24/12/2018 AUTOMAG Réckbléck (11h50)
P. ORIGER
___________________________________________________________________
USO: D’Joer geet zum Enn, fir eis Equipe vum Automag och an dofir Zäit fir e klenge Réckbléck mam Paul Origer.
Paul, et kann ee soen, e Joer mat Héichten an Déiwten!
Absolut, an ech géing scho bal soen méi Déiwten wéi Héichten wann een d’Schlagzeilen, déi eis dat ganzt Joer duerch begleet hunn, nach emol zeréckhëllt. Den Ofgasskandal schéint keen Enn ze huelen, Autosmarken, déi hir Cliente veräppelen an dann déi riseg Problemer mat der Ëmstellung op den neie Verbrauchszyklus WLTP. Dee gëllt ab dem 1. September 2018 an ass vill méi opwänneg wëll e vill méi Facteuren wéi z.B. Gewiicht an Ausstattung respectéiert. Zemols däitsch Marke wéi VW an Audi hunn dat total verpennt a kënnen dofir zigdausende vun Autoen net ausliwweren. Konsequenz: den Ofsaz geet massiv an de Keller an d’Cliente si sauer. De laachenden Drëtten an dëser Geschicht ass deen nach net fäerdege BER-Flughafen zu Berlin – wëll op hirem eegene Gelänn d’Plaz knapp ass hunn d’Konzerner fir all hir Gefierer hei masseg Parkplaze gelount.
Mee mir fuere souwisou geschwënn elektresch, da brauche mer jo kee WLTP méi.
Dat ass leider och net d’Léisung vun eise Problemer; d’Unzuel vu Bornen hëllt zu Lëtzebuerg zwar rasant zou, trotzdem humpelen d’Marken nach emmer hannendrun. D’Autonomie ass nach emmer schappeg, verschidden E-Autoen wéi den Nissan Leaf net besonnesch attraktiv am Design oder wéi den éischten Voll-Elektro-Worf EQC vu Mercedes onnéideg schwéier an ze deier. An d’Diskussioun ronderem d’Emissiounen bei der Stroumproduktioun respektiv de Bau an de Recycling vu Batterien fänken ech emol guer net un.
Oh je, dat kléngt jo net optimistesch, mee du bass jo 2018 nees eng ganz Rëtsch nei Autoe gefuer, wat hëlls du do vun Er”fuer”unge mat?
Effektiv waren et elo dëst Joer 24 Autoen, déi ech ennert dem Hënneschten hat, plus nach 3 statesch Präsentatiounen - an dovunner waren 13 Vertrieder aus der SUV-Kategorie. A wann ee bedenkt wat et eigentlech alles gëtt; kleng a kompakt Autoen, Limousinen, Kombien, Cabrioen, Coupé’en, Sportsween – nee, et muss een SUV sinn. Beispill Borgward; di däitsch Traditiounsmark kënnt nees erem a wat bréngen se? Nee, keng sexy nei Isabella – en SUV. Oder deen éischten als E-Auto konzipéierte Benz? Een SUV! Peugeot schéckt séng Vans 3008 a 5008 an d’Pensioun, wat kënnt amplaz? Zwee SUV. Oder Seat start mat der Modellbezeechnung Cupra als eege Mark an 3 mol däerfs de roden woumat? An ech kéint elo esou viru fueren.
Léiwer net, soss gëss de nach vun SUV-Fans gestengegt!
Esou wäit soll et jo net kommen; mee et ginn einfach nach esou vill aner Kategorien déi och Plaz hunn, an deenen ee gutt sëtzt, déi schéin unzekucke sinn an engem op der Strooss keng Angscht maan! Wéi zum Beispill de Volvo V60! Geraimeg, exzellenten Design, aerodynamesch an ouni iwwerflëssegt Gewiicht ennerwee. Oder de Kia Stinger; e Fastback bei deem séngem Design een Häerzklappe kritt an dozou ee potente V6 ennert dem Capot de Soundtrack spillt. Oder üppeg motoriséiert Knallbéchse wéi de Suzuki Swift Sport oder de Hyundai i30N; Autoen déi am stress- a staugeploten Alldag wéinstens e bësse Spaass maachen. Oder e bësse méi brav Autoen wéi Ford Focus oder VW Polo déi eigentlech alles hunn wat een haut brauch fir vun A op B ze kommen an ouni Problem och emol e besse méi wäit.
Mee du hues bestëmmt awer nach ee Coup de Coeur derbäi!
Selbstverständlech an déi sinn natirlech zimlech onvernünfteg wëll se ware méng deierst Testween wat d’Tankrechungen ugaange sinn. Mee si haten allenzwee nach dat ennert dem Capot wat de Sprit a méngen Oderen a Wallung bréngt a leider lues a lues ausstiewt; e décke V8-Motor. Beim Kult-Offroader Mercedes G 500 an de Ford Mustang Bullitt hat ech d’Spritpistoul dacks am Grapp an ech konnt just soen; si waren all Liter wäert!