De Martin Rajniak huet Lëtzebuerg de Réck gekéiert, a lieft zu Bratislava, wou hie mat engem Kolleg zesummen eng Fashion Boutique huet.
Hien ass also quasi „back to the roots“, well am Alter vu 7 Joer koum hie mat senger Famill vu Bratislava op Walfer. Nodeems säi Papp, de Peter Rajniak, mat der Tschechoslowakei Vize Europameeschter gi war, hat deen e Kontrakt bei der Résidence Walfer ënnerschriwwen.
De Martin huet seng éischt Schrëtt am Basket zu Walfer gemaach. Ass du mam Stader Racing Champion ginn, fir am Joer 2000 an d'USA ze goen.
2004 huet hie säin Dram vun enger Profi-Carrière realiséiert.
Spuenien, Norwegen a Frankräich waren d'Statiounen.
Beim Basket Esch huet hien, 2013, am Alter vun 35 Joer, d'Schong un dee berühmten Nol gehaangen.
Elo war de Moment komm fir e Liewen nom Sport. An et sollt e Liewen ouni Sport sinn.
CUT 1
Mat Bratislava hat hie gutt Erënnerungen, a gutt Kontakter:
CUT 2
Bratislava ass net déi mondän Groussstad, an den Ufank war net ouni Risiko:
CUT 3
Mat Basket huet de Martin net méi vill ze dinn. Déi 2 Titelfinallen tëschent Steesel an de Musel Pikes huet hien awer um Livestream gekuckt.
CUT 4
De Kontakt mat Lëtzebuerg ass awer nach ëmmer do
CUT 5
De Basket huet dem Martin Rajniak vill ginn, Regret’en huet hien awer keng
CUT 6
Ee Basket-Wonsch huet de Martin nach.
CUT 7
Dat nächst Joer kritt de Martin 40 Joer, dat wier dach e Cadeau.