Polestar: eigentlech e Rennteam, schaffe scho méi laang mat Volvo zesummen, hu verschidde Courseautoen fir d’Schweden entwéckelt, an hunn dunn iergendwann ugefaangen och Serienautoen e bëssen ze tunen. Viru kuerzem huet Volvo du Polestar ganz opkaaft, an dat ass elo quasi hiren Haustuner, esou wéi AMG bei Mercedes.
An och wann ee bei Volvo net direkt u Sport denkt... an der Vergaangenheet gouf et schonn deen een oder anere sportlechen Highlight, viru Joeren huet mech de V70 R wierklech beandrockt... An d’Schweden fueren och am Moment an der Tourewon-Weltmeeschterschaft, a leien do mam Björk Thed esouguer aktuell un der Spëtzt vum Klassement. Volvo a Sport, dat ass vlàicht ongewinnt, mä näischt komplett neies.
Fänke mir vir un. E sportlechen Auto muss sportlech ausgesinn!
Definitiv emol opfälleg: d’Faarf vun eisem Testauto. Déi selwecht Faarf wéi de Courseauto an der Tourewon-Weltmeeschterschaft: hellblo, oder „Cyan Racing Blue“ wéi se offiziell heescht. Dann 20 Zoll Felgen, e Spoiler um Mallendeckel, also den üblechen opteschen Tuning, ouni awer z’iwwerdreiwen. Du hues virdrun de skandinaveschen Design ugeschwat, Volvo bleift och bei senge Polestar-Sportmodeller ganz stilsécher, a wiem déi hellblo Faarf zevill ass: et kritt een och méi dezent Lackéierungen.
Da kucke mir ënnert de Capot. Ass do genuch „Damp“?
Wanns Du mech frees: et feelt en Zylinder. Leider kee 5-Zylinder, mä och Polestar huet sech nëmme mat 4 Zylinder dierfen austoben. 2-Liter, dee klassesch getunt gouf, also Turbodrock erop, Kompressor dobäi, Nockenwellen e bësse geschärft... d’Resultat sinn 367 Päerd Leeschtung a 470 Newtonmeter Dréimoment.
Dat misst duergoen?
4.7 Sekonne vun 0 op 100... Soss... Ech wees net, op ech ufänke bornéier ze ginn, mä dat huet mech net wierklech beandrockt. Jo, kräftege Motor, virun allem mëttleren Dréizuelberäich ass genuch Power do, mä iergendwéi erwaarden ech mir vu knapp 370 Päerd nach e bësse méi. Mä den S60 Polestar weit 1750 Kilo, an do verpuffe schon emol e puer Päerd...
A mierkt een dat Gewiicht och beim Fueren?
Definitiv! Liicht awer offensichtlech Tendenz fir z’ennersteieren. Den S60 dréckt iwwert déi viischt Rieder. D’Fuerwierk ass optiméiert, alles e bësse méi haart a méi direkt, mä de Speck op den Hëften kritt een net ewech diskutéiert... Et giff een sech och wënschen, dass beim Allrad e bësse méi Power un déi hënenscht Rieder geet...
Wann ech dat mat engem Audi S4 vergläichen, deen leeschtungs- a präisméisseg op engem ähnlechen Niveau läit, da kann de Sport-Volvo bal, awer net ganz mathalen.
Deng Conclusioun?
Bei Präisser vun 63'600 Euro fir den S60 a 65'000 Euro fir de Kombi V60, gëtt d’Loft natierlech zimlech dënn. Et ass kee schlechten Auto, mä et mierkt een einfach, dass d’Basis net méi déi jéngsten ass. Och den Intérieur ass net méi ganz zäitgeméiss, Mini-Ecran, vill haarde Plastik, et ass e Volvo vum ale Schlag... Mä et mecht definitiv Loscht op méi. Mir freeën eis schon op den nächste Polestar!