USO: Aktuell ass all fennefte VW een SUV – wann den Trend unhält kennt geschwënn all zweete Volkswon aus dem Crossover Segment. A fir gutt opgestallt ze sinn gëtt d'Gamm ausgebaut; No Touareg, Tiguan an T-Roc ass et elo un deem klengsten, dem T-Cross. De Paul Origer war fir eis bei der Weltpremière zu Amsterdam derbäi.
Paul, den T-Cross ass awer net deen éischten?
Nee, de Seat Arona war am Fong deen éischten SUV op der MQBA-0-Basis. Mee vill VW-Clienten waarde sécher scho ganz treih op de VW-Vertrieder. An dee placéiert de Gigant aus Wolfsburg däitlech als Lifestlye-Produit. Op der statescher Présentatioun zu Amsterdam goufen nämlech net vill Wieder iwwer Technik oder Motore verluer, mee et goung hapstächlech em Design a Stil. An domat soll den T-Cross seng Clienten lackelen. Baussen e bëssen Touareg mat e bësse Design -Bling-Bling wéi d'“Double Feature Line“ - eng Blechfal an de Flanken a breet Schelleren, dat duerchgezunnent Reflektorband hannen oder déi typesch fir VW breet C-Sail. A wéi et fir e SUV muss sinn; grouss Rieder, betounte Radkeschten an deen „mat-mir-kenns-de-iwwerall-duerch“-Look.
A wann's de vu Lifestyle schwätz, bestëmmt vill Méiglechkeete ze personnaliséieren!
Ganz genee – Mini huet jo scho bewisen dat esou eppes immens gutt zitt an d'Clienten gären dofir Suen ausginn. Beim T-Cross huet een dann och d'Qual der Wal; 12 Faarwe baussen, verschidde Felgendesigns, zwee esouguer am orangen oder petrolblo, verschidde Blenden fir den Tableau wat si da ganz moudesch „Dashpads“ nennen, dozou déi passend Setzbezich, Steierrieder, Mettelkonsol a Baussespigelen. Et kann een also schonn e bësse méi Zäit wéi soss aplangen wann ee säin T-Cross bestelle geet.
Mee ech huelen un dat fir dech och aner Wäerter gezielt hunn!
Esou ass et. Den T-Cross ass 5 cm méi laang wéi e Polo an 12 cm méi kuerz wéi den T-Roc – Resultat ass op nëmme 4m11 erstaunlech vill Plaz déi een och nach variéiere kann. Eng ëm 14 cm verréckelbar Bänk léisst engem d'Wiel tëscht méi Beeraum oder méi Mall, je nodeem op hanne Kanner setzen oder Erwuessener – deementspriechend huet d'Gepäck tëscht 385 a 455 Liter zur Verfügung. Oder wann et mol an d'Miwwelgeschäft soll goen, da kann ee fir laang Stécker de Bäifuerersetz emklappen. Dat alles gouf et scho bei anere Marken mee ass awer trotzdem gutt, dru geduecht ze hunn. Genee wéi aner Opmierksamkeeten wéi eng Handyoflag mat USB-Uschloss hannen, Tiräng ënnert de viischte Setzer etc. Wat awer och direkt an d'A spréngt ass dee grujelege, kneppelhaarde schwaarze Plastik um Tableau, nierft deem ganze Styling-Gedöhns ass dat en zimlech bellege Kontrast. Dofir retten déi grouss Ecran'en fir déi optional digital Instrumenter an den Infotainment den Niveau am Banneraum nees e bëssen.
Du gees schonn e bëssen op den technesche Beräich an – do huelen ech un dat villes aus dem bekannte Programm kennt?
Jo, de Polo huet jo scho quasi alles matbruecht, ob Assistenzsystemer, déi normalerweis just a méi héighe Klassen ze fanne sinn oder d'Motoren – den T-Cross iwwerhellt déi natierlech och. Ënnert dem Capot fanne mer Bensinner an Diesel mat tëscht 95 an 150 PS, natierlech och mat DSG awer - ouni Allrad,an dësem Segment anscheinend net gefrot. Wat natierlech och net felt, ass zimlech sécher erëm eng laang Optiounslescht mat deene verschiddenen Ausstattungslinnen a villen Optiounen wéi z.B. dem neie dem 300-Watt-Soundsystem vu beats.
Ze fuere gouf et den T-Cross jo nach net – Präisser sinn och nach keng bekannt?
Nee, mee et kann een awer mat tëscht 17 an 18.000 Euro fir de Basismodell rechnen.
Nach keng Präisleschten mee dofir awer scho Fotoen; dir fannt dem Paul séng Gallerie vum VW T-Cross wéi gewinnt op auto.rtl.lu