_____________________________________________________
Esou Oldtimer-Foiren oder Messen ginn et jo am Joer eng ganz Rëtsch – ech huelen un déi meescht hues du och scho gesinn?
Déi grouss a wichteg Rendezvous’en ouni op Treffen, Spezial Events oder Tier ze schwätzen ze kommen:
Techno-Classica zu Essen
- Feiert elo dest Joer déi 30. Editioun (21/03 – 25-03/2018)
- Rekord 2017: 185.000 Visiteuren aus 41 Natiounen; extrem vill Zoulaf, bal wéi en “normalen” Autosalon à la IAA & Co (810.000 am Joer 2017)
- E ganz wichtege Rendezvous och fir Autosmarken (Klassikabteilunge vu Mercedes, Porsche a Co)
- Och Okkasiounen ausgestallt, mee leider extrem deier
Retro-Classics zu Stuttgart
- Leeft parallel zu Essen (22/03 – 25/03), gëtt et zenter 2000, ass fir mech déi méi sympathesch Alternativ wëll besser Opdeelung vun den Halen, net grad esou grouss an e bësse méi sozial Präisser. Zitt awer elo unn.
- Ca 90.000 Visiteuren, Tendenz no uewen
Bei däitsche Salonen emmer een zevill groussen Undeel vu Marke wéi Porsche a Mercedes, vill Restauratiounsbetriber mat exorbitanter Präisser a Blingbling, net vill fir de klenge Portmonni.
Retromobile Paräis
- Emmer Ufanks Februar, dëst Joer mat 105.000 Visiteuren e bësse manner wéi 2017 (118.000).
- Logëscherweis méi Gewiicht op franséische Marken (besonnesch Citroën, mee och Peugeot & Renault), vill Clibb aus Frankräich an heiansdo och emol exklusiv Expo’en an Eventer wéi Pegaso oder Stee vun de Collections Baillon am Joer 2015 déi fir 25 Milliounen Euro ennert den Hummer koum (Reportage Pascal).
Aner Eventer nach wéi Automania 57 zu Bouzonville, Bourse zu Ciney etc...
Och Oldtimer-Boursen hei heem: Autojumble
- Dëst Joer den 10/03 & 11/03 um K-Bierg
- Gréisstendeels Clibb aus Lëtzebuerg an Ausland, grousse Succès bei de Visiteuren, ëm déi 6000 fannen de Wee dohinner
Oldtimer hunn also och grousse Succès zu Lëtzebuerg, wéi gesäit et mat der Zukuft aus?
Engersäits gëtt et kee Grond fir sech Suergen ze maachen, vu d’Zuel vun de (jonke) Visiteuren bei Salonen a virun allem Treffe bei eis am Land (Oldtimer Breakfast LOF).
Groussen Hype ronderem d’Youngtimer – zwar emstridde bei agefleeschten Oldtimer-Fans, an awer eng (nach) präisgënschteg Alternativ fir ee Klassiker ze fueren.
Anerersäits bekloen Autosmarken a Garagen dat déi jonk sech haut net méi fir Autoen interesséieren, d’Verlaangen sech méi spéit en Auto aus sénger Jugend zouzeleen (déi eigentlech Faszinatioun!), gëtt et ëmmer manner.
Lancementer vun “neien” Editiounen (Fiat 500, Alpine, Mustang, Marke wéi Borgward etc déi eremkommen etc) dréit derzou bäi dat op emol “al” Modeller gesicht ginn.
D’Präiss-Evolutioun dréit och derzou bäi dat den Oldtimer emmer méi zum Spekulatiounsobjet gëtt; en Auto kafen an hale bréngt méi wéi d’Suen op der Bank; Nodeel: vill “Schätzecher” verschwannen an de Garagen a gi mol net gefuer.
Kënnen Autoe vun haut trotz Elektronik a Masse-Produktioun nach zu Oldtimer ginn?