RTL - Carte Blanche

Carte Blanche, 01/02/2019


Listen Later

Si mer um lénken A blann ?
Trump, Bolsonaro, Orban, Salvini … Bei deenen Nimm leeft et wuel de meeschten Nolauschterer kal de Réck erof. Mir geet och d’Héngerhaut aus, wann ech un den onberechenbare rietslastegen amerikanesche President denken, deen eng Virléift fir fake news a Grenzmaueren huet. Dem neie brasilianesche President Bolsonaro seng Aussoen iwwert d’Militärdiktatur a sengem Land sinn erschreckend. De Victor Orban fir säin Deel ass net nëmmen am Gaang de fräiheetlechen an demokratesche Rechtsstaat an Ungarn ofzeschafen, mee e bedéngt sech och a sengem Privatkrich géint den George Soros an der wuel primitiivster antisemitescher Geschirkëscht. De staarke Mann vun der neier italienescher Regierung, den Inneminister Salvini, ass wuel e Schreckgespenst fir all Mënsch, deen nach iergendeppes empfënnt, wann en um Radio héiert, dass erëm x Mënschen am Mëttelmier erdronk sinn.
Mir wäerten eis also zimlech alleguer eens sinn, wéi ofstoussend mer déi uewe genannte Personnagen, hir Iddien a Politike fannen.
Wann ech Iech dann elo aner Nimm nennen, wéi reagéiert dir dann? Dragnea, Ortega, Chavez, Maduro? Wat kënnt eis spontan an de Kapp, wa mer un dës Leit denken? De Liviu Dragnea ass wuel fir déi meeschten Nolauschterer onbekannt, obwuel hien de staarke Mann a Rumänien ass. Seng Attacken op de Rechtsstaat sinn duerchaus mat dem Orban senger Politik ze vergläichen. An dann den Daniel Ortega, de legendäre Chef vun de Sandinisten am Nicaragua? Wéivill honnert Doudeger gouf et am Kader vun der politescher Repressioun am Nicaragua an de leschte Méint? Den Hugo Chavez, dee verstuerwene President vu Venezuela, e Mann deen et anscheinend gutt mat sengem Vollek gemengt huet, sou wéi säin Nofolger den Nicolás Maduro? Virwat gëtt et eis net och schlecht bei deenen Nimm? Firwat sinn dës Leit net op eisem Radar, wéi de Liviu Dragnea, während de Victor Orban permanent an de Medie geschleeft gëtt? Firwat huet een an de leschte Wochen ëmmer an iwwerall dem neie brasilianesche President seng topeg a geféierlech Deklaratioune gelies, mee näischt, oder net vill, iwwer déi extrem brutal Repressioun am Nicaragua mat e puer honnert Doudegen? Firwat gesinn esou vill Leit déi bluddeg an diktatorial Realitéit am Venezuela net?
Déi Hären Trump, Bolsonaro, Orban a Salvini hu gemeinsam, dass een se kann an e rietsnationalisteschen Eck areien. Dragnea, Ortega, Chavez a Maduro gehéieren zu der lénker politescher Säit. Firwat ginn déi lescht genannten net als dat gesinn, wat se sinn, nämlech Politiker, déi de Rechtsstaat wëllen ofschafen, respektiv bluddeg Diktatoren? Firwat si mer um rietsen A sou alert, a mat Recht, an um lénken A sou blann?
Ech riichten dës Fro och u mech selwer. Firwat hat ech als Jugendlechen e Poster vum Che Guevara, engem unerkannte sadistesche Massemäerder, an der Kummer hänken a firwat wier ech ni op d’Iddi komm mer de Portrait vun engem faschisteschen Haudegen opzehänken?
Et ass mer e Rätsel, wou dësen Ënnerscheed an der Perceptioun vun enger rietser oder enger lénker diktatorescher Realitéit hierkënnt, mee et gëtt Zäit, dass mer domat ophalen.


...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

RTL - Carte BlancheBy RTL Radio Lëtzebuerg


More shows like RTL - Carte Blanche

View all
L'édito éco by France Inter

L'édito éco

14 Listeners

Nouveau monde by franceinfo

Nouveau monde

6 Listeners

Géopolitique by France Inter

Géopolitique

192 Listeners

Kommentare und Themen der Woche by Deutschlandfunk

Kommentare und Themen der Woche

9 Listeners

RTL - Carte Blanche by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Carte Blanche

0 Listeners

Journal (Radio) by RTL Radio Lëtzebuerg

Journal (Radio)

1 Listeners

RTL - Background by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Background

0 Listeners

Déckkäpp by RTL Radio Lëtzebuerg

Déckkäpp

0 Listeners

Automag by RTL Radio Lëtzebuerg

Automag

0 Listeners

Presseschau by Deutschlandfunk

Presseschau

10 Listeners

L'édito politique by France Inter

L'édito politique

26 Listeners

Charline explose les faits by France Inter

Charline explose les faits

25 Listeners

Panorama by radio 100,7

Panorama

0 Listeners

Invité:e vum Dag by radio 100,7

Invité:e vum Dag

0 Listeners

RTL - Invité vun der Redaktioun by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Invité vun der Redaktioun

0 Listeners

RTL - Presseclub by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Presseclub

0 Listeners

On the Record - Reporter.lu by Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

1 Listeners

RTL - HitStory by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - HitStory

0 Listeners

Kloertext fir ze lauschteren by RTL Télé Lëtzebuerg

Kloertext fir ze lauschteren

0 Listeners

Podpurri - mir schwätze Kultur! by RTL Radio Lëtzebuerg

Podpurri - mir schwätze Kultur!

0 Listeners

RTL - Econews by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Econews

0 Listeners

RTL - Sproochmates by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Sproochmates

0 Listeners

RTL - Flunkernews by RTL.lu

RTL - Flunkernews

0 Listeners

RTL - Lecture vun heiheem by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Lecture vun heiheem

0 Listeners

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen

0 Listeners

Wocheréckbléck by RTL Radio Lëtzebuerg

Wocheréckbléck

0 Listeners

RTL - Nogehaakt by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL - Nogehaakt

0 Listeners

Fro un den Affekot by RTL Radio Lëtzebuerg

Fro un den Affekot

0 Listeners

Ausgeschwat by RTL Tëlee Lëtzebuerg

Ausgeschwat

0 Listeners

Nospillzäit by RTL Radio Lëtzebuerg

Nospillzäit

0 Listeners

RTL inteam by RTL Radio Lëtzebuerg

RTL inteam

0 Listeners