R T L Automag
Samschdeg: 05.05.2018
…an haut Christian Schmit sammele mir am Automag. Déi Kéier awer elo keng Autoen, oder Motoen, Trakteren, oder soss Gefierer, mee Miniaturautoen, Autozeitungen an Auto Prospekter.
T E X T :
… jo och dat kann eng Passioun ginn, am Verglach mat deenen déi Timberen oder Mënze sammelen awer éischter eng rar Kommunautéit. Ech hunn esou e Personnage kennegléiert, …jo an dat zu Wolz, deen huet do seng Vintage Garage. Wat gehéiert do alles dran?
(Cut 1…) 16sec
Do staunst de nett schlecht wann een déi gewisen kritt. Also Plaz fir en Auto ass do kaum nach. De Germain Wagner ass e leidenschaftleche Sammler. Ass frou mat aalen Autoen, mee d’Passoioun ass eng aner. Dat goung schonn als klengen Dëbbes lass, an den Schokela vun Jacques war Schold drun…
(Cut 2…) 21sec
An de Mann huet och nach an der Kollektioun deen Album mat deem alles ugefaang hat?.
Kloer, déi dierf nett feelen. Bis op de leschten Zentimeter ass déi Vintage Garage gefellt, an de Kellerraum niewndrun gouf och elo schon mat bai geholl…
De Problem ass nämlech dass esou en Archiv vill Plaz ewech hellt. Well do ass nett alles am DIN A4 gedreckt ginn, asn esou passt nett alles an de Leitz Classeur. Doweenst mussen dann Këschten ugeschaaf ginn.
Mee dat hällt de Sammler nett dovun of. Op Wikipedia fennt een eraus dass est esou Sammler wéi eise Lëtzebuerger, därer an Daitschland zu e puer Honnert sinn déi och e Faible fir d’Sammele vun Autosprospekter hunn, weltweit sinn et der e puer Dausend.
Dee Mann huet alles, vun A wéi Audi bis Z wéi Zagato ass alles do. Ganz besonnesch houfreg ass een op ganz al Prospekter vun Marquen déi schon laang nett méi gett: Talbot, Minerva, Vanguard oder Berardino Soubal en Auto dann nett méi gebaut gett, jo dann avancéiert dat vlaicht banalt Prospekt zum kulturhistoreschn an technikgeschichtlechen Dokument. Zielen dann zum Automobilia Archiv, Germain Wagner?
(Cut 3…) 55sec
Dozou geselle sech dann nach eng impressionant Sammlung vun Miniaturautoen.
Do derbai Policautoen aus allen Häre Länner, Brauerei’s Camionen mat original Logo vum Béier an e sellechen rar Oldtimer.
Speaker: So mee ginn et dann iwerhapt nach Prospekter, haut fennt ee jo och all Marque um Internet?
Jo dat stemmt. All Marque bidd haut de Car Configurator un, do kann’s du dain Draam Auto dann selwer zesummestellen. Faarwen, Felgen, an allméiglech Accessoiren, an zum Schluss gett och de Prais affichéiert.
Mee trotzdeem huet d’Prospekt och weiderhin Bestand. Hat emol an engem groussen Concessionnaire Multi Marques nogefrot , an do krut ech confirméiert dass déi vun all Marque a Modell Brochuren am Showroom ausleien hunn.
Speaker: an eise Sammler vu Wolz dreemt och nach vun engem Objet a senger Kollektioun wat nach feelt?
Jo hei ass et awer grad emgedréint, d’Prospekt an d’Bedienungsanleitung huet e schon, mee de Modell feelt nach vum Opel GT
(Cut 4…) 25sec
Mee deemnächst gett an der Vintage Garage dem Propriétaire sai ronne Gebuertsdag gefeiert, vlaicht klappt e jo bis dohin mam Cadeau, wann och just am 1:33 oder 1:43 als Spillauto.
Mee e raren Youngtimer konnte mir dann awer beim Germain Wagner bewonneren, e Subaru deen just 25 000 mol gebaut gouf?
(Cut 5…)
Speaker: An déi Auto Prospekter goufen dann iwwer Joren zesummegedroen. Klappt een do Garage fir Garage oder wéi…
Neen de Collectionneur war natirlech op ville Foiren, an do goufen et laang Aerm fir all di Katalogen heem ze schleefen.
(Cut 6…)
Ech hunn mech natirlech och gefrot wat ass esou eppes wert. Mee anescht wéi bei Mënzen oder Timberen gett et keng Leschten a Schätzungen. Also éischter eng Fro vun Offer an Demande.
A ganz zum Schluss dann nach dat hei. Et gett eng öffentlech an digitaliséiert Sammlung, an déi kann ee consultéieren an der Sächsischen Landes, Staats, und Universitätsbibliothek zu Dresden.
Ofso Speaker: Ok a Fotoen vun der Vintage Garage zu Wolz, déi kucke mir eis op www.auto.rtl.lu un.