Automag

Automag: Renault Koleos, 04/12/2017


Listen Later

Paul, ieren ass menschlech a passéiert anschéngend och dir!Majo, hat ech nach viru genee 2 Joer behapt, de Renault Kadjar géing de Koleos ofléisen - abee elo gouf ech eppes besserem beléiert wéi Renault awer nees de Koleos ugekennegt huet.

Deen huet awer net vill mam Virgänger ze dinn?Nee, am Fong guer näischt - hat Renault sech do nach bei sénger koreanescher Duechterfirma Samsung zervéiert, esou huet deen neie Koleos éischter Nissan-Genen, fir genee ze sinn déi vum X-Trail.

Wat ee vu baussen net mierkt?Nee, guer net. De Koleos gesäit 1zu1 aus wéi den Talisman Grandtour, just alles eng Etage méi héich an eng Mooss méi grouss. Nierft typeschem Renault-Design krut de Koleos 2 virun allem e puer cm méi spendéiert. A konkreten Zuele sinn dat emmerhinn 15 cm méi an der Längt dofir awer 1 cm manner an der Breet. An dovunner profitéiere virun allem d'Passagéier an der Reih 2. Been- a Kappfräiheet si scho bal luxuriéis, virun allem op deene chice Setzer vum Initiale Paris léisst et sech gutt aushalen. Wat se awer vergiess hunn, an dat ass wahrscheinlech de Problem vun der Nissan-Plattform; grouss Jonge wéi ech fannen am Koleos keng gutt Setzpositioun. Hei feelen einfach 10 cm Verstellberäich. Ausserdem ass d'Setzgefill ongewéinlech déif an d'Iwwersiicht och nef SUV-like; den Tableau, deen ech iwweregens och net immens flott fannen, baut immens héich. Gutt ennerbruecht ass dann erem d'Gepäck - 565 Liter, domat kennt d'Vakanzecharge gutt ennerdaach.

Vill Nissan am Renault Koleos - bei de Motoren ass et wahrscheinlech net anescht?Bon, den Diesel aus eisem Testauto, den 2 Liter mat 175 PS mecht den Tour duerch bal all Modellreihen - am Koleos géing ech soen ass et de Minimum! Emmerhinn gellt et 1700 Kiloen ze beweegen an domat huet dee relativ neelege 4 Zylinder genuch ze dinn. Bon, ech hat mech wierklech net op e Freedefeier u Fuerspaas agestallt, mee der Gees den Hutt of deet déi stufenlos Automatik - déi och bei Nissan agesaten X-Tronic ass fläit confortabel, mee soss fannen ech keng Argumenter dofir. Zackeg enzwousch erausfueren oder viif teschebeschleunegen - vergiess et. Bis d'X-Tronic sech décidéiert huet, kanns de relax nach e Kaffi schlürfen, an zwar ee groussen. Och de Verbrauch ass keng Bäschtleeschtung, éischter 10 wéi 9 Liter rauschen duerch. Wäit ewech vu 5,9 Liter Wierksdonnée. Wat de Koleos kann, dat ass konfortabel fiederen wat besonnesch op laange Strecke gutt deet. Graff Lächer ginn awer e bessen trampeleg verschafft, nees eng kleng Erennerung un d'Nissan-Basis. Typesch Renault ass dann erem den Infotainment; e besse verstoppte Menuen, den Touchscreen deen net gutt réagéiert an d'Sproochsteierung déi mech net gutt versteet, do gett et nach Saache besser ze maan.

Da bleift nach d'Rechnung ze maan!Déi ass zimlech selbstbewosst; bei ronn 31.000 start et, top motoriséiert an équipéiert wéi eisen Testauto sinn awer éischter tescht 37 an 42.000 Euro fälleg. Do kritt ee bei der Konkurrenz zum Beispill schonn eng besser Automatik a méi kultivéiert Motoren.

An d'Fotoe vum neie Renault Koleos ginn et wéi gewinnt och, zLOLOesumme mat de Präisser vun alle Versiounen op auto.rtl.lu
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners