Automag

BMW X4, 08/10/2018


Listen Later

Du kënns haut mam neien X4. Dobäi ass et mir, wéi wanns Du eréischt gëschter hei gewiecht wiers, fir iwwert déi éischte Generatioun ze schwätzen?
Effektiv, no 4 Joer war den Haltbarkeetsdatum fir den X4 wuel schonn ofgelaf. Dat huet virun allem wirtschaftlech Uersaachen. BMW huet fir den X3 eng nei Plattform entwéckelt, an do ass et méi bëlleg ginn, och beim X4 elo schonn op déi nei Technik ëmzestellen, amplaz déi zwou  Plattformen parallel ze produzéieren. A ganz éierlech, ech mengen, et war kee Feeler, den éischten X4 no nëmme 4 Joer an d’Pensioun ze schécken…

Dat kléngt net, wéi wanns Du e grousse Fan dovunner gewiecht wiers?
Mat deene ganze Coupé-SUVS kann ech net d’office net vill ufänken, ech verstinn de Sënn net wierklech, mä den alen X4 war en plus och nach zimmlech pummeleg a bieder geroden… Ech hat ëmmer den Androck, wéi wa BMW iergendwann realiséiert hätt, dass se do nach e Lach an hierer Gamme hätten, an dass den X4 du séier zesummegeschoustert gi wier… Deen neien X4 wierkt, wéi wann d’Designer méi Zäit gehat hätten, fir e flotte Coupé-SUV op d’Rieder ze stellen.

Wat gefält Dir da besonnesch drun?
En ass 8 Zentimeter méi laang, minimal méi breet, awer grad esou niddereg. Dat heescht déi ganz Silhouette wierkt méi laang gestreckt, do wou den ale Modell bëssen disproportionéiert ausgesinn huet, wierkt deen neie wéi aus engem Goss. En ass elo wierklech elegant. An dann huet BMW och endlech op d’Kritik un hirer Finitioun reagéiert. Do hu se an de leschte Joere probéiert e bësse Suen ze spueren, an dat ass der Clientèle zimlech negativ opgefall. Ech weess net, op se elo wierklech méi Suen an hir Autoen stiechen, oder op se et nëmme besser verstoppen, wou se gespuert hunn, mä den X4 huet de „Premium“-Stempel elo erëm verdéngt.

Wéi praktesch ass dann esou e Coupé-SUV?
Et ass eben do, wou ech mäi Problem mat där Kategorie vun Auto hunn… Et schleeft een onnéideg Kilo mat, nëmme fir cool auszegesinn, ouni dass een am Alldag eppes dovunner huet. Mä bon, d’Mall ass akzeptabel grouss, op der Réckbänk huet ee einigermoosse Plaz, mä et muss een de Kapp beim Eran- an Erausklamme schonn zimlech anzéien. En X3 ass do sécher méi praktesch, vun engem 5er Touring guer net ze schwätzen…

Mä den X4 fiert sech wahrscheinlech e bësse méi sportlech. Dat misst Dir gutt gefalen?
Effektiv, de Schwéierpunkt ass natierlech méi niddereg, d’Fuerwierk gouf dann och e bësse Richtung Sport getrimmt. Op der Strooss kann een dem X4 näischt reprochéieren. Ausser dass en ze schwéier ass, méi liicht wéi de Virgänger, awer mat 1800 Kilo schleeft en nach ëmmer zevill Luxusspeck ronderëm.
A wat wierklech schued ass, do kinnt ech all Kéiers kräischen, wann ech mat engem moderne BMW fueren, dass ass deen iwwerdriwwenen Downsizing.

Downsizing? Elo geet et wahrscheinlech ëm de Motor?
Ech hat den 30i. Dat war emol e flotte 6-Zylinder-3-Liter-Bensinner. Elo ass et e Véierzylinder Turbo. 252 Päerd. Keen neie Motor, mä et brécht mir ëmmer erëm d’Häerz, wann ech domatter fueren. E geet zwar korrekt, et ass een net ënnermotoriséiert, mä en huet Null Charme, de Klang ass miserabel, et ass alles mà keng Freed um Fueren. A méi spuersam wéi den ale 6-Zylinder ass en am Alldag och net. Den eenzege valable Motor ass wahrscheinlech den Diesel 30d, deen huet nach seng 6 Zylinder.

Manner Zylinder, heescht dat och manner Euro?
Schwéi wier et! D’Präisser fänke bei knapp 48‘000 Euro un, fir e banalen 20i. En 30i kascht minimum 55‘000 Ticketen. No uewe ginn et keng Limiten. Eisen Testauto huet mat e puer klengen Optiounen un den 80‘000 gekraazt. Dat si vill Suen, a wann ech esouvill Suen fir ausginn, da wëll ech op d’mannst 6 Zylinder hunn!

...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

AutomagBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like Automag

View all
Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

2 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners