Automag

Automag: Tesla Y Performance, 01/12/2025


Listen Later

Dat kléngt jo da scho mol no vill Leeschtung, mee wéi performant ass den US-Amerikaner da soss nach esou.

Jo kaum eng aner Mark war di lescht Zäit esou an de Schlagzeilen wéi TESLA. Gouf zäiteweis esouguer zum Politikum. Mee hei konzentréiere mir eis op den techneschen Know How. TESLA ass jo eigentlech déi Mark déi d’Elektromobilitéit a grousse Stéckzuelen virugedriwwen huet.

Wat ass dann elo anescht un deem Modell Y an der Performence Versioun?

Also dee neien Model-Y-Design erkennt e gläich u senge chicen beliichten Liicht Läischten vir an hannen. Dat bleift, éischter am Detail ginn et Ënnerscheeder, mat dezente Spoilere vir an hannen. An och e bëssche Carbonfaser gëtt spendéiert. E speziellen Performence Emblème, an d’Spigele bausse si schwaarz lackéiert.

A bannenan dann och eng Spuer méi sportiv, oder?

Jo do sinn et effektiv Sport Sëtzer mat guddem Säitenhalt. Och hei kënnt Carbon an den Asaz, an d’Brems a Gaspedal am Aluminium. Den zentralen Ecran ass elo méi grouss mat besserer Opléisung. Gefall hunn eis och de riesegen Panorama Glasdaach, Akustikverglasung, a Sëtzer déi och hannen elektresch verstallt kënne ginn. Och de Réck, wann emol méi muss transportéiert ginn. Trotzdeem, fir mäi Gôut ass den Interieur ze steril an ouni Séil.

A bei de Fuerleeschtungen gëtt elo méi gebueden?

Also interessanterweis um Pabeier fir d’éischt emol manner. Vun 514 PS elo op 460 PS. An awer ass d’Accéleratioun op 100 elo mat 3,5 Sekonnen e Sput besser, 250km/h Spëtzevitesse wäre méiglech, a virun allem konnt d’Autonomie duerch Verännerunge bei der Batterie a Wirkungsgrad ëm 60km zouléeen. De Verbrauch vun 17kw/h geet an d’Rei, genee wéi dass mat 250kw ka geluede ginn. Den Tesla Model Y Performance Dual Motor an Allrad steet op chicen opfällegen 21-Zoll-Felgen déi "Arachnid 2.0" gedeeft goufen, de Clou ass hei eng integréiert Aero-Läischt. D’Bremsen a Fuerwierk goufen upgepasst. Awer och Fiederung a Stabilsateuren. Den dach 2 Tonne schwéieren TESLA léisst sech nawell am Alldag spilles beweegen, mat agreabeler Lenkung a Réckmeldung fir de Chauffer. Wéi sportlech e wëll ënnerwee sinn kann, wéi esou zimmlech alles, um Touch Screen ofgeruff ginn.

Wat kascht dann den TESLA Model Y Performance?

Hei wéilt een dann op manst 62 990 Euro iwwerwise kréien. D’Fuerf Ultra Red schléit eleng scho mat sëftegen 2 600 Euro extra zu Buch.
Wéivill Euro engem déi extra Performence wäert ass, muss jiddereen da fir sech decidéieren.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

1 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners