Am Automag vun haut steet de Ford Fiesta am Mëttelpunkt. Ford Performance huet sech dee Kompakten ënnert den Nol gerappt an ëm e bësse méi Pepp verpasst. Den Akim Schmit aus der Automag Equipe ass dofir bei eis an der Ronn. An du wees méi...
- wien haat 1982 schon de Führerschain?
- Draam vun Teenager
- Ford Fiesta XR2
- Ee vun den éischten Kompakten mat Power
- Liicht, wendeg, flott ze kucken a bezuelbar
- Leeschtung haut e Witz: 84 Päerd, 10,1 s 0-100 an 170 km/h séier
Haut heeschen d’Sportler bei Ford net méi XR mee ST an RS... mee daat ännert awer naischt un der Iddi déi dohannert stecht.
- Ford -> Traditioun u sportlechen Mini’en
- 2018 ass et erëm esouwaït
- Fiesta ST
- Net just eng Ausstattungslinn mat opteschem Bling-Bling
- Badge um Kühlergrill versprecht Leeschtung
Ka Ford daat Verspriechen dann och aléisen?
- Marketing dréiht déck op
- Mee net oflenke loossen
- Mech interesséiert éischter d’Fiche Technique
- Eckdaten: 200 Päerd,, 6,5 Sekonnen Sprint op Tempo 100
Wann ech mech net ieren haat de Virgänger, de Fiesta ST200 schon 200 Päerd. Also ass deen Neien guer net esou nei oder?
- Leeschtung alleng net alles
- Mussen méi an den Detail goen
- 200 Päerd jo -> MEE e komplett neie Motor
- Ford bekannt fir Downsizing
- Am ST -> 1,5 Liter Ecoboost-Motor
- huet 1 Zylinder manner wéi säi Virgänger
- Amplaz 4-Zylinder just nach 3!
- An och just wa se gebraucht ginn
Daat muss de mer awer elo méi genee erklären...?
- Stéchwuert ass Zylinderofschaltung
- Wa wéineg Leeschtung gebraucht gëtt -> 1 Zylinder entkoppelt
- Muss also net bewegt ginn, manner Reiwung –> manner Verbrauch
- Gëss de Gas -> 3. Zylinder direkt erëm do (14 ms)
- Schon am 1.0-Ecoboost Motor zum Asaz koum
- Hei nei -> Sportsmaschinn mat 200 Päerd
Ford gett am Automag oft si seng excellent Chassis’en geluewt. Ech ginn dovun aus, dass d’Ingénieuren et sech och do nët huele gelooss hun fir Hand unzeleeën.
- richteg, nach e puer kleng Stellschrauwen fonnt
- .... Fuerwierksfiederen déi d’Kraft dynamesch verdeelen
- optional Differentialspär
- dobai Fuerprofiler: Sport an Track
- beaflossen d’Gaspedallinn / d’Steierrung / de Sound
Mir hunn et also net méi mat enger Spillsach ze dinn. Wéi fiert sech den Fiesta ST dann um Makkadamm
- am Resumé: e mecht richteg Spaass
- d’Stroosselag excellent, fiert wéi op Schinnen
- als Chauffer spiers de waats de ënnert de Rieder hues
- d’Steierrung gett genuch Feedback
- d’Boîte ass kuerz a knackeg ze schalten
- d’Bremsen paaken uerdentlech zou, kéinten awer méi grouss dimensionéiert sinn
Also e ganz positiven éischten Androck vum Fiesta ST. Ma nierft der Rennmaschinn huet Ford awer och méi e gemittlechen awer net manner aktiven Fiesta am Programm. Rieds ass vum Fiesta Active. An dee gouf et esou nach net.
- Active -> nei Linn bei Ford
- Focus,
- Trend zum SUV ongebrach
- Fiesta Active -> Leit deenen de Kuga ze grouss ass
Dobai ass de Fiesta jo awer e klengen Auto. Kann daat gutt goën?
- Dierfs net mengen kriss richtegen 4x4
- SUV’en wéinst aaneren Grënn kaaft
- Fiesta Active = Crossover
- Gréisst Ännerung -> knapp 2 cm méi héich geluecht
- Bréngt méi Buedemfräiheet + méi héich Sëtzpositioun
SUV’en ginn awer och oft wéinst der Sécherheet kaaft. Huet Ford de Fiesta Active dann och an dësem Beraich entspriechend verbessert?
- Wann Secherheet = Allrad heescht, dann net
- Elektronesch an d’Trickkëscht gegraff
- Fuerprogrammer fir rutscheg Stroossen (ESP Agrëff)
- Ennert dem Stréch = méi héich Sëtzpositioun (dréiht dozou bai)
- Nach aaner Virdeeler -> eran/eraus klammen + Mall belueden méi liicht
Op de Fotoen gesait een dann och direkt den Ënnerscheed zum gewéintleche Fiesta. E wierkt oballefall méi zolitt!
- Optesch méi robusten Optrëtt
- Méi Plastikverkleedungen un de Radkëschten
- Aaner Stoussfänger vir
- Bannendran zeréck gehaalen
- Bis op faarweg Applikatiounen + Kontrast-Néiht un de Sëtzer naischt geännert
D’Praisser an d’Fotoen vum Ford Fiesta ST an Active op auto.rtl.lu