendéiert, an de Christian Schmit war fir äis op der Presentatioun dobäi...

T E X T :                          ...Nom Motto “A new Level of performence” gouf elo rezent di neiste Motore Generatioun virgestallt. Donieft och eng nei automatesch Boîte, an e neien Infotainment fir  den beléiften SUV. Zenter sengem Debut am Joer 2007 hunn sech bis elo iwwer 80 000 Clienten um Belsch / Lëtzebuerger Marché fir de Japaner décidéiert.
Mee mol schéin der Rei no. Nissan huet deemno d’Motore Palett vum Kompakt SUV iwwerschafft. Bon elo weess een dass déi zum Renault Grupp gehéieren, an och Mercedes bei de Motricen mat Renault kooperéiert. Verschidde Journalisten huet een op der Presentatioun héiere soen: E Quahsqai mat engem Häerz vun Benz.
Bon, wien also elo wéivill Know-How hei bäigedroen huet ass nett gewosst, op alle Fall steet fest, d’A-Klass vun Mercedes huet dee Power och ënnert dem Capot.
1200er an 1600er sinn elo passé. Et ass elo en 1300er 4 Zylinder dee sech zum Dingscht mellt. Dat mat 140 oder 160 PS. An der stäerkster Versioun ass déi och elo mat der 7 Gang DCT, der Automatik mat duebeler Kupplung ze kréien. E grousse Progrès, par rapport zum Virgänger.

Speaker:                                      An déi Automatik konns du och probéieren?

Jo de Rassemblement fir d’Présenatioun op Barcelona war déi Kéier zu Bréissel, sou hat ech Geleeënheet parallel och de Quashqai mat der X-Tronic ze fueren. Dee mat der CVT Boîte, also stufeloser Variomatic.. Déi kennt deenen zu Paass déi eng gemittlech Fuerweis virzéien. Gett déi X-Tronic nämlech gefuerdert, wéi an eisem Fall dann an de belschen Ardennen, dann kennt ee séier an Toure Beräicher vun 4 bis 5000 mat deem entspriechenden Dezibelpegel.
Hunn mir mat deem Motor 7 Liter verbraucht, esou pakt di nei Generatioun Motoren awer eng 6 virum Komma op 100km. Sou dass CO2 Bilanz dann och besser ausfällt.
Den ofwiesslungsraiche Parcours an a ronderëm Barcelona mat Stad, Iwwerland an Autobunn huet dat erëm gespigelt wat een och am Alldag esou erlieft.

Speaker:                         Mierkt een dann elo eng grouss Differenz tëscht 140 an 160 ennert der Motorhauf?

Also éierlech gesot, d ‘Ënnerscheeder falen nett esou enorm aus. Ok en Tic méi Schwonk an elasteschschden Sprint leit dann enner 9 Sekonnen op 100km/h, an Tacho Nol klemmt bis op 200. Och de Verbrauch ass quasi identesch. Bei deem méi schwache Motor sinn et 240Nm Dréimoment bei 1600 Touren, di méi staark Alternativ huet 260 Nm bei 2000 Touren ze bidden. Dat berühmt Turbo Lach bleift leider nett aus.
Mee et freet ee sech soll ech dofir, a fir e bësschen méi Dréimoment  bal 2000 Euro méi investéieren?. Mee d’Argumenter firwat dach vill Clienten den 160 PS staarke Motor wielen leien entzwousch anescht. An zwar dorunner dass just bei deem di ugeschwaten agréabel Automatik ze kréien ass, an dass een dann ëmmerhin 1,5 Tonn zéien dierf. Fir d’DCT Boîte sinn och nach eng Kéier 1600 Euro extra fälleg.
Schued dass et eng 4 X 4 Versioun just a Kombinatioun mam Diesel gëtt an Hybrid Versiounen eréischt beim nächste Modell Wiessel prett dierfte sinn.

Speaker:                                 A punkto Infotainment gouf et och e “refresh”?

Jo well dat schéngt jo mëttlerweil bal méi wichteg ze sinn wéi de Rescht vum Auto. Och hei bleift et bei der Zesummenarbecht mat Tom Tom. De Layout an d’recherche vum Navi goufe verbessert. D’Grafik vun der 3D Kartenopléisung ass elo méi iwwersiichtlech wéi beim Virgänger. Trafic Echtzait Info sinn dran, an dat 5 Joer gratis.
Den Update vun de Karten kennt elo “over the air” , deemno den Download elo direkt am Auto. Nach méi Confort proposéiert dann d ‘Eegeschaft Door to Door Navigation. Well soen: Iwwer eng Smartphone App kann ee schonn doheem seng Destinatioun aginn, an un äre Nissan Quashqi senden.
Soen mir iech dann och nach dass zënter Enn November di Quashqaien mat neiem Power ënnert der Motorhauf an infotain ment ze kréien ass, an d ‘Präislëscht fänkt bei 23.200 Euro un.
Top Versioun an der Business Editioun leit dann awer schonn bei 35 600 Euro ...

Ofso Speaker:                      Merci. A Fotoen vum Nissan Qashqai op der Presentatioun, déi gesinn mir op www.auto.rtl.lu   


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners