USO: A wéi eng Richtung ginn déi nächst Opel-Modeller? Eng Äntwert op dës Fro gouf et um Autofestival – während zwee Deeg stoung zu Bartréng een interessante Prototyp an de Paul Origer huet sech dee méi genee ugekuckt!
PSA iwwerhëllt Opel – nodeems d'Rüsselsheimer joerelaang ënnert der Fuchtel vu GM stoungen ass elo d'Mammenhaus vu Peugeot a Citroën um Rudder. Bei Fans a Clienten sécherlech e Grond fir vill Froen. Behält Opel seng DNA oder gëtt et just ee Peugeot à la sauce allemande? Genee dorëms goung et bei der Virstellung vun der Etude GT X Experimental; hannendru stécht den Assistant Chief Designer Quentin Hubert, dee gebierteg zoufälleg aus der Noperschaft, vu Sierck-les-Bains kënnt. Déi 28 Joer jonk riets Hand vum Mark Adams erkläert eis de Wee zu dëser Etude:
CUT 1: ExperimentalGTX_01Idée 23“
Ween Opel seet, deen denkt Manta, de Logo mam Blëtz, déi giel Faarf, GSi an net ze vergiessen de legendären Opel GT vun 1968 – abee an déi Richtung, zeréck bei d'Wuerzelen soll et nees goen.
CUT 2: ExperimentalGTX_02Retro&Vizor 37“
Während also am Trend vun den Elektroautoen de Grill ëmmer méi verschwënnt, setzt den GT X Experimental genee erëm op dat Design-Element. Hannert dem esougenannte Vizor losse sech anengems perfekt all d'Equipementer vun den Assistenzsystemer, Kameraen a Radare verstoppen. Vu wäitem soll esou en Opel direkt erëm ze erkenne sinn. Fir de Rescht gëtt et net vill Schichi, alles éischter op e Minimum reduzéiert, e bëssen am Bauhaus-Stil oder wéi d'Produite vun der Mark Braun – esouger d'Elbphilharmonie gouf an de Verglach mat erabruecht; eng zollitt Basis a puristesch uewendriwwer; dat selwecht gëllt och fir bannenan:
CUT 3: ExperimentalGTX_03ElementsPour Futur 40“
Schonn an den aktuelle Modeller sinn d'Sëtzer e grousst Thema, an Zukunft sollen déi sech dem Chauffer nach méi upassen, aktiv an adaptatif. De GT X Experimental u sech ass just eng reng Concept-Etude a wäert esou net produzéiert ginn, obwuel de kompakten SUV am Coupé-Stil bestëmmt gutt ukéim.
CUT 4: ExperimentalGTX_04Etude JusteFirZeWeisen 18“
Eng Zukunft, an déier e neie klenge Coupé wéi d'Etude GT Concept vum leschte Joer keng Plaz wäert hunn, déi däitsch Traditiounsmark Opel awer sécher nees wäert u Perséinlechkeet gewannen.