Automag

Automag: Volvo V60, 10/09/2018


Listen Later

PAUL KËNNT LIVE

USO: Volvo fänkt emmer grouss un; bei den SUV’en koum den XC90 virum XC60, no’m V90 ass et dann elo um V60 – an der gehuewener Mëttelklass e wichtege Kandidat. De Paul Origer hat de Volvo V60 am Alldagstest.

Paul, en plus ass et e flotten Zoufall wëll du wars bei der Présentatioun vum Virgänger och schonn derbäi?

Ganz genee an deen hat a sénger ganzer Karriär ee grousse Problem; e war zwar immens flott, mee Plaz bannenan hat e keng. Zum Beispill d’Mall war méi kleng wéi bei monchem Auto aus der Kompaktklass.

Wëll wann ee Volvo seet, dann denkt een u fréiher, déi quadratesch praktesch Kombien wou extrem vill eragepasst huet?
Voilà; de V60 ass jo och d’Kombiversioun an den direkte Konkurrent vun A4, 3er an C-Klass an deen huet am Verglach mam Virgänger zollitt zougeluecht. Zwar liicht méi schmuel, dofir awer 13 cm méi laang an 10 cm méi Radstand: Elo kann een och zu 4 am V60 reesen ouni sech ageengt ze fillen, vir souwisou mee och hanne sinn d’Sëtzer konfortabel ausgeformt, Kapp- a Beefräiheet ginn absolut an d’Reih. Just fir d’Féiss gëtt et ganz enk wa Fuerer a Copilot gäre sportlech déif sëtzen. D’Mall huet am V60 dee gréisste Sprong gemaach; vu schappege 430 op elo uerdentlech 529 Liter ass déi gewuess, dobäi komme kleng praktesch Détailer wéi eng 12V-Steckdous esouwéi Kreep an Ösen fir Gepäck unzestrécken.

Also ee prakteschen Auto – obwuel jo bei Volvo och den Design net ze kuerz kënnt?
Nee, et ass scho scho bal normal dat all neie Volvo och optësch erem gelongen ass. Dat ass beim V60 net anescht. Genee wéi beim grousse Brudder V90 hu se ouni vill Gedeessems nees eng elegant Linn hikritt. Besonnesch banne gefällt e mer ganz gutt. Just e puer Oflage méi hätt ech mer gewënscht an dee ganz hellen Interieur vun eisem Testwon géing ech Famillen net onbedéngt recommandéieren; dat quasi wäisst Lieder ass secher kee Frënd vun neie bloen Jeans an Iessgewunneschten am Auto.

De grousse Kombi fir d’Famill, ideal fir déi grouss Rees?
Natirlech; a punkto Confort hu se alles richteg gemaach; nidderegt Fuergeräisch, eng wierklech gelonge Fiederung – do hunn ech näischt ze meckeren. Wann ee Suen huet, da kann ee sech och gäer den Top-Soundsystem vu Bowers&Wilkins oder de Panoramadaach leeschten. Genervt huet mech awer wéi bei dene läschte Volvo-Testautoen den Infotainment iwwert deem säin Touchscreen ee bal alles am Auto steiert; onnéideg muss een do an d’Sous-Menu’e wulle goen a verléiert domat d’Konzentratioun op d’Strooss – BMW a Mercedes weisen dat daat och anescht a besser geet.

An a punkto Motorisatioun?
Iwwert déi hat ech mech am Ufank gefreet; den Topbensinner T6 mat Allrad, Automatik an 310 PS, déi Volvo per Kompresser an Turbo aus nëmmen 2 Liter a 4 Zylinder quetscht. An do läit den Hues am Peffer; der Motor-Boîte-Kombinatioun feelt et net u Leeschtung mee un Harmonie; de 4-Zylinder brauch héich Dréhzuelen wat dacks zu ruppege Schaltvirgäng féiert. Och baut e séng Leeschtung net gläichméisseg mee vill ze explosiv op a kléngt dobäi ugestrengt; ech fannen net dat daat bei esou een Auto passt. Ausserdem ass en ze duuschtreg; amplaz vun deene versprachene 7.6 war enner 10 Liter kaum eppes ze maachen – alt erem de Bewäis dat den Downsizing just um Pabeier eppes bréngt.

A propos Pabeier; wat seet d’Präislëscht?
Wéi erwaart ass och de V60 kee Schnäppchen; 34.000 Euro sinn de Minimum, eisen Testwon war eng voll Hütt fir ca 64.000 Euro.

An dem Paul séng Fotoe grad ewéi d’Präisser vum neie Volvo V60 ginn et natirlech och, ze fannen op auto.rtl.lu

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners