Golden State Warriors haten zolitten Drock op de Schëlleren, virun de Playoffs huet praktesch jiddereen si als Topfavoritt op den Titel gesinn.
Ma si sinn den Erwaardungen méi wéi gerecht ginn.
An de Finals gouf et eng däitlech 4-1 Victoire géint de grousse Konkurrent Cleveland.
Déi eng Néierlag an dëser Serie war déi eenzeg an de ganze Playoffs, do stellt sech dann guer net méi d'Fro op deen Titel verdéngt ass, den RTL Expert Ken Diederich.
CUT
Am leschte Match vun der Finale hat d'Cavs duerchaus ee gudden Optakt, an d'Warriors haten am éischte Véirel schonns Problemer mat Feeler, ënnert anerem hire beschte Spiller, de Kevin Durant war schonns frei gewarnt an hat am zweete Véirel zolidd Chance.
CUT
Apropos Kevin Durant, hien ass jo virun der Saison bei Golden State gewiesselt, ass jo zanter Joren ee vun de 5 beschte Spiller an der NBA ma huet an de Playoffs gewisen datt hien déi schonns super Equipe vun de Warriors op een aner Niveau gehuewen huet, sou de Ken Diederich.
CUT
Trotz der Néierlag muss een och den Lebron James ervierhiewen, de Superstar an dee wuel beschten Spiller op der Welt huet op mannst a punkto Statistiken sech vun der allerbeschter Säit gewisen, Diskussioun op hien nach méi héich anzestuufen ass wéi de Michael Jordan muss een awer staark relativéieren, sou de Ken Diederich.
CUT
De Fall gesat haut wier een originale Rebound, wier et elo Zäit fir de Sproch vun der Woch.
Ee Kandidat wier mat Sécherheet do de Kevin Durant deen op der Presskonferenz nom gewonnen Titel schonns liicht de Beier gespuert hat an dat de Presseleit och gäer matgedeelt huet.
CUT