05/11/2018 AUTOMAG VW e-Crafter (11h50) P. ORIGER
USO : Den Elektroauto gehéiert scho quasi zum Alldag, elektresch Bussen gesäit een och emmer méi, elo lancéiert VW deen éischten Transporter dee mat Stroum leeft. De Paul Origer war fir eis bei der Présentatioun vum VW e-Crafter derbäi.
Paul, a si sinn domat déi éischt!
Jo, wëll nach virun engem gudde Joer krute mer beim Haptkonkurrent Mercedes laang a breet d’Zukunft vum Wuerentransport, besonnesch déi esougenannte Last-Mile-Delivery, also de Wee bis bei eis heem, gewisen an dat si och un engem Elektro-Transporter schaffen. Mee eréischt elo komme se lues a lues domat.
E groussen Transporter mat Elektroundriw – mécht dat Sënn?
Déi Fro stellt een sech zu Recht wann ee weess dat de Problem mat de Batterien nach emmer net geléist an d’Autonomie nach emmer mickreg ass. En plus ass den e-Crafter e groussen Transporter; knapp 6 Meter laang an 2m60 héich mat engem Volume vun eppes iwwer 10 Meter Cube, also déi Gréisst déi ganz vill vun Déngschter genotzt gëtt déi eis d’Päck aus dem eCommerce heembréngen. VW huet bis an den Détail studéiert wat hir Clienten fir dësen Job bréichten an dofir iwwer 210.000 Fuerprofiler analyséiert. Et stellt sech eraus dat esou ee Gefier 6 Deeg an der Woch, 9 Stonnen an ca 70 km pro Dag leeft, dobäi awer tescht 50 – 100 mol stoebleiwe muss, dat zu 85 % an de Stied an héchstens emol 90 km/Stonn séier. Duerno steet den Transporter mindestens 15 Stonnen bis en nees an de Gebrauch kënnt.
Also genuch Zäit fir ze lueden!
Genee; den e-Crafter ass genee op dëse Besoin zougeschnidden; säin Elektromotor leescht 100 kW oder 136 PS a packt theoretesch 173 km, réell ca 120 – 130 an am Wanter mat Heizung a Co em déi 100 km. Sinn d’Batterie platt, dann dauert et un enger normaler 230 V - Dous nawell laang; 17 Stonnen sinn do néideg, un enger Wallbox sinn et der alt nëmmen 5h an 20 Minutten, de Schnelllader packt 80 % a 45 Minutten. A fir nach e bësse mat den Zuelen virun ze fueren; 21,5 kw/h Stonne gëtt VW als Verbrauch un, dat entsprëcht ongeféier 2,1 Liter Diesel. Dat ass awer net aleng de Virdeel; den Elektroundriw ass och ideal fir an Emweltzonen oder eben Stadzentren wéi London oder Paräis déi entretemps Verbrennerautoen mat Taxe strofen oder carrément ausspären. Aner Virdeeler sinn d’Geräischlosegkeet an natirlech den nidderege Verschläiss, dem Elektromotor ass et egal ob e 50 oder 100 mol den Dag un- an ausgemaach gëtt.
Wéi fiert sech dann esou een Elektrotransporter?
Ma ähnlech wéi een Elektroauto; d’Beschleunegung ass mat 290 Nm zwar elo net op Tesla-Niveau, mee et geet absolut duer fir am Stadverkéier zügeg matzeschwammen. A genee do fillt den e-Crafter sech pudelwuel; den Auto berouegt enorm; kee Kaméidi, kee Gedeessems mat Kupplung oder Schaltung an och d’Brems brauch ee wéngt der Rekuperatioun net ze dacks. Dobäi kënnt ee grousse Gewënn u Confort; am Wanter ass den Auto dank gehëtzter Frontscheif, Sëtzheizung an enger Wärmepompel direkt op Temperatur, am Summer kann een den e-Crafter virklimatiséieren.
Dat kléngt jo alles positiv – also keng Nodeeler beim Elektro-Transporter?
Naja, dat héicht Gewiicht vun de Batterien reduzéiert d’Zouluedung; 970 – 1720 kg packt en, je nodeems ob 3,5 oder 4,25 Tonnen. Wahrscheinlech schreckt virun allem awer de Präis of; ronn 71.500 Euro sinn eng Uso an ee Supplément vu 17.000 Euro op ee gläichwäerteg équipéierten Diesel. Do muss den Entrepreneur schonn zimlech gutt rechnen fir dat dat proppert Gewësse sech lount.
An natirlech kënnt der ierch den neien e-Crafter och ukucken. Dem Paul séng Fotoe vun der Présentatioun zu Hamburg fannt der op auto.rtl.lu.